Virun enger Woch hat de François Aulner op dëser Plaz fir eng Reform vum Index a vun de Steiere plädéiert. Et gouf vill konstruktive Feedback an d’Iddi polariséiert. Dowéinst kënnt den Auteur an dësem Commentaire nach emol gär dorobber zeréck.

Commentaire Index / Deel 2 - François Aulner

D’Iddi vun engem gedeckelten (oder forfaitären) Index geet dorobber zeréck, datt bei all Tranche jiddereen zwar prozentual gesinn dat selwecht bäikritt (2,5%), an absolutten Zuelen ausgedréckt an iwwert Zäit, den Ecart tëscht de méi klengen Akommes an deene méi groussen auserneeklafft.

Eenzel Nolauschterer hunn eis geschriwwen: d’Präisdeierecht betrëfft déi kleng a grouss Revenuen d’selwecht. Egal wéi vill ee verdéngt, fir sech kënnen eppes ze leeschten, wat duebel sou vill kascht, muss de Revenu och duebel méi grouss ginn. Jo, dat ass och richteg, mä ech bleiwen dobäi: de Problem ass, datt no all Indextranche, déi niddreg Akommes sech d’Liewen hei am Land ëmmer manner kënne leeschten. Dat well d’Präisser jee no Produit anescht klammen. Virun allem de Logement, deen net integral am Index-Wuerekuerf ass, spillt hei eng wichteg Roll.

Mä ok, kommt mir begruewen den Ament erëm de gedackelten Index. Wéi suerge mir dann anescht dofir, datt d’Schéier tëscht Räich an Aarm net weider auserneegeet an ëmmer méi Leit, déi schaffen, ausgeschloss ginn? Wa mer net iwwert d’Evolutioun vun de Gehälter schwätzen, da schwätze mer emol iwwert d’Besteierung. Virausgesat d’Recettë vum Staat ginn net fir e Militärsatellit verpolvert, mä a Stroossen, Schoulen a Spideeler investéiert, kann ee jo vun engem Konsens ausgoen, datt Steiere legitim sinn.

Ronderëm de Bräi

Lëtzebuerg huet am Géigesaz zu ville Länner eng extra Progressivitéit an de Steieren, mä de Spëtzesteiersaz hält bei 200.000 respektiv 400.000 Euro d'Joer op. An "Oh Wunder" huet ee mer geschriwwen, kee Mënsch bezilt de Spëtzesteiersaz hei am Land. (*)

(*Laut Conseil économique et social bezuelen awer puer Dausend Leit de Spëtzesteiersaz, wat och een Drëttel vun de Recettë vun de Steieren op de Revenu vu physesche Persounen ausmécht.)

Wann deem wierklech sou ass, da muss ee mir erklären, wéi et Leit ginn, déi sech eng Maison de maître vun 3 Milliounen Euro kënne leeschten? Ah da si mer effektiv erëm bei der Akkumulatioun vum Verméigen a bei der Fro vun der Kapitalbesteierung. Hei am Land ass d’Grondsteier lächerlech niddreg an et gëtt keng Verméigenssteier fir privat Persounen a keng Ierfschaftssteier an direkter Linn. Op der anerer Säit spille favorabel Regimmer fir Stock Options an Dividenden an ee favorabelt Societéitsrecht (Stéchwuert „Fonds d’investissement spécialiés“) haaptsächlech deenen, déi Verméige schonn hunn, an d’Kaarten a si fir kleng Akommes, dacks essentiell Beruffer, inaccessibel.

Ech bleiwen och hei dobäi: et gëtt scho vill ze laang vill ze vill ronderëm de Bräi geschwat. 1990 hat d’Spezialkommissioun Logement virun enger Sozial-Kris gewarnt. 1990! All kéiers wann d’Politik mam Schlagwuert kënnt, de Logement wier eng Prioritéit, kënnt dat engem vir, wéi eng Dosis Endorphine. D’Politik traut sech net systemesch oder strukturell ze handelen, well d’Hausse vun de Präisser deene meeschte Wieler profitéiert. Déi kleng Besëtzer fille sech direkt mat attackéiert, wa rieds geet vu Mesuren, déi Grouss-Besëtzer cibléieren. An der Tëscht kommen „Ultra High Net Worth Individuals“ oder ëmmer méi Investisseuren aus dem Ausland Immobilien hei an d’Land shoppen, Grouss-Besëtzer konzentréieren ëmmer méi hire Besëtz, eenzel Immobilienagente rappe sech horrend Kommissiounen ënnert de Nol (onfair vis-à-vis vun den éierlechen Agenten). Ech kéint virufueren, mä wéi gesot: d’Politik, mä och hir Wielerschaften, deenen et materiell gutt geet, musse sech bewosst sinn, datt d’Ongerechtegkeetsgefill bei ville Leit weider wiisst.

Et mussen elo endlech eng ganz Rei Parametere reajustéiert ginn, fir e Lëtzebuerger Model um Liewen ze halen, an all Mënsch hei am Land eng Perspektiv ze ginn. D’Chancëgläichheet tëscht all de Mënsche muss erëm op d’mannst e bësse retabléiert ginn. Elo wou Verdeelungskämpf wéinst der Corona-Wirtschaftskris virprogramméiert sinn, gi Floskelen einfach net méi duer. Nee zu Polemik, mä jo zu kontroversen Diskussiounen iwwert de Bräi. Also iwwert d’Lounentwécklung an d’Steieren.

**Den Auteur schreift bewosst „gedackelt“ an net „gedeckelt“ als Allusioun op de Feierkrop, deen 2013 d’Iddi vum deemolege Premier Jean-Claude Juncker, satiresch als „gedackelten Index“ vernannt hat.