Gebongt, d'Bayern sinn also Geeschtermeeschter an déi léif Séil, meng, déi sech heiansdo fir Futtball interesséiert, déi kéint sech elo op d'Säit leeën a weiderschlofen, e bëssen enttäuscht, datt déi Dortmunder net esou richteg dergéintgehalen hunn, mä nu je, Fric regéiert die Welt a weider mam Jabel.

Corona-Blog vum Nico Graf (19)

An awer feelt mer eppes: De Bistro, wat soen ech, de Restaurant oder esou eppes dertëschent. En heescht „bella“ –  de Numm hunn ech hei fräi erfonnt, e soll nëmmen italieenesch kléngen. Et ass, soe mer, esou eng Boîte mat Sauna a Squash an Tennis an eben och Restauratioun. A mat eben och de néidege Kontrakter mat de néidegen Televisiouns-Gesellschaften. Wat een haut esou brauch, fir live Futtball op der Tëlee kënnen ze kucken. A fir de Client, dee keen Abo um Himmel huet an och net an der Tsoon, och hei nëmme keng Schleichwerbung, fir deen also mat Futtball ze lackelen an him Béier a Wäin a Pizza a Schnitzel ze verkafen.

An duerfir hänken do dann eng hallef Dosen Televisiounen iwwer den Dëscher an de groussen Ecran ass e bësse méi grouss wéi eng Ping-Pongs-Plack. Duerfir ass deem Ecran säi Bild e bëssi ze hell an onschaarf an d'Serveuse lafen ëmmer duerch dat Bild. Dat gehéiert awer schonn zum Charme vun der Lokalitéit. Mam Virus vermëssen ech genee all déi Saachen, déi mer an deem Bistro ëmmer op de Sou gaange sinn. Wann ech erëm eng Kéier schwaach gi war an Champions- oder Bundesliga kucke gaange sinn.

Ech vermëssen se also: déi verschweesste jonk Koppelen, déi sech hire Wee duerch d'Gewulls virum Comptoir drécken, fir vum Squash-Court an d'Dusch ze goen. Den ale Mann, mat deem enorme Bauch, deen en totale Futtballsspezialist ass an dat och jidderengem laudenhaart matdeelt - hie war fréier Trainer an huet esou Spréchelcher drop à la „das ist Fußball“. Oder déi 3. Ekipp alte Herren aus dem lokale Veräin, déi e ganze laangen Dësch bestallt a besat hunn an alleguer Bayern-Fans sinn, just deen een net, mat deem se de Geck maachen. An ech vermëssen et, datt, wann de Gol fält, déi eng jubiléieren an déi aner bedrëpst ënner sech kucken an eng Schlupp huelen. An d'Fra, déi ëmmer nieft hirem Knëff - dee mat der Goldkettchen ëm den Hals - sëtzt a sech langweilt a probéiert, mam Fils ze schwätzen, deen och mat ass an a säin Handy stuerkt, ëmmer.

An all déi Leit, déi 5 Minutte virum Schluss vum Match séier séier bezuelen, fir nom Match net mussen éiweg op d'Rechnung ze waarden, well da jidderee bezilt. An de Geroch vun all deene Pizzaen, déi musse verdréckt gi wärend dem Match. An och d'Jonge mat de Styropor-Këschten, déi sech duerch d'Leit drécken, well si de Pizza-Liwwer-Service assuréieren. Oder déi eeler Herrschaften, déi um Enn si mat hirem Stand-Tennis a frësch geduscht froen „Wie steht´s?“

Si alleguer an ech och ware mat dem Virus verschwonnen, de Bistro wochelaang zou. A bleiwe fir mech verschwonnen. Well ech keng Loscht hunn an dee socialgedistancen hallef eidele Bistro ze goen, e Geeschterspill ze kucken an do dann d'Gedrécks a Gewulls ze vermëssen an iwwerall wiere Still fräi, wa se iwwerhaapt dierften do stoen.

An deen Typ, deen ëmmer liicht getierkelt ass a sech um Humpe festgehalen huet a mer priedegen wollt, déi houeren Auslänner géifen Europa ënnerwanderen a géifen Deutschland umvolken, dee vermëssen ech net.