De Coronavirus huet iwwer Méint déi komplett Welt an Otem gehalen. Eng Pandemie, déi ee bis haut net iwwerall an de Grëff krut, esou zum Beispill och an den USA. Mä am Land vun den onbegrenzte Méiglechkeete schéngt de Coronavirus vergiess. D’USA hunn nämlech aktuell nach ee weidere grousse Problem. Nämlech eng gesellschaftlech Pandemie, mengt de Yannick Zuidberg an engem Tëscheruff.

Den trageschen Doud vum George Floyd schléit héich Wellen. De 25. Mee ass de 46 Joer ale Mann ëm d'Liewe komm, dat duerch e Polizist. D'Affer en Afro-Amerikaner, de Polizist ee Wäissen. Et ass net déi éischte Kéier, dass en Afro-Amerikaner duerch onnéideg Police-Gewalt ëm d'Liewe kënnt.

Viru bal 6 Joer ass den 18 Joer ale Michael Brown aus engem Viruert vu St. Louis vun engem Polizist erschoss ginn. Nëmmen eent vu ville Beispiller. Och deemools koum et zu landeswäite Protester.

An all där Zäit huet sech awer leider kaum eppes geännert. Nach ëmmer ginn et all Joer dausenden déidlech Fäll vu Police-Gewalt.

De Fall George Floyd huet dës Debatt elo nees lassgeléist. All Dag an all Nuecht kënnt et zu Protester an déi fänken deels och un auszeaachten. Natierlech sinn et grad déi Aktiounen, déi de ganze Mouvement an e gewaltätegt Liicht réckelen.

Et ginn awer och méi wéi genuch Beispiller fir friddlech Protester. Ënnert anerem de Jong vum Affer, de Quincy Mason Floyd, huet d'Demonstranten dozou opgeruff, friddlech ze bleiwen. Ee ganz wichtegt Zeechen a Richtung Autoritéiten.

Och op de soziale Medien huet een en Dënschdeg gesinn, wéi vill Mënsche sech Fridde wënschen. Ënnert dem Hashtag #blackouttuesday sinn eleng op Instagram bis en Dënschdeg den Owend iwwer 15 Millioune Posts zesummekomm.

Millioune Mënschen hunn deen oder aner Hashtags benotzt, e schwaarzt Bild gepost an domat den Affer vu Rassismus a Police-Gewalt geduecht.

Duerch de Mouvement Black Lives Matter, deen et zënter 2013 gëtt, soll sech dat u sech änneren.

Bei de Protester an den USA geet et awer riicht weider. D'Poliziste setzen Tréinegas géint d'Demonstranten an, dat an enger Zäit, wou eng Longekrankheet omnipresent ass. De Sproch „Ech kann net ootmen" kritt domat nach eemol eng ganz aner Bedeitung.

Et musse méi streng Reegele fir d'Police-Optrieden hier, dass dat méiglech ass, weist ënnert anerem d'Stad San Francisco, wou d'Reegele fir Poliziste vill méi streng sinn an do huet dat Wierkung gewisen. Leider ass dat nëmmen eent vu wéinege positive Beispiller.

2015 hat den deemolege President Barack Obama sech och fir méi streng Reegelen agesat. Säi Successeur huet dat awer nees réckgängeg gemaach. De Problem fänkt wuel schonns ganz uewen un.

Mä och d'Populatioun brauch en Ëmdenken. Net nëmmen an den USA, mä iwwerall op der Welt, och bei eis. Et muss ee seng Stëmm erhiewe géint Rassismus an dat net nëmmen elo. Rassismus geschitt op ville Plazen op vill Aart a Weisen an dacks gëtt e mol net erkannt. Et muss ee sech informéieren, sech bedeelegen a sech bewosst maachen, dass ee selwer en Deel vun der Léisung ka sinn. Jidderee kann a muss hëllefen haut, muer, an enger Woch, ganz einfach all Dag.