Et huet ee jo seng Naupen an Illusiounen. Vu mengem Papp hat ech eng Agfa Isolette a spéider eng Yashica Lynx zwar net geierft – hien huet jo nach gelieft – mä awer kritt. An zanterhier halen ech mech a schwaache Stonne fir e Fotograf. Wat ech net sinn. Och wann ech emol eng Dunkelkammer hat – de Vergréisserer war aus Polen matkomm, huet Krokus geheescht an d’Routliichtresultater waren – nu jee.

De Blog vum Nico Graf (23): Coronaknips

Heiansdo entwéckelen ech a mengem koppege Kapp awer eng Foto-Iddi. Meeschtens eng seriell. Dat geet esou: Ech kéint jo Graffitie fotograféieren an dokumentéieren an déi wieren 20 Joer duerno interessant. Oder ech kéint al Reklammen, soe mer en la douce France, fotograféieren (ech evitéiere mordicus dat Wuert „knipsen“) an déi al Reklammen, déi géif iergendeen eng Kéier schéin dokumentéiert fannen. Aus deenen abstruse Grënn hat ech och d'Iddi entwéckelt, d'Händschen ze fotograféieren.

Lo net iergendwellech Händschen. Mä déi, di op de Stroossen dorëmmer leien. Se fale mer op: heiansdo si se faarweg – kee weess firwat - heiansdo si se einfach wäiss an heeschen Aids-Händschen – déi eeler ënner eis wëssen nach wat d'Aids-Panik war – oder et si Schaffhändschen, also där aus déckem Stoff a mat Lieder, déi vum Chantier kommen oder vum Daach oder aus der Schmelz oder vum Auto-Mécanicien, a grad déi gefale mer absënns, elo net ästhetesch mä souzesoen ideologesch. Well wéi all déi aner Händsche gesi se aus wéi Hänn, déi dorëmmer leien, ofgeschnidden Hänn, arem Hänn, amputéiert, verluer gaangen. A grad déi Schaffhändsche gesinn och nach aus wéi wa Proleten se verluer hätten, soe mer de Steemetzer oder de Schräiner oder de Schlässer -  e bësse Sozialromantik muss sinn. N’empêche, déi Händsche beréiere mech besonnesch, erziele vun Aarbecht, vu Réckewéi, gesinn aus wéi déck verschafften Hänn, déi verluer gaange sinn. An um Bord vun der Nationale x oder vun der Autobunn y leien, well se vum Camion oder vun der Camionnette gefall sinn. Ech hat mer virgeholl, se ze fotograféieren, an zwar als Serie. An egal wéi geféierlech d’Ëmstänn wieren. Stoe bleiwen, de Fotoapparat huelen, vun der verluerener Händsch 5 Schrack zeréckgoen, Foto, eng méi fir an d‘Serie.

Et gëtt eng Fotografin, déi huet esou eppes mat doudegen Déieren am Verkéier – road-kill – gemaach. Et gëtt e Fotograf, deen huet dat mat däitsche Fändelen am Stroossegruef wärend der WM gemaach. Firwat net ech mat Händschen?

D’Iddi – esou farfelue se schonn ëmmer war – ass dëser Deeg definitiv gestuerwen. Well iwwerall leien Händschen. Si erziele guer näischt méi vun Aarbecht oder vum Tanken oder vun Aids oder vun net-opgepasst-an-d’Händschen-op-den-Auto-geluecht-a-gefuer: Si erzielen nach just vum Virus. Alleguer deselwechten Text. An et fënnt ee se op all Parkplaz, se sinn net verluer gaangen, mä ewech gehäit ginn. Si ginn nieft de Caddie gepucht, nieft den Auto, bei der Sortie vum Supermarché, nieft den Drecksbac. A se leien do bis d'Gerante oder de Gerant mierkt, datt der do ze vill leien - wéi gesäit dat aus? -  a se ewechraume léisst. Se si rout a blo a blatzegwäiss, verdruddelt. A si erzielen nëmmen, datt se net méi gebraucht ginn, well de Mënsch grad aus dem Buttek erauskomm ass. A se hunn Famill: d'Masken, d'Boken, de Mund-Nasen-Schutz, deen och iwwerall läit a genee dat selwecht erzielt.

Ech héieren a liesen elo, déi vill Händschen an déi vill Maske wieren e reellen Ëmweltproblem, well se net all am Kiwwel landen, mä der vill am Waasser an am Buedem, an de Plastik an déi komplizéiert vernéite Stoffer, déi sinn e massive Recycling-Problem, wa se iwwerhaapt an deen Zyklus kommen. Déi meescht landen um Summerwee oder an de Flëss an dann am Mier.

Ech fotograféiere se net, nee, nee, blöd Iddi.