Am Confinement waren der nawell vill ze gesinn op de Stroossen a Pisten uechtert d’Land : Vëlosfuerer.

An den Nopeschlänner a Stied gouf et en änlechen Succès, deem mat deels provisoresche Projeten Rechnung gedroe gouf, fir datt de Cyclist sech sécher vun A op B konnt beweegen. Zu Lëtzebuerg allerdéngs feelt et um néidegen Engagement, fënnt d’Claudia Kollwelter a sengem Commentaire:

Vu Budapest iwwer Mailand, Vancouver, Paräis oder New York – wärend dem Confinement sinn uechtert d’Welt Kilometeren u sougenannten „Pop Up Bike Lanes“ entstanen. Duerch provisoresch Markéierungen um Buedem krut de Cyclist méi Plaz op der Strooss.

Zu Lëtzebuerg war vu sou Initiativen whrend dem Confinement leider näischt ze héieren oder ze gesinn– et konnte een zwar ouni Problem op der Strooss fueren, well einfach vill manner Trafic war, ma mat der Reouverture vun de Chantieren a Schoulen huet dat Bild allerdéngs och erëm séier geännert.

Am Juni gouf dunn de „Vëlossummer“ vum Mobilitéitsminister Bausch an Tourismusminister Delles ugekënnegt, deen awer séier vun 16 annoncéierten gespaarten Strecken, op nëmmen nach 7 geschrumpft ass. Dovun ass eng just weekends an eng aner just ee Weekend vum Mount August gespaart, eng Partie Strecken, wann een dat dann iwwerhaapt nach sou nenne kann, sinn net méi wéi 1km laang. Dat ganzt léisst also ze wënschen iwwreg.

D’Iddi dohannert war d’Lücken am Reseau vun de Vëlosweeër z‘iwwerbrécken. Aktuell zielt de Reseau ronn 600km, bis 2020 sollten et der 1.100km sinn. Realistesch ass dat och bis zum Enn vum Joer net.

Bis et souwäit ass kéint awer mat provisoresche Pisten geschafft ginn. Wéi et aktuell am Ausland ze gesinn ass, kéinten d’Parkplazen zum Deel eliminéiert ginn, fir dem Vëlo Plaz ze maachen oder breet Stroossen esou agedeelt ginn, datt de Cyclist net just déi riets Extremitéit vun der Piste mat Auto, Bus oder Camion deele muss, mee seng eegen Plaz huet.

Ech si mer bewosst, datt dat heescht datt een dem Auto eppes forthëlt – wat sécherlech deem een oder aneren en Dar am A ass – mee wann een d’Mobilité douce promouvéiere wëll, da kann een dem Lëtzebuerger säi Liiblingsgefier nu mol net weider an de Virdergrond stellen, dat wier e Widdersproch!

Visuell missten d’Strecken, op al oder nei, vill méi an d’Ae stiechen, fir datt souwuel den Automobilist, mee och de Foussgänger kloer gesäit, datt déi Plaz fir de Cyclist geduecht ass. Iwwert d‘Faarf, ka sech mengetweegen tëscht de Regierungsparteien gestridde ginn!

Och d’Stad Lëtzebuerg kéint sech e Beispill un auslännesche Groussstied huelen. Wann Bréissel et zanter Joren fäerdeg bréngt, en autofräie Sonndeg z’organiséieren, da misst eis Haaptstad an där sonndes souwisou praktesch keng Autoen cirkuléieren dat dach och hikréien.

D’Chiffere weisen, datt ëmmer méi Leit Vëlo fueren. Dovu misst profitéiert ginn, fir och kuerzfristeg Initiativen ze ergräifen, déi net just de Kaf vun engem Vëlo duerch eng Primme fërderen, mee déi och d’Fueren domat méi einfach a sécher maachen.