Ech ginn et zou: Ech hunn d’Doudesannoncen an den Zeitunge gekuckt - net normal fir mech.

Dat huet eng Geschicht: D'Giedel nämlech, esou hu mer se genannt, kee weess firwat, well si war jo d'Groussmamm oder eng al Fra. Herno hu mer geléiert, marraine oder Patin, mä dat huet näischt explizéiert. D’Giedel huet an der Zeitung intensiv nëmmen eng Rubrik gelies: d’Annoncen, also déi vun den Doudegen. Nëmmen, well de Bouf a Russland bliwwe war, hunn ech spéider geduecht, wéi ech mer méi schlau virkomm sinn.

Blog (29) vum Nico Graf

An dann huet si kommentéiert: 56, och keen Alter, fir ze stierwen. Hei kuck emol de Jang vun Hueschtert, elo ass deen och dout. Lange und schwere Krankheit, ëmmer dat Gesabbels, firwat schreiwe se ni d'Wouerecht. Oh, ech ginn op den Elleklöppel - sot si, wann hir alles ze vill war. A mir Kanner hunn eis gefrot, wat si dann do wéilt. Um Elleklöppel. Oder op der Rumm. Oder beim Jesus. Do hate mer wéinstens iergendwéi eng Anung, also vum Jesus. Mä d’Rumm?

Dëser Deeg hunn ech also d'Annonce gekuckt a keng eenzeg gesinn, wou Virus oder Corona drastoung. Mä ech hu se jo net all gesinn, sorry, léif Social-media-Kritiker, ech Frontalier weess et net besser. Anyway: esou vill Doud war ni an esou vill Verdrängung och net.

D'Jeunesse dorée feiert. Esou genee verstinn ech dat net. Oder dach e bëssen. Et gouf dat schonn zu Aids-Héichzäiten: do gouf erzielt, datt wéi bennzeg dorëmmer ge- , soe mer gefeiert gi wier. Wéi wann Alk, Sea, Sex and Sun eng Barrière géint den Doud wieren. Tanz auf dem Vulkan, da verschwënnt deen.

Et huet net fonctionéiert. Deemools net, an haut gëtt et erëm probéiert. Näischt geléiert.  Hades an Dionysos, dat ass dat selwecht, schreift de griichesche Poet Seferis. Summer a Vakanz, do muss eppes geschéien. An et geschitt eppes.

Wa no der Vesper de Mann op der Uergel de Requiem ugestëmmt huet, da si seng Sänger vum Ducksall séier d'Wendeltrap erofgaangen an hunn am Trapenhaus mat gebierelt, den dona eis reqiem, bis se d’Uergel net méi héieren hunn an da ware se dobaussen an da goufen d'Griewer geseent. Firwat eigentlech? Et heescht dach, das Zeitliche segnen, an net dat Éiwegt oder dat Doudegt.

Dem Noper-hannert-der-Heck seng Kanner op der Uni do ënnen, déi maache sech Suergen iwwer d’Liewen an d’Ausstierwen, iwwer d'Welt, seet hien. Wat soll dat ginn?, froe si. Si wëssen et net. A mir aner hätten et verschass a géifen net derfir gerued stoen, soe si. A si hu jo Recht, seet de Noper. Jo an dann, wat soll ee soss soen?, soen ech. Vläicht: Mir hunn eis e bësse gewiert. Mä genuch?

Mir sinn nëmmen de passage. An da fort, has been.