An der virtueller Welt, wou virun allem Klicks a Likes zielen, soe vill Leit vill ze séier hir Meenung. Da gëtt an engem Kommentar op de soziale Reseaue gäre mol iwwert eppes gemeckert, ëm dat et am Artikel guer net geet. Dat fënnt d’Monica Camposeo a sengem Kommentar a rifft dozou op, sech heiansdo einfach mol e bëssen Zäit ze huelen.

De Commentaire vum Monica Camposeo

Am Fong misst dat selbstverständlech sinn, dass een de ganzen Text liest, ier ee sengem Frust an engem Commentaire fräie Laf léisst. Ganz amusant ass et och, wann an de Commentairen eppes kritiséiert gëtt, woufir am Text schonn eng Léisung virgeschloe gëtt. Do mierkt een, dass sech just op den Titel gestierzt gëtt.

Virun allem bei kriteschen Themen, wéi et d’Diskussioun ronderëm de Rassismus schonn dacks gewisen huet, gëtt vill kommentéiert – ouni den Artikel iwwerhaapt gelies ze hunn.

Wann et zum Beispill ëm konkret Schicksaler geet – eng schwaarz Famill zum Beispill déi vun Immobilienagence gesot kritt „Eis Proprietäre wëlle net u schwaarz Leit verlounen“ – schéngn sech an de Commentairen op eemol ganz vill Leit direkt perséinlech ugegraff ze fillen. Obwuel néierens am Text steet, dass all Lëtzebuerger e Rassist ass.

Wisou kann een déi individuell Erfarung vun anere Leit net respektéieren, erkennen, dass e Problem do ass, ouni sech selwer direkt an de Mëttelpunkt vum Sujet mussen ze stellen?

Ënnert villen Artikele ginn Diskussiounen ugefaangen, déi meng Franséischproff deemools direkt als „hors sujet“ duerchgestrach hätt. Natierlech si sozial Medien eng wonnerbar Plattform, fir déi eege Meenung ze verbreeden, mat Leit ze diskutéieren. Mä wisou liesen ech esou seele Commentairen, déi sech och wierklech op den Text bezéien an net just am Entferntesten bei d’Iwwerschrëft passen? Oder geet et awer just dorëm, den eegene Frust eraus ze loossen?

En anert rezent Beispill ass d’Ausso vum CSV-President Frank Engel. D’Begrëffer „Besteierung“ an „Verméigen“, déi am Titel vum Artikel stinn, schénge nawell vill Leit getriggert ze hunn. Da gëtt séier an engem Commentaire gemeckert, dass de „klenge Mann“ nees an d’Täsch gräife muss, wärend déi „déck Fësch“ onbesteiert dovu kommen.

Dass dat Ganzt awer vill méi nuancéiert gouf an dass och éischter déi sougenannte „breet Schëlleren“ viséiert sinn, dat kann een nëmme wëssen, wann een och e klengen Effort mécht an de ganzen Text liest. Mol dovunner ofgesinn, dass ee sech och de ganzen Interview mam Frank Engel ulauschtere kann. De Säitenopriff no ze urteelen, hunn dat net ganz vill Leit gemaach. Commentaire par conter gouf et der am Verglach méi wéi genuch.

Ech hunn d’Gefill, et misst alles ëmmer séier séier goen, op ongeféier. Esou schéngt eis Gesellschaft op ville Plazen ze funktionéieren.

Sech heiansdo e bëssen Zäit huelen, den Text duerchliesen, nodenken an da réischt kommentéieren, dat ass eigentlech e logesche Virgang, dee grondsätzlech net ka falsch sinn.

An elo zum Schluss nach eng gewoten Thees: Mënschen an Nout muss een hëllefen, egal ob si de Flüchtlingscamp op Lesbos aus Misär selwer a Brand gestach hunn oder net. Sou, an elo kucke mir mol wéi vill Kommentaren heizou kommen. An wéi vill Leit bis heihinner lauschteren oder liesen.