Déi rezent Diskussiounen ëm d'Ierfschaftssteier an d'Verméigens-, respektiv Räichesteier, déi duerch den CSV-Parteipresident Frank Engel lancéiert goufen, hunn alt nees gewisen, dass et un enger Sträitkultur an eiser Politik a generell an eiser Gesellschaft feelt. An och de Courage léisst bei ville Politiker, besonnesch deene Jonken, nawell ze wënschen iwwereg, fënnt d'Annick Goerens a sengem Commentaire.

Wou sinn d'Young Guns vun der Lëtzebuerger Politik? Déi jonk Wëll, déi hir Meenung soen, zu hiren Iwwerzeegunge stinn an deenen et egal ass, ob se elo der Regierungslinn oder der Parteielinn trei sinn oder net?

Iwwer de Frank Engel kann een denken, wat ee wëll: Ass et inzenéiert oder net, war et passend an der Form oder net... Ech behalen zeréck, dass hien de Courage hat, e wichtegt Thema op den Ordre du jour ze bréngen an dass et him egal war, wat dat fir Konsequenze kéint hunn, fir hie perséinlech a fir hien als Politiker. Hien eckt u mat senger Meenung an ass bereet, sech fir ee wichtege Sujet staark ze maachen.

Elo ass et genee dat, dës Ecken a Kanten, déi mir bei Politiker, ma besonnesch bei ville jonke Politiker, also der Zukunft vum Land, awer feelen, an dat huet sech ganz frappant an der Debatt ronderëm d'Ierfschafts- a Verméigenssteier gewisen. Zum Beispill déi jonk gréng Parteipresidentin Djuna Bernard oder ee méi etabléierte Politiker wéi den Yves Cruchten, Parteipresident vun de Sozialisten, déi sech allebéid net trauen, ëffentlech géint hir Partei- oder Koalitiounslinn z'argumentéieren, och net, wa se vun engem Thema iwwerzeegt sinn. Typesch Karrieristen am Gambia-Staat. A wat ass mat de Jugendparteien, déi soss alt mol hëtzeg Communiquéë gemaach a mat hire Mammeparteien iwwer hir Politik gestridden hunn. Jonk Gréng, jonk Sozialisten - wou sidd dir dann elo? Vun de jonke Liberalen erwaarden ech mir zum Sujet Ierfschaftssteier souwisou näischt. De Sträit iwwer Inhalter feelt hei am Land an et ass genee dat, wat eng gesond Debatte-Kultur an enger Partei brauch a wat souguer hire Profil schäerft.

Apropos: Wien huet an dëser Debatt iwwer Steiergerechtegkeet vun der DP-Parteipresidentin héieren? Natierlech keen, well d'Politiker vun haut hunn all Ambitiounen, wëllen erëm gewielt ginn, also hale se de Mond a si virsiichteg. D'Revoluzzer aus der Vergaangenheet sinn ausgestuerwen, den 68er Esprit dout.

Commentaire vum Annick Goerens

Natierlech kréien déi Nowuesspolitiker och näischt Aneres vun hire Partei-Eelere virgelieft. Ënnert den zwou Dräierkoalitiounen ass et d'Devise vun der "communication à la carte". Léiwer de Kapp an de Sand stiechen a waarde bis de Stuerm eriwwer ass, fir sech och nëmmen net de Froe vun de Journalisten oder der Oppositioun mussen ze stellen. Et ass den Ament onméiglech, fir Äntwerten op Froen ze kréien. D'Regierung kommunizéiert zu deem Zäitpunkt, wou si Loscht huet. Zum Beispill, wa 5 Ministeren op d'Musel fueren, fir bei der Drauwelies dobäi ze sinn. Dat si jo och schéi Fotoen. Mee wann et drëms geet, fir bei eis op der Antenn op Froen z'äntweren, an e Face-à-Face, e Background oder e Kloertext ze kommen, jo dann... da gëtt et méi schwiereg. Dee kann net mat deem, deen Ee wëll keng Froen zu dem Dossier gestallt kréien, soss kënnt en net an deen Aneren ass ni do, och net, wann een 10 verschidden Datumer proposéiert. Wat iwwreg bleift sinn d'Froe vun de Bierger...

Wann d'Äntwerten onkamoud sinn oder eventuell net gutt kéinten ukommen, da gëtt de Mond gehalen, well et kéint ee jo mol seng eege Meenung soen, déi net koalitiounsconform ass. D'Bierger fir domm halen ass och keng Optioun. E bëssche Courage, dat géing ech mir wënschen.