Ob et elo gutt oder schlecht ass, dass Fage net op Lëtzebuerg kënnt, sief dohigestallt. Wat sech d'Politik awer muss froen, ass, wat dat fir d'Zukunft vum Industrie-Standuert Lëtzebuerg bedeit an ob mer et eis leeschte kënnen, eng pseudo "gréng Industrie-Politik" ze maachen, fënnt de Roy Grotz a sengem Tëscheruff.

Tëscheruff vum Roy Grotz

Wann ee sech d'Gedeessems iwwer de griichesche Jugurtsproduzent ukuckt, da kann ee just eppes soen: nämlech, dass et u Koherenz an dëser Regierung feelt.

Wat wëllen mer dann am Fong?

D'Finanzplaz ass jo anscheinend schlecht, well se Leit ausbeut, de Bankesecteur steet an engem schlechte Liicht, well anscheinend ontransparent an een Image-Killer an der EU. An d'Schwéier-Industrie, jo déi ass och net gutt gesinn, well se Ressourcë verbraucht an duerno och nach dat, wat produzéiert gouf, exportéiert.

Sou ongeféier kann een d'Vuë graff resuméieren, déi abënns vu grénge Politiker vertruede ginn.

Am Fall vu Fage dann:

Véier Joer laang Prozeduren, Hin- an Hier, eidel Verspriechen a wat iwwereg bleift, ass ee Reputatiounsschued fir eist Land.

Am Fall vun der Steewollfabrick Knauf an dem Miwwel-Discounter Ikea, sinn dës einfach just déi aner Säit der Grenz gaangen, wou se mat oppenen Äerm empfaange goufen an zu Recht.

Knauf zesumme mat Fage hätten en Invest vun 380 Milliounen Euro fir eist Land bedeit an hätten zesummen eng 400 Aarbechtsplaze geschaaft.

Wann déi gréng Politik an Zukunft just no Industrië sicht, déi wéineg oder keng Ressourcë brauchen, net exportéieren a virun allem och just Matières premières aus der Ëmgéigend brauchen, jo da brauch et wuel kleng Start-Uppen vun e puer Leit, déi Zerwisser verkafen.

Fir de Verloscht ze kompenséieren, brauche mer der dann och just eng 100. Ah jo... domadder ass och de Waasserproblem nach ëmmer net geléist. Well all Joer kommen 10.000 Leit op Lëtzebuerg wunnen a schaffen. Och déi brauchen Leitungswaasser, mä dat sief dann mol dohin gestallt.

De Reproche steet am Raum - a gëtt och vu Beamten esou formuléiert - datt gréng Ministeren hir Verwaltungen ustellen, konsequent eng gréng Politik ze maachen.

Fage wousst no iwwer 4 Joer awer nach ëmmer net kloer, wéi eng Oplage si hätte missen erfëllen, fir dierfen op Lëtzebuerg ze kommen.

Ëmmer nees goufen nei Etüden an Optrag ginn an nei Weeër fonnt, fir d'Entreprise auszebremsen - dat konnt och de Wirtschaftsminister Fayot net verhënneren.

Ech wëll mer och net ausrechnen, wéi vill honnerten Aarbechtsstonnen an de Ministère fir de Projet Fage dropgoungen, fir absolut näischt herno ze hunn.

Dobäi waren d'griichesch Investisseure bereet all d'Oplagen z'erfëllen, eng Kläranlag ze bauen a sech un déi imposéiert Standarden ze halen. Mä wann een net gewollt ass, bréngt dat och näischt. Nach besser gëtt et dann, wann dee selwechte Wirtschaftsminister sech an engem Interview ëffentlech d'Fro stellt, ob et gutt wier, sou eng Industrie op Lëtzebuerg ze huelen. Wann hie selwer virun der Decisioun géing stoen, dann géif hie se anescht huelen.

Ech froe mech natierlech wéi laang et nach dauert, bis Google och Äddi an net Merci seet a sech vum Biisser Projet zréckzitt... mä bon, an der Industriezon bei der Diddelenger Autobunn bleift et lo mol schéi roueg, d'Déiere kënnen zefridde sinn.

Op wat d'Lëtzebuerger Industrie-Politik 2.0 soll bauen a wat deen neien, ominéisen Nohaltegkeet-Check soll bréngen, ma op dës Iddien waarden ech. Wéi laang mer eis et nach kënne leeschten, bei all Projet e spatze Mëndchen ze maachen a se duerch Zäitspill an d'Flucht ze dreiwen, dat iwwerloossen ech Ärem Jugement.