Gratis ëffentlechen Transport, Schoulbicher, Kannerbetreiung – all déi sozialpolitesch Mesure vun der aktueller Regierung ginn aktuell kritiséiert, well een hätt kënnen a misse spueren. D’CSV zum Beispill seet: Net jidderee soll dovu profitéieren, ma just déi Leit, déi et wierklech brauchen. Am Commentaire mengt d’Fanny Kinsch awer et ass besser d’Gesellschaft decidéiert wat sou wichteg ass, datt et fir jidderee selbstverständlech soll sinn.

Commentaire vum Fanny Kinsch

Bei der Regierungspolitik feelt et u sozialer Selektivitéit, sot e Samschden hei op der Antenn déi jonk CSV-Politikerin Elisabeth Margue, Beispill gratis Schoulbicher, gratis ëffentlechen Transport. Hire Parteipresident Frank Engel hat an enger Tëleesemissioun iwwer Steiergerechtegkeet nach d’gratis Kannerbetreiung genannt. D’Kritik kennt awer net nëmmen aus der Politik: De Marc Giorgetti, Patron vun enger Bauentreprise an ee vun de räichste Leit hei am Land, huet am RTL-Background gemengt, am Plaz méi Steieren ze bezuelen, kéint hie jo op d’Kannergeld verzichten. Et verwonnert wuel keen, datt e Mann, deen esou vill Besetz huet an – eegenen Aussoen no – 2 Milliounen € d’Joer u Steiere bezilt, eleng fir d’Gestioun vu sengem Immobiliëfong mat deem ee Steier spuere kann, d’Enner och ouni Kannergeld beienee kritt. Dat ass awer net onbedéngt en Argument fir engem Mann wéi him kee Kannergeld ze ginn.

Wann ee Prestatioune wéi Kannergeld, gratis Schoulbicher, gratis Kannerbetreiung an och gratis ëffentlechen Transport un eng sozial Selektivitéit bënnt, spuert ee sécherlech Suen. Et entstinn awer 2 Problemer. Dat eent ass eng Fro vun der Dignitéit: d’Leit musse fir Hëllef froen, si musse beweisen, datt si net genuch Suen hunn, fir hir Kanner ze fidderen, hinne Schoulbicher ze kafen, fir de Bus op d’Aarbecht ze huelen, fir d’Betreiung vun de Kanner wärend se schaffen. Si musse rechnen, wa se an der Pai erop ginn, ob se dann hiert Recht op verschidde Prestatioune verléieren, wéi vill dann um Enn vum Mount iwwereg bleift. An – wann eng Prestatioun bis u Konditioune gebonnen ass, ass natierlech de Risiko, dass d’Konditioune verschäerft ginn, wann net méi genuch Suen do sinn, respektiv dass se net ugepasst ginn, a se dowéinst um Enn net méi adequat sinn.

Et muss ee sech awer och d’Fro stellen, wat an eiser Gesellschaft esou wichteg ass, datt jiddereen et soll kréien, ouni datt nogefrot gëtt. Iwwert d’Universalitéit schaaft een nämlech och eng Masse critique, déi sech dofir interesséiert, dass d’Prestatioune gutt sinn a fonctionéieren. Anescht huet een een Deel vun der Gesellschaft, dee sech leeschte ka wat e wëll, an een aneren Deel, deen dat muss huelen, wat e kritt, a kee gesellschaftlechen a politesche Poids huet, fir Verbesserungen ze fuerderen. Wéi dat kann ausgesinn, gesäit een zum Beispill beim Gesondheetssystem an den USA.

An da muss ee sech froe „wëlle mir, dass ee selbstverständlech seng Kanner an d’Schoul schécke kann, dass se do alles hu wat se brauchen, dass no hinne gekuckt gëtt, wann ee schafft?“ „Wëlle mer, dass jidderee selbstverständlech kann an e Bus oder Zuch klamme fir op d’Aarbecht oder och einfach fir de Pleséier?“