Esou spannend war et nach ni, ofgesi vläicht 2000 beim Duell Gore géint Bush. Den Donald Trump huet awer nach een Accent dropgesat. Een Tëscheruff vum Jean-Marc Sturm.

Tëscheruff vum Jean-Marc Sturm

Ëmmer erëm erënnert mech den Donald Trump un d'Pipi Langstrumpf nom Motto " ech maache mer d'Welt, wéi se mer gefält"

Hien ass als gudde Narzist vun Natur aus net nëmmen ee schlechte Verléierer, mä hie wëll guer net verléieren. Hie mécht dann Drock a spillt mat der Angscht vun de Leit.
De Biden huet déi lescht Nuecht als éischt d'Wuert ergraff a senge Supporter Courage gemaach, dass een um Wee wier, d'Walen ze wannen.

Eng Stonn drop koum den Trump, dee  sech scho sécher sot, dass hien d'Wale gewonnen huet.

Ok dat alles ass " de bonne guerre".

Mä du koum den Hummer.

Den Trump huet dach net carrement de Stopp vum Comptage vun de Walziedel verlaangt, verbonne mat der Menace virun den ieweschten amerikanesche Geriichtshaff ze zéien. Hien hätt gewonnen an et géif de Risk vu Walfälschung bestoen.

An anere Wierder: Millioune Bulletine sollen näischt méi wäert sinn.

Domadder ass d'Demokratie an den USA an der Krise.

D'Turbulenzen dierfte Stonnen, Deeg, Wochen, jo eventuell esouguer Méint daueren mat ganze Legioune vun Affekoten.

D'USA si méi wéi jee ee gesplécktent Land, nodeem den Trump d'Fundament vum fräie Vott a Fro gestallt huet.