De Gesetzprojet 7662 huet queesch duerch d’Educatioun eng Well vu Protest ausgeléist, déi schlussendlech dozou gefouert huet, datt de Minister de Projet d’lescht Woch vum Ordre du jour vun der Chamber huele gelooss huet. Virgesinn ass eng Ouverture beim Rekrutement fir d’Direktioune vu 4 Lycéeën, engersäits fir Leit aus dem Privatsecteur, anerersäits fir Fonctionnairen ouni Erfarung am Enseignement a fir Employéeë beim Staat. Hien hätt sech dee Widderstand net erwaart, sot de Claude Meisch d’lescht Woch op RTL Télé. Dobäi war dee berechtegt, mengt d’Fanny Kinsch, dat eis a sengem Commentaire mat an eng dystopesch Zukunft hëlt.

De Commentaire vum Fanny Kinsch

D’Joer 2050… Dir hutt e Kand, 12 Joer al, d’nächst Joer soll et an de Lycée goen. Wat et duerno, wann et eng Kéier grouss ass, wëll maachen, weess et nach net. Vläicht Veterinär, oder Astronaut, oder awer léiwer Coiffer? Am Léifste géing Dir Ärem Kand natierlech all Méiglechkeeten oploossen. Ma leider ass d’Realitéit eng aner, wann Dir wëllt, dass et duerno och eng Aarbecht fënnt. Déi Schoulen, déi Dir Iech leeschte kënnt sinn all héich spezialiséiert, gebonnen entweder un e Secteur oder eng bestëmmten Entreprise, déi Jonk ginn hei ausgebilt a sinn asazbereet fir den Aarbechtsmaart: Infirmier, Banquier, Educateur, Informatiker, ... Dir kënnt Iech Äert 12-Joer-alt Kand nach op kenger vun deene Plazen esou richteg virstellen, huet et dach eng kreativ Oder, ma wéinstens ass et eng sécher Aarbecht.

Natierlech ginn et 2050 och nach déi international Schoulen, mat engem exzellente Programm, an deenen déi Jonk sech e breet Allgemengwëssen uneegnen an duerno de Choix vu prestigiéisen Unien hunn. Ma dofir feelen Iech souwuel d’Suen, wéi d’Relatiounen.

Déi eenzeg aner Alternativ, déi ëffentlech Schoul, ass eigentlech keng: 40 Schüler an enger Klass, e Programm, deen zanter 25 Joer net méi adaptéiert gouf, Lycéesdirektiounen, déi vun Educatiounsminister no Educatiounsminister besat goufe mat Kolleegen, Ex-Sportler an D-Promien, déi bei de Walen net genuch Stëmme kruten, an dem Minister oder der Ministesch lästege Beamten, déi een net anescht lass gi wier. Déi wéineg idealistesch an engagéiert Proffen, déi am ëffentleche Schoulsystem vun den 2050er Joren nach iwwreg bleiwen, si komplett iwwerfuerdert. Souwäit d’Dystopie an 30 Joer, an zréck an déi rezent Vergaangenheet virun enger Woch an de Gesetzprojet 7662.

De Claude Meisch huet säi Projet am Kloertext op der Tëlee verdeedegt, mat Argumenter, déi zum Deel schockéieren: et wier dach egal, wat an engem Exposé des motifs steet, also dem Resumé vun den Intentioune vum Gesetz, dass ee Kompetenze misst matbrénge wier jo implizitt kloer, hie wéilt jo keng knallhaart Manager op déi Plaze setzen. Et géing hei eenzeg an eleng drëm goe fir 4 Schoulen de Pool, aus deem rekrutéiert ka ginn, méi grouss ze maachen, natierlech am Interêt vun deene Schoulen.

Ma och wann een dem Minister gleewe wëll, dass e just déi beschten Intentiounen hat, sou huet awer all Text, egal wéi d’Intentiounen, Konsequenzen, a muss bis zum Schluss duerchduecht ginn, och fir Abusen ze verhënneren. Wann d’Qualitéitscritèrë bis ofgeschaaft sinn, si se ofgeschaaft, an da kann och en anere Minister oder eng aner Ministesch déi Ouverture notzen – de Claude Meisch wäert jo net bis an all Éiwegkeet Educatiounsminister bleiwen.

Et geet hei net ëm Staatsbeamten, déi hir Fonction-publique-Héichbuerg wëlle verdeedegen. Et geet drëm, wat d’Wäerter vun enger ëffentlecher Schoul sinn. An do geet et net nëmmen drëms, jonk Mënschen ze produzéieren, déi prett si fir op den Aarbechtsmaart. Haaptaufgab vun der Schoul ass d’Freed um Léieren ze vermëttelen, dat kritescht Denken ze fërderen, Plaz fir Virwëtz ze loossen an dofir ze suergen, datt all Kand déi selwecht Chancen huet.