Impfen, impfen an impfen. Et wäert mat Corona wuel esou gi wéi mat Influenza, op gutt Lëtzebuergesch d'Gripp.

Commentaire vum Jean-Marc Sturm

Ech hat dee Covid-Virus, eng zéi Louder: Féiwer bis zu 39,6 Grad, Kappwéi wéi nach ni virdrun, Glidder wéi, Houscht, enorm Middegkeet, Mo op der Kopp, Dronkenheet, kee Geschmaach, kee Geroch. De Silvestermenu huet wéi Kartong geschmaacht. Tëscht Wasabi a Mayonnaise keen Ënnerscheed. A virun allem fir d'éischt Quarantän, dono Isolement, dono Freed fir zeréck op d'Aarbecht, fir nees Leit ze gesinn, mä du vum Patron ugeruff kritt: d'Leit hei op der Schaff froe sech, ob et opportun ass, dass Du elo schonn nees schaffe kënns. Géi mol nach bei den Aarbechtsdokter. Dee schreift nach emol 5 Deeg Krankeschäin drop. Wonnerbar ech komme mir vir wéi dem Ben Hur seng Mamm a seng Schwëster mat Lepra.

Well ech deen Dreck zesumme mat menger Fra a mengem Jéngstem hat, hunn ech déi Isolatioun nach relativ gutt iwwerstanen, ofgesinn dass fir Bréifboîte an Dreckskëscht virun d'Dier goen, net grad duer geet. Nach ni a mengem Liewen esou dacks Rammi gespillt, a meeschtens verluer.

Esou elo kloen ech op héijem Niveau. Ech denken do un d'Leit an den Alters- a Fleegeheemer. Meng Eltere sinn an esou engem, dat zum Gléck excellent geréiert gëtt. An awer, an dofir kann d'Direktioun net, d'Leit do hunn de Soud. Soss sinn ech erakomm, d'Bömecher an d'Böpecher souzen am Rez-de-chaussée mat enger Kippchen, hu gelaacht a mir gewonk.
Neierdéngs dierf nach ee Familljemember 20 Minutten d'Woch op Besuch. Wat ech och verstinn. Mä eis Senioren hu méi verdéngt. Dat läit net un der Gestioun vum Altersheem, mä un eis. Rufft se un eis Senioren, all Dag oder 3 Mol d'Woch. Si brauchen et an hunn et verdéngt.