Vun en Dënschdeg u lieft Lëtzebuerg iwwert senge Limitten - e Méindeg war nämlech den Earth Overshoot Day, also deen Dag, op deem mir hei am Land esou vill Ressourcen opgebraucht hunn, wéi d'Natur an engem Joer erneiere kann. Dobäi hu mer virun engem knappe Joer nach gemengt, d'Corona-Kris géif eis eppes Bessere beléieren. Hu mer näischt aus der Pandemie geléiert, freet sech d'Fanny Kinsch a sengem Commentaire.

Commentaire vum Fanny Kinsch

Am Ufank vun der Pandemie gouf geschwat vun engem Zeechen, datt mer méi nohalteg misste liewen, besser mat Natur an Ëmwelt ëmgoen. De Lockdown huet gewisen, wéi séier d‘Loftqualitéit sech erhuele kann, wann d‘mënschlech Aktivitéit radikal ofgebremst gëtt. Haut gesi mer, datt den Effekt net besonnesch nohalteg war. Et ass erniichternd ze gesinn, dass den Dag, op deem mer sämtlech Ressourcen opgebraucht hunn, souguer een Dag éischter fält wéi nach 2020.

Et sinn duerchaus Saache geschitt. Zu Lëtzebuerg hu mer zum Beispill e Vëlosboom erlieft, deen am Summer zum Deel zu laange Waardezäite gefouert huet. D‘Natur heiheem gouf nei entdeckt. Ma et gesäit een och, datt al Gewunnechten zeréckkommen, soubal et geet - eleng e Samschdeg sinn eng 1‘000 Leit mam Fliger an d‘Vakanz geflunn. Den SUV läit dëst Joer um Autosfestival weider am Trend.

Et ass also net sou einfach, déi Saach mam léieren. Et war awer och vläicht naiv ze mengen, datt et einfach nëmmen eng sanitär Kris gebraucht huet, fir eis endlech wakereg ze rëselen, dass mer eis am Lockdown op dat Wesentlecht besënne géifen an duerno méi bescheiden an ëmweltbewosst wieren. D‘éischt mol, well et och eng Rei Leit zu Lëtzebuerg ginn, déi an de leschte Méint existenziell Ängschten haten, duerch déi d‘schlecht Gewësse wéinst dem ekologesche Foussofdrock vläicht éischter an den Hannerkapp geroden ass. An engem groussen Haus mat Gaart léisst et sech och besser Vakanz Doheem maachen, wéi an engem klengen Appartement. Wann een no bei der Aarbecht wunnt fält d‘Decisioun méi einfach, de Vëlo ze huelen, wéi wann een 100 Kilometer fuere muss.

Op där anerer Säit ass den Eenzelen och nëmmen ee vun 3 Acteuren, déi an der Klimafro eng Roll spillen. Déi 2 aner sinn d‘Politik an d‘Wirtschaft. Wann ee sech zum Beispill d‘Aussoe vun der Presidentin vun der Industriellefederatioun rezent hei op der Antenn ulauschtert, kann ee sech awer och froen, ob d‘Wirtschaftsvertrieder vill geléiert hunn.

Ëmweltprozedure si genee sou lästeg, wéi Bierger déi sech Froen iwwert Waasserverbrauch stellen. Net ze schwätze vu Journalisten, déi iwwer méiglech Steierhannerzéiung beriichten a Politiker, déi dat seriö huelen.

Am Plaz kreativ ze ginn, op Innovatioun ze setzen a Champion an nohaltege Produktiounslinnen ze ginn, gëtt leider nach ëmmer lamentéiert, Europa géif mat sengen Ëmwelt- a Mënscherechtsufuerderungen Industrie verdreiwen a Kompetitivitéit futti maachen.

An och bei der Politik kann ee sech duerchaus froen, wéi vill bis elo geléiert gouf. Wa mer just d'SUVe mat Verbrennungsmotor duerch déck Elektroautoen ersetzen, hu mer wéineg erreecht, wéi de Kolleeg Serge Pauly op dëser Plaz nach rezent festgestallt huet. Un d‘Konzept vum Verzicht traut sech nach ëmmer kee sou wierklech erun. Dobäi ass et kloer, dass net nëmmen anescht, mee och einfach manner consomméiert muss ginn. Dat muss awer net heeschen, dass een alles verbitt. Mir brauchen och Iddien, wéi een an eiser Gesellschaft Raum schafe kann, dee fir jiddereen zougänglech ass an deem de Konsum net am Mëttelpunkt steet. Wéi am Wanter sou gutt wéi alles zou war, hunn d'Leit sech an de groussen Akafszenter begéint. Elo gëtt et Zäit fir Net-Konsum-Tempelen.