100 Joer ass et hier, datt den Insulin entdeckt gouf. Eng Revolutioun deemools, déi et erlaabt huet Dausende vu Liewen ze retten. Bis haut sinn Typ1-Diabetiker ofhängeg vun dësem Hormon an et bleift och no engem Joerhonnert den eenzege Moyen, d’Krankheet am Grëff ze halen. D’Claudia Kollwelter, wat selwer betraff ass, huet sech seng Gedanken dozou gemaach.

De Commentaire vum Claudia Kollwelter

Wéi ech virun iwwer 20 Joer den Diagnostik Typ1-Diabetes krut, hunn d’Doktere mer nach gesot: „Wann s du bis bestuet bass, da gëtt et eng Heelung fir d’Krankheet.“ Deemools hunn ech dru gegleeft, datt ech enges Daags mäin Zocker net méi kontrolléieren oder Insulin sprëtze muss. Haut allerdéngs sinn ech mer bewosst, datt dat eng Illusioun ass.

An dat ganz einfach, well de Profit, dee mat der Krankheet gemaach gëtt, enorm ass, sech also d’Fro stellt, ob net méi intensiv un enger laangfristeger Heelung geschafft gëtt, well et e lukratiivt Geschäft ass, d’Leit op Dauer krank ze halen.

Weltwäit ginn et 430 Milliounen Diabetiker – dovunner hunn awer nëmme ronn 10% Typ1 – wat eng Autoimmunkrankheet ass, duerch déi een e Liewe laang Insulin sprëtze muss. Et ass allerdéngs de Chiffer vum Typ2, dee weltwäit konstant a rasant klëmmt an deen duerch eng Predispositioun ausgeléist ka ginn, awer och vill domat ze dinn huet, wéi ee lieft, wat een ësst a sou wieder… An et ass och virun allem deen Typ, mat deem d’Industrie vill Geld mécht.

De weltwäiten Ëmsaz mat Diabetis-Medikamenter louch 2017 bei ronn 55 Milliarden US-Dollar. An et sinn 3 Hiersteller, déi sech 99% vum Marché ënnerteneen opdeelen. Vun de neien Technologië profitéiere wuel déi 2 Typpe vun Diabetiker, awer op ënnerschiddlech Manéier. An de Reklamme gëtt e soit-disant „normaalt“ Liewen duerch nei Apparater, Sensoren etc. versprach. Et stëmmt, datt engem den Alldag mat den neien Technologië vereinfacht gëtt an ee sech net méi X-mol den Dag picken a sprëtze muss, mee d’Realitéit fir den Typ1 gesäit awer ganz anescht aus, wéi d’Biller, déi an de Publicitéite vermaart ginn.

D’Picken u sech ass dobäi net dat schlëmmst – et ass villméi dat, wat een net gesäit un der Krankheet: d’Gedanke ronderëm den Zockerwäert vu moies bis owes, d’Plangen am Viraus, fir net an den Ënner- oder Iwwerzocker ze falen, d’Responsabilitéit, d’Laascht, déi esou eng Krankheet mat sech bréngt, kierperlech a psychologesch… Mee déi Betraffe kommen net dacks zu Wuert. Et ass jo och ëmmerhi just eng Minoritéit, déi concernéiert ass. An dacks schéngt et, wéi wa sech domat offonnt gouf, datt et eng Krankheet ass, déi net heelbar ass.

Wann ee bedenkt, datt mir op de Mars fléien, Autoe produzéieren, déi vum selwe fueren oder en Impfstoff bannent kierzester Zäit entwéckele fir d’ganz Welt, da kënnen d’Kanner haut vläicht vun enger Heelung dreeme wa se bis bestuet sinn, well da schéngt déi Hoffnung op eng Heelung, déi ech virun 20 Joer gemaach krut am Fong net därmoossen utopesch, se weist just leider, datt bei ville Krankheeten de Profit am Virdergrond steet.