An der Pandemie ass schonn e puer Mol iwwer d'Thema vun der Transparenz geschwat ginn. Dee Problem ass awer net eréischt an der Krisesituatioun opkomm. D'Journalistinnen an d'Journalisten hei am Land fuerdere scho vill méi laang eng gréisser Transparenz an e méi einfachen Zougang zu Informatiounen. D'Monica Camposeo freet sech an sengem Commentaire vun haut, wisou dat nach ëmmer en Thema ass.

De Commentaire vum Monica Camposeo

D'Journalistenassociatioun huet nach gëschter op en neits dorop higewisen an ugekënnegt, mat weideren Organisatiounen eng landeswäit Campagne fir e Recht op en Informatiounszougang wëllen ze lancéieren. Et ass net deen éischten Opruff an, dass dat Thema elo erëm opkënnt, weist däitlech, dass dee Problem net just eenzel Journalistinnen a Journaliste betrëfft.

D'Gesetz vum 14. September 2018 zu enger transparenter an oppener Administratioun gesäit en Accès zu Dokumenter vir. Dat ass awer nach laang keen Zougang zu Informatiounen. Fir bestëmmten Donnéeën ze kréien, musse een nämlech fir d’éischt wëssen, a wéi engem Dokument dës ze fanne sinn.

An dobäi geet et mir hei net ëm investigativ Recherchen, wou kee Journalist sech d’Informatiounen um Sëlwerplateau erwaart.

Als Presse ass een ofhängeg vun Donnéeën. Do dierft et net sinn, dass een och nach ofhängeg vun Administratiounen ass, fir un dës Donnéeën ze kommen.

Dobäi kënnt, dass d’Transparenz, wéi se hei am Land verstane gëtt, zimmlech zentraliséiert ass.

An Däitschland publizéieren Institutioune wéi de Paul Ehrlich oder de Robert Koch Institut lafend wichteg Zuelen an Analysen, zum Beispill zu der Fro, wéi vill Leit sech no der Impfung mat Niewewierkunge mellen. Bei eis am Land muss een dës Donnéeë fir d’éischt emol beim Ministère nofroen. Kee Problem, wann een direkt eng Äntwert kritt. Ma eleng, dass ee sech dorop verloosse muss, dierft u sech net sinn.

Mir hunn aner, méi kleng Kapazitéite wéi eis grouss Nopeschlänner, dat ass kloer. Mee et ass einfach d'Prozedur, déi sech ännere sollt. Wärend et nämlech och mol ganz kompetent a séier Kommunikatiounsservicer gëtt, ginn et awer och déi, déi ni z'erreeche sinn oder just déi Froe beäntweren, déi si beäntwerte wëllen. Also e Filter, eng Firewall oder einfach eng Hürd, ier een un déi eigentlech Donnéeën - wann iwwerhaapt -  kënnt.

A ganz nom Prinzip vun der zentraler Transparenz, gëtt een ëmmer erëm op déi nämmlecht Leit verwisen. Dacks sinn dat da Leit, déi zwar en Titel hunn, mee net um Terrain sinn. Vu Beamten, déi de Sujet kennen an all Dag domadder ze dinn hunn, héiert een ëmmer just, dass si näischt soen dierfen. Mee wisou eigentlech? Déi eenzeg logesch Äntwert dorop ass jo, dass d’Informatioune fir d’éischt nach musse gefiltert ginn.

Mir brauchen awer eng dezentral Transparenz, wou déi zu Wuert kommen, déi zum jeeweilegen Thema och eppes ze soen hunn. An dat ass ebe net ëmmer déi iewescht Instanz. Transparenz dierft net fir d’éischt duerch en zentrale Filter goen, ier se un d’Ëffentlechkeet kënnt.