D'Lëtzebuerger Journalistenassociatioun huet d'Part fir an den Haff vum Staatsministère mat Ketten zougespaart: symbolesch fir d'Regierung, déi dacks näischt seet, symbolesch fir d'Verwaltungen, déi keng Informatiounen erausginn, symbolesch fir d'Blackbox mam Numm "Staat". D'Journalistinnen a Journaliste fuerderen e Recht op den Accès zu Informatiounen. Erstaunlech, dass se dat hei am Land iwwerhaapt mussen, fënnt de Pierre Jans.

Commentaire vum Pierre Jans

Ech weess net wéi dacks ech mech gefrot hunn, firwat dat alles esou komplizéiert ass. Ech mengen d'Prozedur, fir net ze soen d'Tortur, déi een als Journalist ze dacks muss matmaachen, fir eppes gewuer ze ginn. Mat "eppes", mengen ech net emol e Staatsgeheimnis. Wärend der Pandemie elo geet et zum Beispill net seele just ëm e puer Zuelen, ëm e klenge Beweis firwat dës an déi Decisioun vum Ministerrot legitim ass oder eben net. Ma och dat ass meeschtens net esou einfach.

E bësse méi erfuere Leit um Büro erziele gär, wéi ee fréier just den Hörer an de Grapp geholl huet an dem Minister direkt ugeruff huet. Dat soll een net glorifzéieren, ass et jo och net ëmmer esou onproblematesch, eng perséinlech Relatioun mat deenen ze hunn, déi d'Decisiounen huelen. Blo-Rout-Gréng huet allerdéngs eng richteg Barrière geschaaft tëscht Ministeren a Journalisten. Sëllege Servicer Relations presse. De Porte-parole als "Gatekeeper".

Ech wëll gewass net, dass déi ofgeschaaft ginn. Déi meescht Leit, déi do schaffen, gi gebraucht, si kompetent a fein, keen Zweiwel. Si sinn awer ofhängeg dovun, wéi wichteg hirem Minister d'Presse ass a wéi vill mat Journaliste kooperéiert gëtt oder net. Ofhängeg vum gudde Wëlle vun den Administratiounen. Fir d'Journalisten eng erbäermlech Situatioun.

An u sech hat de Xavier Bettel 2013 versprach, déi staatlech Institutiounen eemol duerchzelëften, se opzemaachen. Ma dat hei ass keng oppe Kichen, wou ee gesäit wéi a mat wat gekacht gëtt. Hei sinn d'Dieren zou! An et ass een drop ugewisen, dass d'Personal sou léif ass, engem zwou, dräi Infoen iwwer d'Aarbecht an der Kichen ze verroden.

Dobäi ka jiddereen zu Lëtzebuerg zanter 2019 Dokumenter bei de Ministèren an Administratiounen ufroen. Dofir muss een awer den exakten Numm vum Dokument kënnen. Keen Numm: keen Dokument, keng Info. Dobäi komme laang Delaien. An de Medie brauch een d'Informatiounen awer besser scho gëschter ewéi haut oder an engem Mount.

D'Transparenzgesetz muss reforméiert ginn. Et muss objektiv Krittäre ginn, wéini e Ministère oder eng Institutioun eng Ufro däerf refuséieren. Am Fall, wou déi net erfëllt sinn, schléissen ech mech der Journalistenassociatioun un a fuerderen, dass se da musse mat den Informatiounen erausréckelen. Eng Flicht amplaz e Recht.

Ganz ofhängeg dovun, stellen ech mir d'Fro, wat d'Regierung sech vun deem dagdeegleche Kaz a Maus Spill mat der Presse versprécht. Ass et net esou: wien net transparent ass, huet eppes ze verstoppen?