De leschte Weekend gouf an der Stad d'Paräisser Plaz nei ageweit, nodeems dës déi lescht 2 Joer am Kader vum Tram-Ausbau e Chantier war. Besonnesch d'Geschäftsleit an d'Restaurateure si frou, datt et eriwwer mam Kaméidi a Stëbs ass an, datt se elo eng nei Fläch hunn, fir ze zerwéieren. Den Tim Morizet weist sech a sengem Commentaire haut awer net all ze begeeschtert iwwert déi nei Plaz am Häerz vum Garer Quartier.

Commentaire Tim Morizet

De Weekend gouf se ageweit: déi nei Paräisser Plaz. Jorelaang gouf um Projet geplangt, gebastelt a gehummert. E Samschdeg da war et esou wäit, mat vill "tram tram" gouf d'Bändchen duerchgeschnidden. Virun allem Politiker a Restaurateure weise sech zefridden. Ma freet een déi vereenzelt Leit, déi laanschttrëppelen, da sinn der vill dobäi, déi sech enttäuscht weisen – hei an do géif eppes feelen.

Der Meenung sinn ech och. Well, wat an der Stad Lëtzebuerg hei geschaaft gouf, ewéi esou dacks déi leschte Joren, ass eng Plaz fir de Commerce, mee net fir d'Leit.

A genee dat ass eng Kris, mat där sech Stied uechter d'ganz Welt grad auserneesetzen. Stied, déi no de Schaffzäiten, séier, ewéi ausgestuerwe wierken. An no 18 Auer – éischter enger Geeschterstad änelen, ewéi engem sozialen Hotspot, wou Leit sech treffen an austauschen. Weltwäit gëtt lues a lues probéiert, manner op déi kommerziell Funktiounen, mee méi op déi sozial a kulturell Zentre vun der Stadgesellschaft opzebauen.

D'Paräisser Plaz ass leider de komplette Contraire vun esou engem Denken. Et ass eng Plaz, déi sech op d'Maximéierung vum Verkéiersfloss orientéiert a kaum Openthaltsqualitéit bitt. Och wann et architektonesch e puer intressant Objete gëtt – wierkt et, wéi wann d'Paräisser Plaz vill verluere Plaz hätt. Flott Sëtzméiglechkeete feelen – déi Plaz gëtt léiwer deenen zougesprach, déi Sue beim Cafetier op der Terrassen ausginn. Ass een "en-passant", lount et sech net op dëser Plaz stoen ze bleiwen. Well, wou sëtzen ech mech hin, wann ech näischt kafe wëll?

An da feelt et och u Gréngfläch. Zu de Säite fënnt een e bëssen eppes, e puer Zännstëppeler. Mee eng richteg Gréngfläch, déi am waarme Summer de Bëtong an d'Steng ofkillt, existéiert net. Och e kloert Reewaasser-Konzept feelt. D'Waasser gëtt an d'Kanalisatioun geleet, amplaz et natierlech am Buedem versickeren ze loossen. Schued, well zanter Jore pocht en Ëmweltministère an e Waasserwirtschaftsamt drop, datt besonnesch am Kader vum Klimawandel an zukünfteg schwierege Wiederverhältnisser misst ëmgeduecht ginn.

An da feelt et och nach un engem roude Fuedem. E Groussdeel vun de Gemengen am Land fuerdert mëttlerweil, datt wann een en Haus mat Terrain huet, eng Fläch vun zum Beispill 50 Prozent muss aus Gréngs bestoen, fir d'Natur an Déierewelt ze ënnerstëtzen. Mam gudde Virbild awer selwer virzegoen, schéngt een awer, an dat net nëmmen am Fall Paräisser Plaz, vergiess ze hunn.

Et gëllt also, méi un d'Leit ze denken a vläicht – eng Grëtz – manner un de Konsum.