No der déidlecher Interventioun vun der Police e Samschdeg zu Ettelbréck muss gekläert ginn, ob de Polizist legitime Gebrauch vu senger Déngschtwaffe gemaach huet oder net. Och wann de Mann, deen erschoss gouf, op engem éischte Bléck d’Reaktioun vun der Police erausgefuerdert huet, sou ass den Incident vläicht awer méi komplex ewéi ee ka mengen. De Fränz Aulner an engem Tëscheruff.

Tëscheruff vum François Aulner

Poliziste gi forméiert, fir nëmmen am Extremfall op d'Waffen zeréckzegräifen, mä d'Vergaangenheet an Incidenten am Ausland weisen: heiansdo war de Gebrauch vun der Waff disproportionéiert. An dat muss onofhängeg gekläert ginn.

Déi eenzeg, bei deenen een elo scho ka soen, déi hunn aus der Hëft geschoss, dat sinn déi, déi elo schonn en Urteel gefält hunn. Dat gëllt engersäits fir d'Organisateure vun enger Maniff e Samschdeg, déi op hirer Invitatioun stoen hunn: "Géint d'Policegewalt" an "No Justice, no peace, no racist Police". Dem Polizist vu vir eran virzegeheien, hien hätt just geschoss, well de Mann, dee mam Messer op en duergaangen ass, schwaarz ass, ass eng béis Ënnerstellung a reng spekulativ. Well dee Reproche setzt viraus, datt de Polizist net geschoss hätt, wann de Mann net schwaarz gewiescht wier an dat ka kee Mënsch soen. Och wa laut Ëmfro d'Hallschent vu schwaarze Leit zu Lëtzebuerg soen, si wieren an de leschte 5 Joer rassistesch belästegt ginn, sou hëllefen esou Raisonnementer der Cause vun de Minoritéiten net. Héchstens d'Enquête vun der Generalinspektioun vun der Police a vun der Justiz kéinten am Fall vun engem Aveu oder vu konsistente Beweiser Rassismus feststellen.

D'Familljememberen a Frënn vum Mann, deen erschoss gouf, hu par konter kloer e Recht drop, datt d'Hannergrënn vum Incident bis op de leschten Detail analyséiert ginn. Och wann dat natierlech net flott ass fir de Policebeamten. D'Solidaritéit géigeniwwer dem Beamten ass an deem Zesummenhang och kloer nozevollzéien. Jidderee muss awer alt acceptéieren, datt all Schoss muss opgekläert ginn, ebe grad fir ze vermeiden, datt Poliziste liichtfankeg géinge Gebrauch vun der Déngschtwaff maachen.

Déi, déi awer och aus der Hëft geschoss hunn, dat sinn déi Leit, déi Minutten no der Nouvelle e Samschdeg op de soziale Reseauen d'Reaktioun vum Polizist scho gelueft hunn. Mat Aussoen ewéi "kulturell Beräicherung" oder "alles richteg gemaach, et misst mol nach méi geraumt ginn", dinn déi Leit dem Beamten keen Déngscht. Ech ginn dovunner aus, oder hoffen allemol, datt de Polizist nämlech net esou iwwerluecht huet. Déi, déi mengen, si géingen hie mat esou radikalen Aussoen ënnerstëtzen, spillen ebe grad an d'Kaarte vun deenen, déi der Police virgeheien, rassistesch ze sinn oder ouni z'iwwerleeën ze schéissen.

Och aus der Hëft geschoss ass dann och eng Ausso vun engem Member vun der CSV, dee gefrot huet, datt de Polizist direkt suspendéiert gëtt, well e besser gehat hätt, an d'Been ze schéissen. Dee Mann weess offensichtlech net, datt Polizisten – wa se dann onbedéngt musse schéissen – op d'Broscht sollen zilen, fir ze vermeiden, datt d'Kugel laanscht d'Been geet an en Onschëllege getraff gëtt. D'CSV distanzéiert sech net kloer vun der Ausso vun hirem Member, mä anescht ewéi hien huet se just profitéiert, fir den Incident politesch ze recuperéieren an hir Fuerderungen no Bodycams an Taseren ze widderhuelen. Woubäi ee muss wëssen, datt d'CSV d'Thema Onsécherheet vrun allem aus waltechnesche Grënn vill besetzt, oder well se op anere Sujeten et net hikritt, Inhalter ze proposéieren.

Wou d'CSV awer Recht huet: d'Aarbecht vun der Police ass schwiereg. Am meeschte kritt d'Police gehollef, andeems d'Kriminalitéit an hirer Komplexitéit wouergeholl gëtt an d'Gesellschaft an d'Politik entspriechend iwwerluecht handelen.