Et musse Géigepouvoire geschaaft ginn, fir d’Krichsmaschinn, d’Nato an de Pentagon besser z’iwwerwaachen, sou de Fränz Aulner.

Tëscheruff vum Fränz Aulner

Déi 20 Joer Militärasaz am Afghanistan ginn als Néierlag vum „Westen“ a Victoire vun de radikal-islameschen Taliban an d‘Geschicht. No den Echecke vum Alexander dem Groussen an de Soviets bestätegt sech de Ruff vum Afghanistan als „Kierfecht vun den Imperien“. De Pentagon an d‘Nato lenken elo d’Responsabilitéit of op d’afghanesch Regierung, déi implodéiert ass. De Pentagon an d’Nato droen awer d’Haaptresponsabilitéit. Ëmsou méi, well se d’Ëffentlechkeet belunn a bedrunn hunn.

D’US-Féierung wousst scho laang, datt de Krich am Afghanistan net konnt anescht ausgoen ewéi mat enger Néierlag. De Pentagon huet dat awer dem Public virenthalen an huet léiwer Informatioune manipuléiert, fir de Krich ze rechtfäerdegen. 3 successiv US-Presidenten hunn nom Pentagon senger Päif gedanzt. Dat ass, graff resuméiert, wat aus offiziellen Dokumenter ervirgeet, déi 2019 als „Afghanistan Papers“ verëffentlecht goufen. 2010 goung och schonn aus geheimen Dokumenter ervir, datt d’Nato bewosst vertuscht huet, wann Zivilisten duerch international Attacken ëm d’Liewe koumen.

Déi dramatesch Biller vum Fluchhafen zu Kabul déi lescht Deeg hannerloosse fir d'Zaldoten an all déi aner Leit, déi 20 Joer laang probéiert hunn, de Leit am Afghanistan ze hëllefen, d’Gefill, hiren Asaz wier fir näischt gewiescht. Woubäi déi Leit, och Lëtzebuerger, hiren Déngscht geleescht hunn an Dankbarkeet dofir verdéngt hunn.

„Military-industrial-complex“

Richteg verdéngt hunn awer anerer. Estimatiounen no huet de Krich 2 Billiounen US-Dollar kascht (2 trillion dollars)*. E groussen Deel dovunner war fir Krichsmaterial. D’Rëschtungsindustrie lieft ebe vu Krich a vu Rivalitéiten tëscht Weltmuechten. Ouni dat hätten d’Nato an de Pentagon hirersäits och net hir „Daseinsberechtegung“.

De Generol Dwight D. Eisenhower huet a senger leschter Ried als US-President 1961 erkläert, wéi noutwendeg eng staark Rëschtungsindustrie ass, fir de Fridden an d’Fräiheete géint déi ze verdeedegen, déi déi legitim Idealer net deelen. Am selwechten Otemzuch sot hien awer och, d’Regierunge misste sech schütze géint Afloss vum „military-industrial-complex“, vun der "Krichsmaschinn".

Et ass leider warscheinlech eng Utopie, mä eigentlech misst nom Afghanistan-Asaz dat hei geschéien: Déi gréisst Militärmuechte misste progressiv a koordinéiert ofrëschten, dat ënner kredibeler internationaler Supervisioun. De Pentagon an d’Nato missten hir Budgeten entspriechend gekierzt kréien. Virun allem awer - an dat ass manner utopesch – mussen onofhängeg Géigepouvoire geschaaft ginn, déi d’Moyenen hätten, d'"Krichsdreiwerei" strikt z'iwwerwaachen.

Illegitim Militärasätz, bei deene virgegaukelt gëtt, et géing ëm Fräiheet oder Sécherheet goen, mä eigentlech stieche wirtschaftlech a geopolitesch Iwwerleeungen dohannert, erreechen hir Ziler net, mä stäerke souguer am Géigendeel den Haass. Dat ass inacceptabel. D’selwecht fir dee legaliséierten Detournement vun ëffentleche Gelder. Nach manner awer ass de Misär hinzehuelen, deem d’lokal Populatioune wärend an no deenen Asätz ausgesat ginn.

*Nott vun der Redaktioun: den Auteur huet an der éischter Versioun eng Trillioun falsch konvertéiert. An den USA ass eng Trillioun eng 1 mat 12 Nullen hannendrun an net 18. Pardon fir de Feeler. De Krich am Afghanistan huet also Estimatiounen no 2 Milliounen Milliounen US Dollar kascht, eng 2 mat 12 Nullen.

RTL