Elo si mol Walen an Däitschland, d’nächst Joer dann a Frankräich. Zu Lëtzebuerg gëtt déi nei Chamber eréischt an zwee Joer gewielt. Egal wéi eng a wéi vill Parteien no deene Walen déi nächst Regierung bilden, soll déi nächst Regierung manner Memberen hunn, mengt de Fränz Aulner an dësem Commentaire :

Commentaire vum François Aulner

Kee Minister soll dës Propos perséinlech ophuelen, et geet net drëm, si eenzel ze beurteelen. Et geet och net drëms, Ministèren, Departementer oder Beamteposten ofzeschafen. D’Propos ass, d’Ministèren esou ze bündelen, datt Projeten oder Reformen, déi batter néideg sinn, manner krampfhaft iwwert d’Bün ginn.

2009 gouf eng Regierung mat 15 Ministere gebilt. D’selwecht 5 Joer virdrun. 1999 waren et 14 Regierungsmemberen, 1994 a 1989 waren et der 12. Rot emol wéi vill Regierungsmemberen et 1947 gouf? 7! Souguer d’Eenheetsregierung nom Krich konnt mat 9 Regierungsmembere 4 Parteien ënner Daach kréien. Aktuell deele sech 17 Membere vun 3 Parteie 24 Ministèren, dorënner Ministèren, déi verschidden Departementer hunn.

Jo, d’Land ass déi lescht Joerzéngte gewuess an d’Welt schéngt méi komplex ze ginn. Manner Ministeren ass awer den Erëmopbau nom Krich net sou schlecht gelongen a manner Ministeren hu sech misse mat der Stolkris ploen. Ass dann eng Regierung mat méi Membere méi effikass a ka se d’Interête vun der Populatioun besser verdeedegen? Dorunner kann een zweiwelen, wann ee sech puer wesentlech Domainer ukuckt.

„Viele Köche verderben den Brei“

Alles wat zum Beispill mam Logement a mat der Landesplanung ze dinn huet, ass esou opgedeelt: de Logementsminister huet ausser dem Bail à Loyersgesetz an der Gestioun vun den ëffentleche Bauträger net vill ze radetten. Vill méi wichteg fir a punkto Logement eppes ze bewierken, ass e Finanzminister, deen un de Steierschrauwe kann dréinen oder en Inneminister, deen Avisen zu den eenzele Bauprojete muss ginn. Och den Ëmweltministère huet do ëmmer méi mat dran ze schwätze kritt. An da gëtt et de Landesplanungsminister, dee jo eigentlech supposéiert ass ze soen, wéi a wou gebaut gëtt. Quitt, datt mer dann nach net vun de Gemenge geschwat hunn, déi beim Amenagement a beim Ausschaffe vu Projeten incontournabel sinn.

Wéilt een endlech d’Problemer am Logement léisen, wier et net vu Muttwëll, Finanzen an Interieur ënnert een Hutt ze bréngen (dat gouf et schonn zu enger Zäit, wéi et kee Logementsministère gouf). Vläicht och de Ressort Ëmwelt, ouni d’Departementer ze fusionéieren, mee fir op d’mannst eng eenheetlech Approche ze hu bei Knackpunkten d’Weeër ze verkierzen. Puer aner Beispiller: Brauch ee fir Mëttelstand, Digitaliséierung a Wirtschaft als Kéiers en anere Minister? Ass et clever, Santé a Sozial opzedeelen oder entstinn dodueger just méi Email-Echangen a Reuniounen, fir ze koordinéieren? Mussen e Staatsminister an en Ausseminister, sou wéi et elo de Fall ass, d’aussepolitesch Deklaratiounen opdeelen? Bref: « Viele Köche verderben den Brei ». Et gëtt Handlungsspillraum wann ee wëll d’Ressorte méi effikass opzedeelen.

Dat géing och keng Diktatur vun engem Minister an deem Beräich bedeiten, well d’Chamber an aner Acteure wéi d’Gemengen, Reformen nach musse matdroen. Natierlech kënnt et dann nach op d’Qualitéit vum Minister un, mee et géing et erlaben, datt hie koherent Reforme ka proposéieren. An et géing niewebäi der Chamber, dem éischte Pouvoir, erëm méi Verantwortung ginn, symbolesch puer Sue spueren.