Zanter e Mëttwoch dämpen d'Käpp nees an de Schoulen uechtert d'Land. Och wa jiddereen et sech vun Häerze wënsche géif, wäert och nach dat nächst Schouljoer vun der Pandemie beaflosst ginn. Nawell riicht den Educatiounsminister an der Hallschent vun der Legislatur de Bléck resolut no vir. E Commentaire vum Claude Zeimetz.

Commentaire vum Claude Zeimetz

Vun enger renger „PR-Aktioun" huet de Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL geschwat, wéi en dem Claude Meisch seng Pressekonferenz zerrappt huet. Eent ass kloer, déi wäerten dëst Liewe keng Frënn méi ginn. Dat berout op géigesäitegen Antipathien, verhäerte Fronten, engem Manktem u géigesäitegem Versteesdemech a warscheinlech souguer Respekt an engem Minister, dee sech zwar gär no baussen dialogbereet gëtt, deen et awer meeschtens am léifsten huet, wann et genee sou geet wéi hie sech dat initial virgestallt huet. Dat seet net nëmmen den SEW.

An den nächste Méint wëll de Claude Meisch, sou huet en dat emol duergestallt, nees méi aktiv richteg Schoulpolitik maachen. Hie gefält sech an der Roll vun deem, dee Saache lasskappt. Dobäi sollt u sech d'Konsolideréieren dës Legislatur am Zentrum stoen. Ma elo, wou Enseignanten, Schüler an Eltere sech no näischt méi wéi Rou an Normalitéit seenen, kënnt de liberale Minister scho rëm mat neien Iddien. Iddien, déi och net am Virfeld diskutéiert goufen. Souguer de Regierungspartner LSAP gouf vun der Iddi vun der Schoulflicht bis 18 Joer iwwerrascht. D'Sozialiste verweisen op d'Ausbildungsflicht wéi se am Koalitiounsaccord formuléiert ass an hu Bedenken ausgedréckt, wat d'Annonce vum Claude Meisch fir Auswierkungen op d'Pensiounen an d'Aarbechtsrecht wäert hunn.

Et stëmmt. Corona huet d'Grief tëscht de Schüler a Schülerinne weider vergréissert. Net ze schwätzen vun de schoulesche Retarden, déi Homeschooling an Isolatiounen/Quarantainë mat sech bruecht hunn. Dat muss ee kuerzfristeg ugoen a laangfristeg d'Weiche fir d'Zukunft stellen. Sécher keen einfachen Exercice bei sou enger disparater Schoulpopulatioun. Zwou Woche Summerschool fir 7.270 vun am Ganze ronn 109.000 Jonker sinn do awer net méi wéi déi berüümt Drëps op de waarme Steen. Grad wéi déi zousätzlech 80 sougenannt "Secouristen", déi forméiert solle ginn, fir Kanner ze detektéieren, déi psychesch Problemer hunn.

Déi geplangte gratis Hausaufgabenhëllef am Fondamental ass prinzipiell ze begréissen, ma och do muss emol nach gekläert ginn, wat sech hei genee drënner virgestallt gëtt. Déi kéint an der Maison Relais gemaach ginn, seet de Minister. Ech maache mech elo wuel bei verschiddenen Enseignanten onbeléift, mä wier eng Hausaufgabenhëllef an der Schoul selwer da sou absurd? D'Personal misst net nach zousätzlech forméiert ginn, et misst een net no Raimlechkeete sichen an déi néideg Rou wier och assuréiert. Virun allem gouf et och schonn an der Vergaangenheet eng Partie Gebaier, déi genee dat offréiert hunn. Firwat soll et also net op anere Plazen och goen? Wann de Kader stëmmt, mat bezuelten Iwwerstonnen an eventuell enger Unerkennung als Appui zum Beispill. Oder dierft dat ganzt ieren näischt kaschten?

Deen anere groussen Defi sinn a bleiwen natierlech d'Ressourcen. Wéi vill aner Beruffer, feelen, Quereinsteiger hin oder hier, Enseignanten um Terrain. An dat läit sécher net um Image. Ob den annoncéierte Quereinsteiger-Studium vun engem Joer op der Uni Lëtzebuerg do dee richtege Wee ass, woen ech awer ze bezweifelen. Dem Claude Meisch awer gefält et wuel, parallel Ausbildungsweeër ze schafen. Wat dat fir den Zesummenhalt tëscht de Mataarbechter bedeit, schéngt hien auszeblenden. Dobäi hunn Educateuren an Educatricen an Infirmieren an Infirmièrë scho gewisen, wat si vu sou Proposen an hirem Domän halen. Nämlech net vill, fir net ze soen näischt.