Fir vill Leit sinn déi sozial Medien net méi ewech ze denken. Se sinn net méi just an eisem Alldag ukomm, ma se dominéieren e scho längst. Nom Opstoen, virum Schlofegoen, iwwerall wou ee muss waarden oder souguer bei anere Leit zou, wa sech gelangweilt gëtt, da gëtt de Smartphone ausgepaakt an e séiere Bléck op Facebook, Twitter, Instagram an Co. geworf. Fir tëschemënschlech Bezéiunge sinn déi sozial Medien scho laang eng Erausfuerderung. Problematesch gëtt et awer virun allem, wann doduerch Parallel-Welte mat alternative Fakten entstinn, déi Haass an Angscht promouvéieren, fënnt d'Annick Goerens a senger Analys.

De Commentaire vum Annick Goerens

Populismus geet duerch eng ganz Rei Etappen. Fir d'éischt muss e Feindbild kreéiert ginn. Dat waren zum Beispill an der Ära Trump d‘Mainstream-Medien. "Si" géint "mir". Dat Wuert „Krich“ spillt dann och eng ganz zentral Roll am Discours vu ville Populisten. Den Donald Trump ass géint d‘Medien an hir „Fake News“ an de Krich gaangen.  D‘Verschwörungstheoretiker an d'Corona-Leugner sinn am Krich géint d‘Regierung an d'Pharma-Industrie and‘Incels (dat Wuert steet fir „involuntary celibacy“) sinn am Krich géint d'Gesellschaft a virun allem géint Fraen.

An d'Plaz, wou dës ganz Krichsrhetorik ausgedroe gëtt, sinn déi sozial Medien. Firwat? Ma well een do ka schreiwe wat ee wëll, ouni vun de Journalisten zenséiert ze ginn. De Kanal un d'Leit ass direkt an ongefiltert. An der Parallel-Welt vun de soziale Medien kënnen esou alternativ Wourechten entstoen an doduerch verschwannen och ëmmer méi lokal Noriichteplattformen. Etüde weise kloer Chifferen: An de leschte 15 Joer sinn an den USA eleng iwwer een Véierel vun den Zeitunge verschwonnen. Dobäi sinn et genee dës lokal Zeitungen an Noriichtensenderen, déi d'Réckgrat vun der Demokratie sinn. „Watchdogs of democracy“ also d'Waachhënn vu der Demokratie, déi Informatioune verschaffen, analyséieren an an de richtege Kontext setzen, wärend d'Leit hirem ëmmer méi beschäftegte Liewen noginn.
D'Leit consomméieren also bal keng, oder souguer guer keng sougenannt Mainstream Medie méi, mä just nach hir Idoler, Parteien an Interessien op de soziale Reseauen. Dobäi bleiwe se ëmmer just an hirer sozialer Bubble, hirer Welt. An dobäi spillen d'Algorithme vun de soziale Medien de Populisten dann och nach an d'Hänn.

De renomméierte Professer Brian Ott huet a sengem Buch „The Twitter Presidency“ genee erkläert, wéi zum Beispill Twitter dëse Bias, also déi „Voreingenommenheit“ vun de User verstäerkt. Op Twitter muss ee sech kuerz halen, et kënnen also keng sophistiquéiert oder komplex Iddien do propagéiert ginn. Meeschtens sinn et Schlagwierder, déi benotzt ginn „Kämpft“, „Fräiheet“, „Fake“. Donieft kann een als Populist 24/24 tweeten, op alles direkt reagéieren a kommentéieren. Do kënnt also och eng gewëssen Emotionalitéit mat an d'Spill an doraus entsteet Roserei an Haass. Den Donald Trump schreift ënner vill Tweets „Funny!“, „Sad!“, „Not Good“, „Bad“, hie seet de Leit genee, wat e gär hätt, dass se solle fillen.

Eng Taktik vun de Populisten ass et d'Leit ze „gaslight‘en“. Dëst englescht Wuert gëtt an der Politik- a  Kommunikatiounsfuerschung, ma och an der Psychologie gebraucht, fir e Phänomen vun der Manipulatioun ze beschreiwen. Wann een eng Persoun gaslight, da versicht een hir Realitéit ze decredibiliséieren. Fir et ganz einfach erofzebriechen, seet een zum Beispill „dat waats du sees, ass net d‘Wourecht“ oder ganz populär beim Trump „et gëtt méi wéi eng Wourecht“. Wéi soll eng Gesellschaft sech ziviliséiert behuelen, wann ee sech mol net op Fakten eenege kann?

Wat an den USA Twitter fir den Donald Trump war, ass a Brasilien WhatsApp fir de Jair Bolsonaro, an an Italien Facebook fir de Matteo Salvini, d‘ailleurs den erfollegräichsten italienesche Politiker op de soziale Medien, dee just duerch de Gebrauch vu Facebook a mat Hëllef vu sengem deemolege social-media Guru Luca Morisi bannent 7 Méint de Support fir seng rietspopulistesch Partei Lega Nord konnt verduebelen.

An dësem post-Informatiounszäitalter ginn d'Fakten, dacks duerch Meenungen ersat. Et ass een Trend, deen een net niéiere kann, an dem ee sech muss bewosst ginn, deen ee muss bekämpfen. Social Media, an de kriteschen Ëmgang domadder, gehéiert an d'Schoulen, genee wéi Sproochen, Mathé a Sciencen. Fir mat engem Zitat vum Benjamin Rush opzehalen, ee vun de Signatairë vun der amerikanescher Onofhängegkeetserklärung: "Freedom can only exist in the society of knowledge. Without learning, men are incapable of knowing their rights."

[E ganz interessanten Documentaire iwwer dëse Sujet fënnt een iwwregens op Arte.]