“Take Back the Night” esou war e Sonndeg den Owend eng Aktioun vun der Plattform JIF iwwerschriwwen, bei där et drëm goung, géint Harcelement vis-à-vis vu Fraen ze demonstréieren. E Sujet, deen net dacks genuch thematiséiert gëtt, fënnt d’Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.

Commentaire vum Claudia Kollwelter

Et ass net normal, datt een als Fra owes Angscht muss hunn, wann een eleng ënnerwee ass, eleng duerch d'Stad trëppelt oder eleng an e Bus oder Taxi klëmmt. Oder sech Gedanken a Suerge muss maachen, datt ee blöd ugeschwat, ugemaach, ugepaakt oder am schlëmmste Fall souguer vergewaltegt gëtt.

Ma och wann et alles anescht wéi normal ass, ass et leider e Fait, datt ganz vill Meedercher a Fraen op d'mannst ee Mol an hirem Liewe mat sou Situatioune confrontéiert sinn. A ganz ville Fäll héiert een déi Geschichten awer net. Vill Fraen traue sech net oder schumme sech zouzeginn, datt si Affer vun esou enger Dot goufen. An och dat ass net normal!

Et kann net sinn, datt wann iwwer Harcèlement geschwat gëtt, ëmmer nach d'Sexualitéit vum Affer, wat se un hat oder ob se gedronk hat oder net een Thema sinn. Näischt dovu gëtt iergendengem d'Recht drop, sech un engem ze vergräifen. Fir betraffe Fraen oder Meedercher féieren esou Diskussiounen dozou, datt se sech Virwërf maachen, se indirekt mat responsabel gemaach ginn fir dat, wat hinne geschitt ass a vermëttelt kréien, datt se et hätte kënnen evitéieren.

Duerch zum Beispill d'Metoo-Beweegung ass zwar d'Bewosstsinn iwwert d'Ausmooss an d'Konsequenze vu sexueller Gewalt liicht geklommen, an awer gëtt nach ëmmer an de mannste Fäll wierklech driwwer geschwat, a wann, dann och nach ëmmer zimmlech eesäiteg. Et ass nach ëmmer e gesellschaftleche Problem a gläichzäiteg en Tabuthema.

Dobäi kënnt, datt d'Doten dacks verharmloost ginn, ënnert en Teppech gekiert ginn an d'Affer ënner Drock gesat ginn, fir net ze schwätzen. Et ass net un de Fraen, verschidde Situatiounen ze evitéieren, déi méiglecherweis "geféierlech" fir se wieren. All dat féiert just zu weiderer Ënnerdréckung, ignoréiert awer komplett de Fait, datt eenzeg an eleng den Täter am Feeler ass.

D'Gewalt géintiwwer Fraen ass bedéngt duerch Stereotyppen. D'Männer sinn déi staark an dominant, d'Fraen déi, déi roueg a léif sinn. Rollebiller, déi scho ganz fréi entstinn a weider vermëttelt ginn. An eiser Gesellschaft missten dofir och méi Diskussiounen iwwert déi Rollebiller gefouert ginn, well et och déi sinn, déi d'Gewalt géintiwwer Frae fërderen. D'Gesellschaft muss awer och verstoen, wéi en Ausmooss sexualiséiert Gewalt huet. An dofir dierf een d'Aen net virdrun zoumaachen, et muss sech méi mam Thema ausernaner gesat ginn, méi driwwer geschwat ginn, fir datt et endlech vu kengem méi als "normal" ugesi gëtt.