Et ass déi zweet a lescht Woch vun der Weltklimakonferenz COP26 zu Glasgow... et ass héich Zäit fir net just ambitionéiert Annoncen, ma konkret Aktiounen. Ma e puer Deeg virun der Ofschlossdeklaratioun maachen déi am mannsten entwéckelt Länner an och d'Klimaaktiviste sech berechtegt Suergen, datt déi räich Länner net genuch wëlle maachen. A sengem Commentaire fënnt d'Fanny Kinsch, datt et Zäit ass deenen nozelauschteren, déi am meeschte betraff sinn.

"Ech hu mer laang iwwerluecht, wat ech kéint soen a wéi ech et kéint soen, fir dass dir mir nolauschtert, ma schlussendlech hänkt dat net just vu mir of, ma och vun iech", sot d'Elizabeth Wathuti an hirer Ried op der COP26. Déi jonk kenianesch Aktivistin huet un d'Welt-Leaderen appelléiert, hier Häerzer opzemaachen, iert si d'Geschicht vun hirer Heemecht gezielt huet. Vu Kanner, déi um Bord vun engem ausgedréchente Floss stinn a kräischen, nodeems si 20 Kilometer mat hirer Mamm getrëppelt sinn op der Sich no Waasser.

Commentaire vum Fanny Kinsch

Et sinn dës Schicksaler, wéinst deenen déi jonk Klimaaktivisten uechter d'Welt Alarm schloen, datt et net duergeet. Wärend d'Europäer dëse Summer den desastréisen Ausmooss vun exzeptionelle Wiederphenomener erlieft hunn, ass dat fir d'Mënschen an anere Länner längst Alldag, mat Honger a Waassermangel als Konsequenzen. Wann d'Diskussioun ëm déi 1,5 Grad, op déi d'Äerderwiermung soll limitéiert ginn, eis hei relativ abstrakt virkënnt, gesinn Aktivistinne wéi d'Elizabeth Wathuti all Dag, datt et mol keng 1,5 Grad braucht, fir all hir Efforten nees futti ze maachen. Elo ass et un der Politik si eescht ze huelen an hir Responsabilitéit ze huelen.

Well no enger Woch zu Glasgow ass kloer - souguer wann d'Staate sech un dat halen, wat se versprach hunn, geet et net duer. Der Internationaler Energieagence hire Berechnungen no géing d'Äerderwiermung mat deem, wat bis elo op der COP26 annoncéiert gouf, op 1,8 Grad limitéiert ginn an net op 1,5 Grad. A leider ginn et genuch Ursaachen dorun ze zweiwelen, datt déi annoncéiert Ambitiounen och wierklech a Musek ëmgesat ginn.

En Accord fir d'Ofholze vun de Bëscher ze stoppe gouf et zum Beispill ewell 2014 zu New York - zanterhier huet Indien als eenzeg Signataire och konkret Mesuren ëmgesat. D'Länner, déi sech engagéiert hunn den Asaz vu Kuel erofzefueren, si grad mol responsabel fir 13 Prozent vun der weltwäiter Produktioun. Gläichzäiteg huet Australien annoncéiert, keng eng Kueleminn zou ze maachen. An och wat d'finanziell Entschiedegung ugeet duerch de globalen Norden, dee fir de Gros vun der Verschmotzung responsabel ass, un de globale Süden, deen am stäerkste vum Klimawandel betraff ass, hunn déi räich Länner et bis elo mol nach net fäerdeg bruecht, 100 Milliarden Dollar d'Joer zur Verfügung ze stellen, wéi si et 2009 versprach hunn.

Fir déi Jonk ass kloer - et geet net duer sech virzehuelen, bis 2050 klimaneutral ze sinn, déi sougenannten "Net-Zero"-Engagementer. Zanter Joerzéngte warnen d'Wëssenschaftler virum Effekt vun der Industrialiséierung op d'Klima a proposéiere Léisungen. Et ass kloer, wat muss gemaach ginn: Wa mer manner CO2 wëlle produzéieren, musse mer manner fossil Energië verbrauchen. Wa mer manner Ofholze wëllen, musse mer manner Déiereprodukter konsuméieren. A wa mer eis Energieproduktioun an eis Landwirtschaft ëmstelle wëllen, musse mer dat sou begleeden, datt déi aarm Stéit net an Energieaarmut geroden an datt Aarbechtsplaze geschaaft an net ofgeschaaft ginn.

Nawell spillen déi räich Länner weider op d'Zäit a verloosse sech an hiren "Net-Zero"-Strategien zum Deel op Technologie fir CO2 nees anzefänken, déi et nach guer net ginn, wat wuel och op eng staark Lobby vun de Pëtrolsproduzenten zréckzeféieren ass. Eigentlech wier et héchst Zäit, d'Klimapolitik an Aklang mat de groussen Ambitiounen ze bréngen. Soss riskéiert d'COP26 effektiv just, wéi d'Greta Thunberg sot, PR a "Bla-Bla" ze bleiwen. A wann ee sech net zu bal 200 eens gëtt, mussen d'USA an d'EU ophale mam Fanger op China a Russland ze weisen, ufänke sech un hir eege Verspriechen ze halen an eng couragéiert Virreiderroll iwwerhuelen.