D'Regierung wëll e Recht op Deelzäit aféieren, wou de Staat fir eng gewëssen Zäit de Concernéierten hir Cotisatiounen iwwerhëlt. Erkläerten Zil ass, datt Eltere méi Zäit fir hir Famill hunn. Gutt esou, fënnt d´Claude Zeimetz en Donneschdeg a sengem Commentaire. Bis dohinner dierft et awer nach e laange Wee sinn, fir deen et besonnesch e Changement bei de Mentalitéite brauch.

Commentaire vum Claude Zeimetz

"Mir hunn et fäerdeg bruecht, datt Fraen a Männer sech zu Lëtzebuerg net tëscht Beruff an hirer Famill mussen entscheeden", huet de Premier houfreg a senger Ried zur Lag vun der Natioun deklaréiert. Mä ass dat wierklech sou? Et ass wuel richteg, datt Lëtzebuerg am internationale Verglach zanter e puer Joer e generéise Pappecongé a Congé-parental-System huet. Ma souguer dat Recht ass bis haut nach ëmmer net an alle Beräicher evident.

A virun allem duerno fänke jonk Elteren dacks un ze struewelen. A Punkto Deelzäit ass de Grand-Duché fir den Ament mat ronn 18% grad mol europäescht Mëttelmooss. Et wier wichteg de Grënn heifir op d'Spuer ze goen. Ech gestinn, et ass sécher méi einfach, wa verschidden Aarbechten iwwert eng ganz Woch vun der selwechter Persoun gemaach ginn an et feelt jo och u qualifizéierte Leit. Op der anerer Säit feelt et awer dacks ganz einfach un e bëssche Kreativitéit, Organisatioun a virun allem guddem Wëllen. An et bleift ze fäerten, datt besonnesch Persounen a schwieregen Aarbechtsverhältnisser sech och an Zukunft net traue wäerten, vun hirem Recht op Deelzäit Gebrauch ze maachen. Drock gëtt jo och mol gär op eng subtil Aart a Weis ausgeüübt.

Persounen, déi sech dozou entscheede berufflech zeréckzetrieden, verzichten donieft net nëmmen op Suen, mä leider dacks och op Unerkennung am Beruff. Leider ass dat deels nach ëmmer net gutt gesinn oder et gëllt een op eemol als manner motivéiert an zouverlässeg, wann ee moies net méi sou fréi am Büro ka sinn, well een d'Kanner nach muss an d'Crèche oder bei d‘Bomi féieren oder wann ee mëttes pünktlech fort muss, well déi Kleng an der Schoul op ee waarden. Dobäi wëlle mer jo scheinbar awer weder, datt déi Kleng vu moies bis owes an enger Betreiungsstruktur geparkt ginn, nach datt en Elterendeel jorelaang guer net schafft. Fir si huet déi modern Gesellschaft zanter Jore scho keng Unerkennung méi.

Datt déi Concernéiert wéinst all deem Jongléiers alt gär e latent Gefill vun Iwwerfuerderung empfannen, respektiv d'Gefill hu kengem, weder doheem nach op der Schaff, net ze schwätzen vun den eegenen Uspréch, gerecht ze ginn, misst onbedéngt an d‘Diskussioun iwwert déi sougenannt "work-life-balance" mat erafléissen. Ënnert dem Hashtag #momtoo wollt viru Kuerzem eng Managerin an Éisträich drop hiweisen, datt een och als Mamm net manner professionell ass wéi ouni Kanner. D'Kaitlyn Chang beschreift e "Schwanensee-Syndrom", ënnert deem vill Mamme leide géifen. Wéi Schwane géife se elegant iwwert d'Waasser schwammen an ënner Waasser, do wou keen ee gesäit, wéi verréckt paddelen.

Dobäi sinn d'Grenzen tëscht Beruff a Privat an der Pandemie ongewollt matenee verschmolt. Firwat net fir d'Zukunft déi Aspekter rauszéien, déi gutt funktionéiert hunn? Leider bleift Teletravail eppes fir privilegéiert Beruffskategorien a vum Patronat schéngt et och schlecht ugesinn, wann ee weess, datt de President vun der UEL Michel Reckinger och haut, no geschwënn zwee Joer Pandemie, nach mengt, datt vill Leit Homeoffice mat engem hallwen Dag Congé verwiesselen.

Och d'Diskussioun iwwert eng Aarbechtszäitverkierzung gouf séier vum Patronat am Kär erstéckt. D'Argument, et géif elo schonn u Main-d'oeuvre feelen, ass natierlech net ganz vun der Hand ze weisen. Mä wann et vun engem Land an engem Betrib eescht gemengt ass, fir Fraen a Männer gläichbedeitend am Aarbechtsprozess ze halen, da muss ee fir d‘Zukunft de Courage hunn, fir och mol aus alen Denkmuster auszebriechen, well zefridde Mataarbechter vu familljefrëndleche Betriber si bekanntlech déi, déi engem am längsten erhale bleiwen.