Wa mer bis gepickt sinn, ass alles ok. Voller Hoffnung hu mer virun engem Joer op déi éischt Vaccine gewaart. Ee Joer méi spéit stelle mer fest: Mir krute Corona net an de Grëff! De Pit Everling huet sech seng Gedanke gemaach.

Wie sech op dëser Plaz elo en Anti-Vaccin-Plädoyer erwaart, soll de Radio ausmaachen oder den Internetsite wiesselen, well e gëtt enttäuscht.

Villes wier wuel besser, wann den Impftaux méi héich wier, op d‘mannst seet dat de Gros vun den Experten...an deene gleewe mer jo awer.

Nawell gëtt et e puer Grënn, firwat datt vill Leit, déi de Choix fir de Vaccin gemaach hunn, den Ament e bëssen enttäuscht sinn a sech Froe stellen. D'Erwaardunge ware vläicht ze grouss.

Mir hunn et geschwënn hannert eis, dat war e Saz, deen ee mat Bléck op d‘Impfungen am Fréijoer a Summer dacks héieren huet, ënner anerem vu Politiker. Haut muss ee soen: Pustekuchen. De Virus huet eis fest am Grëff, och wann et zu Lëtzebuerg bësse besser ass wéi zejoert ëm dës Zäit.

Wie sech bëssen op seriöe Plazen informéiert, kann e puer Constate maachen: Trotz Arrivée vun de Vaccinen hu mer et net fäerdeg bruecht, d'Pandemie an de Grëff ze kréien. Dat kéint dru leien, datt den Impftaux net héich genuch ass.

Ma och d'Vaccine selwer hunn d'Erwaardunge vu sou muncher engem net erfëllt: D'Produite sinn Experten no zwar héich wierksam, se sinn awer wuel manner effikass géint d'Delta-Variant, déi zënter e puer Méint nu mol hei dominéiert.

D'Wierkung vu verschiddene Vaccine schéngt schonn no wéinege Méint deels staark nozeloossen, soe rezent Etüden. Dat war an deem Ausmooss net sou viraus gesot - a virun allem anescht gehofft ginn.

D‘Resultat ass, datt et an der Lescht dach ëmmer méi där sougenannten Impf-Duerchbréch gëtt. Am Fong hat ee sech jo picke gelooss, fir genee dat ze verhënneren.

Eng weider Hiobsbotschaft ass déi, datt fäerdeg geimpfte Leit de Virus net just kënnen erwëschen an heiansdo krank ginn, mä si kënnen dee Virus och weiderginn. U sech war gehofft ginn, datt geimpfte Leit net - oder vill manner ustiechend wieren.

An deem Kontext kéint een och déi sëlleg CovidCheck-Evenementer a Fro stellen, déi jo dann eng falsch Sécherheet vermëttelen, oder?

Ënnert dem Stréch war et vläicht eng Illusioun ze mengen, datt wa mer bis brav gesprëtzt goufen, datt mer d'Pandemie nach dëst Joer kéinten ad acta leeën.

Wat bleift ass e gewësse Frust an och Angscht.
D'Angscht, trotz Impfung krank ze ginn.
D'Angscht, trotz Impfung eng aner vläicht vulnerabel Persoun unzestiechen an natierlech d‘Angscht, datt mer déi Pandemie hei ni méi Meeschter ginn.
Wéi vill Boostere kommen nach?
Kee weess et...
Zejoert hate mer eng Perspektiv, d‘Impfung... a wat hu mer dëst Joer?

Jo, et däerf een enttäuscht si vun der Entwécklung aus de leschte Méint.

Trotzdeem ass a bleift d'Impfung deen eenzegen Aascht, dee mer hunn an de wuel beschte Moyen, fir e schwéiere Verlaf ze verhënneren.

Fir datt d‘Impfung dat anert Joer awer nach d'Léisung ka ginn, muss een déi eng Leit iwwerhaapt mol an d'Boot kréien an déi aner Leit am Boot behalen, Stéchwuert Booster. Et bleift ze hoffen, datt d'Regierung sech a puncto Iwwerzeegungsaarbecht e Strapp besser uleet wéi dëst Joer.