D’Manifestatioune géint d’Covid-Mesuren hu rezent eng Diskussioun lassgetrëppelt, iwwert wéi Demonstratioune gesetzlech encadréiert solle ginn. An der zoustänneger Chamberkommissioun d’lescht Woch gouf en deementspriechend Gesetz ugekënnegt. D’Demonstratiounsrecht an domat d’Recht op Meenungsfräiheet dierfen awer net disproportionéiert ageschränkt ginn, warnt d’Fanny Kinsch a sengem Commentaire.

Et wier inakzeptabel, wann aus enger emotioneller Reaktioun op eenzel Evenementer eraus nei Restriktioune fir Demonstratiounen agefouert géinge ginn, déi duerno jidderee concernéieren, dee wëll op d’Strooss goen.

18/01/2022 Demonstratiounsgesetz elo? Commentaire: Fanny Kin

Nach ginn et keng Detailer, wéi en Demonstratiounsgesetz soll ausgesinn. Aus dem politeschen Discours ergi sech awer eng Rei Froen. Fir d’éischt emol gëtt et vill Kritik dorunner, datt verschidden Demonstratiounen net ugemellt ginn an et gëtt zum Deel vun "illegalen" Demonstratioune geschwat.

D’Diskussioun den Ament reagéiert op eng provokant Taktik vu Géigner vun de Covid-Mesuren, déi bewosst d’Manifestatiounen net umellen, fir d’Aarbecht vun den Autoritéite méi schwéier ze maachen. Dat heescht awer net, datt et net kënne legitim Grënn ginn, fir spontan an onugekënnegt ze demonstréieren – zum Beispill, wann et zu enger onerwaarter politescher Decisioun kënnt, wa skandaléis Faiten iwwert eng ëffentlech Persoun reveléiert ginn oder et zu Fäll vun institutionaliséierter Gewalt kënnt.

Ass et de politesche Wonsch, datt Demonstratiounen, déi net ugemellt goufen, direkt ënnerbonne ginn? Oder just wa se explizitt verbuede goufen? A wat sinn d’Critèren, fir eng Demonstratioun ze verbidden?

De Policeminister huet dann ënnerstrach, et géing ee keen Demonstratiounstourismus acceptéieren – och hei freet ee sech, wéi dat sech an engem legale Kader soll erëm fannen a wéi et soll am Aklang mat de Prinzippie vun der Europäescher Unioun sinn, Leit aus aneren EU-Staaten ze verbidden, heihinner demonstréieren ze kommen.

A wann een duerno nëmmen nach op Ufro demonstréieren dierf a muss oppassen, datt keng Auslänner op senger Demo sinn, decouragéiert een domat net all d’Demonstratiounen?

Da muss ee sech awer och froen, op wat hei eigentlech reagéiert gëtt. Dee Samschden, nodeem d’CSV de Minister d’Urgence an d’Kommissioun zitéiert huet, ass e Grupp vu Leit duerch d’Foussgängerzon gezunn, obwuel d’Police versicht hat, se dovunner ofzehalen, an huet Kaméidi gemaach. De Verkéier an der Stad gouf gestéiert. Der Police no gouf et keng Gewalt a kee Vandalismus. Muss dowéinst en neit Gesetz geschriwwe ginn?

Op där anerer Säit sinn an Zesummenhang mat den Demonstratiounen an de leschte Wochen e puer Phenomener opgetaucht, déi inakzeptabel sinn: Holocaustverharmlosung – eng albekannte rietsextrem rhetoresch Method, Versich kritesch Privatpersounen, Journalisten a Politiker anzeschüchteren, bis hin zu Menacen. Dat ass awer kee Problem vun Demonstratiounsrecht an dofir gëtt et en entspriechende strofrechtleche Kader.

D’Demonstratiounsrecht ass en elementare Bestanddeel vun der Meenungsfräiheet an domat vun de Mënscherechter an engem demokratesche Staat. D’Demonstratiounsrecht befreit een awer net vun der Kritik vun aneren oder dovun, sech un d’Gesetzer ze halen. Wann et eng Gefor fir d’ëffentlech Sécherheet gëtt, muss et och méiglech sinn, Demonstratiounen z’ënnerbannen, z’encadréieren oder opzeléisen. Allerdéngs verlaangt et Fangerspëtzegefill, fir hei déi richteg Balance ze fannen, kloer Verhältnisser ze schafen an d’Grondrechter net disproportionéiert anzeschränken.

Bleift och nach d’Fro, ob den aktuellen ugeheizte Klima, dee richtege Moment dofir ass. Ëmsou méi well et jo scho Gesetzer a Reglementer ginn, déi der Police d’Méiglechkeet ginn, d’Demonstratiounen anzeschränken, wéi een e Samschdeg gesinn huet.