D'Inflatioun huet an der Eurozon – an op villen anere Plazen – rekordhéich Niveauen erreecht. D'Inflatioun dat bedeit: d'Präisser ginn an d'Luucht an d'Geld verléiert u Wäert.

D'Kafkraaft geet zeréck, wann d'Paien net ugepasst ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt et dowéinst den Indexmechanismus, mä de Fränz Aulner freet sech haut am Commentaire, ob d'Leit, déi deenen Aarmen oder den Heescherte Geld ginn, hiren Don och schonn ugepasst hunn?

Commentaire vum François Aulner

2 bis 3 Minutte ginn net duer, fir d'Problematik ganz z'erfaassen, mee hei just e puer Gedanken: E bëssen Inflatioun ass net schlecht, eleng well de Géigendeel, Deflatioun, d'Ekonomie kann total lämen. Ze vill Inflatioun, op laang Dauer, wéi et am Moment de Fall ass, dat deet awer op villen Niveauen anescht wéi. Stéit kommen an d'Laberente fir hir Facturen ze bezuelen, d'Epargne vu klengen Epargnante schmëlzt, d'Betriber kréie Schwieregkeeten hir Margen ze maachen a mussen hir Präisser upassen. Leit mat klengem Akommes an ouni Besëtz riskéieren tëscht Iessen an Heizung mussen ze wielen. Fir déi Äermst - hei am Land geschat 1% vun de Leit, déi a Situtation de privation materielle sinn - do kënnt mat der Inflatioun souzesoe Beleidegung bei d'Verletzung dobäi.

Mat e bësse Gespier a wann ee sech e bësse mat engem Heeschert ënnerhält, dann ass ee séier zimmlech sécher, datt een et meeschtens net mat engem ze dinn huet, dee vun enger organiséierter Band ausgebeut gëtt. Wann een da wéi ech sech wëll e bëssen e gutt Gewësse kafen an deem hëllefen, deem de Staat offensichtlech net genuch hëlleft, da kann een him bësse Mënz ginn. Mee ware virun 10 Joer 2 Euro scho just ee klenge Geste, sou ginn ech antëscht 5 Euro. D'Heescherte sinn zwar dann iwwerrascht, well se dat nach net gewinnt sinn, mee eigentlech misst dat normal sinn, well mat 5 Euro mécht ee jo haut nach vill manner ewéi virun 10 Joer.

Alles indexéieren, ass leider och net d'Léisung, well dat ekonomesch a budgetär net drobar ass a meeschtens d'Präisser weider undreift. Ginn d'Paien an d'Luucht, gëtt d'Produktioun rëm méi deier an da mussen d'Produiten a Servicer nees méi deier ginn. Eigentlech misste jo d'Zentralbanken elo hir labber – bëlleg - Geldpolitik zeréckfueren. De Problem ass awer: manner bëllegt Geld riskéiert och d'ekonomesch Aktivitéit ze bremsen, well ee méi schwéier Kredit kritt. Or, vill Betriber a verschiddenen EU-Länner sinn u sech Zombie-Betriber, déi ouni kënschtleche Boost duerch d'Geldpolitik scho Faillite wieren. Also riskéiere méi héich Zënsen zu méi Chômage ze féieren. Eng Zwéckmillchen also.

Eng aner Zwéckmillchen – an da sinn ech nees bei de Strummerten – dat ass, datt amplaz hinne méi Suen ze ginn, et eigentlech méi hëllefe géing, wann een deene Leit Mol iwwerhaapt en Daach iwwert dem Kapp gëtt. Studie weisen, datt Strummerten, wann se en Daach iwwert de Kapp kréien, bal ëmmer aus hirem Misär erauskommen. Hei am Land kënnen "Obdachloser" dacks net emol Demandë maachen, fir Hëllef oder fir eng Aarbecht, well si keng fest Adress hunn. D'Zwéckmillchen, an där hei Lëtzebuerg stécht, ass, datt et jo u Wunnenge feelt, ergo och fir déi, déi guer keng hunn.

Onofhängeg vum Systemwiessel, deen am Logement hei am Land iergendwa riskéiert inevitabel ze sinn, kann ee sech aktuell duerchaus froen, ob den ekonomeschen Zyklus net am Gaang ass, nees op eng nei Wirtschafts- an/oder Scholdekris hinzesteieren. Mam ganze Konflikt, souguer Gewaltpotenzial, deen dat nees hätt, wann Leit an de Misär rëtschen. Wa se net lo schonn dra sinn. Dat ass a kengem sengem Interessi, och net vun deenen, deenen et verhältnisméisseg gutt geet.