Et gëtt an Europa nawell vill iwwert d’Impfflicht debattéiert. Also iwwert ee vum Parlament beschlossent Gesetz, wat et den eenzele Bierger a Biergerinne virschreift, geimpft mussen ze sinn.

An Éisträich ass esou eng Impfflicht säit Ugangs Februar Realitéit. Zu Wien, wou säit Méint géint d’Coronamesuren an och géint d’Impfflicht manifestéiert gëtt, gesinn ech ëmmer erëm Plakater, op deenen den "Ënnergang vun der Demokratie" prophezeit gëtt. Dobäi verfeelt dach grad dëst Gerieds iwwert d’Enn vum demokratesche System d’Realitéit.

Wat een nämlech net vergiessen duerf: de Prozess selwer, dee beispillsweis an Éisträich zum Impfflichtgesetz gefouert gouf, war näischt aneschtes, wéi virbildlech demokratesch Praxis. Vläicht muss een sech nach eng Kéier virun A féieren, wat dat genau heescht. Eng Bevëlkerung sicht sech selwer an enger oppener a fräier Wiel seng Vertrieder. Well ee basisdemokrateschen Entscheedungsprozess zwar net onméiglech, mee bedeitend méi ëmständlech ass, ginn op lokalem an nationalem Niveau Mënschen als Representante vun den eegenen Interête gewielt.

Dës Grupp vu gewielte Vertrieder setzen dann d’Interesse vun hire Wieler op lokalem an nationalem Niveau, beispillsweis a Form vun neie Gesetzer, ëm. Net ëmsoss gëtt ee bei de Walen engem aneren seng Stëmm. Mam Kräiz nieft hirem Numm gëtt een de PolitikerInnen den Optrag, fir ee selwer ze schwätzen. An zwar do, wou et wichteg ass. Also do, wou d’Entscheedunge getraff ginn: Am Gemengerot, genausou wéi an der Chamber. Ee gewielte Politiker mécht – als Vertrieder vu bestëmmte Wäerter an Ziler – näischt aneschtes wéi e Proff, e Bäcker oder e Bankbeamten. Just, dass seng Aarbecht dora besteet, déi aner dräi ze vertrieden. Doduerch huet de Politiker Brout an de Bäcker eng Stëmm.

Bis e Gesetz a Kraaft trëtt, vergeet vill Zäit an et gëtt vill debattéiert. De Prozess ass dovu charakteriséiert, dass all d’Meenunge vun all gewielte Vertrieder duerfen, sollen, a mussen ugehéiert ginn. Ouni den Accord vun engem Text, an deen all dës Meenungen agefloss sinn, gëtt et och keng Eenegung. D’Demokratie also lieft mat a vum Kompromëss. Den Dialog (an d’Bereetschaft dozou) sinn d’Loft, déi se fir ze ootme brauchen. Konsens an Dissens sinn zwee liewenswichteg Part‘en, déi aus der Demokratie e System maachen, an deem muss oppe geschwat ginn, fir op déi bescht Léisung fir déi ganz Bevëlkerung ze kommen.

An dëst Bewosstsinn féiert just zu enger Conclusioun: d’Demokratie geet net ënner. De beschte Beweis dofir ass, dass mir driwwer kënne streiden. Dass mer kënnen den Ënnergang prophezeien, lénks ewéi riets, an der Mëtt ewéi un de Ränner vum politesche Spektrum. Dass et iwwerhaapt esou ee wäite politesche Spektrum gëtt, an deem zwee diametral verschidde Meenunge fräi vertruede kënnen an duerfe ginn. Ween ëffentlech politesch streide kann, besëtzt eng Fräiheet, déi et an engem totalitäre System net gëtt.

An awer ginn et ëmmer méi Mënschen, déi tëscht sech an der Politik eng Trennlinn zéien, déi sech am Stach gelooss fille vun "Deenen do uewen". Deenen, déi hei zu Wien op de Maniffe voll blanner Roserei jäizen "Die Macht geht vom Volke aus!" kann ech just zoustëmmen: dat ass net méi wéi richteg. Dat heescht awer och, dass deen, deen dat jäizt, sech als alleréischten un der eegener Nues pake muss, wann een d’Gefill huet, seng Stëmm wier wäertlos gewiescht oder géing elo souguer géint hie mëssbraucht ginn. Souguer wann dat de Fall wier, ass et just d’demokratesch Regierungsform, déi et erméiglecht, aus deem Misär erëm eraus ze kommen: Fir dës bestänneg Verännerung suerge reegelméisseg oder och virgezunnen Neiwalen.

Wat d’Demokratie brauch, fir dass se fonctionéiert, ass d’Mateneen-Schwätzen. Demokratie heescht eben, och aner Meenungen zouzeloossen an onbedéngt kompromëssbereet ze sinn. Zur Demokratie gehéiert et, hiren Ënnergang ëmmer erëm nei verhandelen ze kënnen. Just, wa mer erëm léieren uerdentlech ze streide – also geuerdent all Meenungen no ze lauschteren – kënne mer de Mësstrauen an eise politesche System, deen a Wourecht hannert der Prophezeiung vu sengem Ënnergang läit, iwwerwannen.

E Commentaire vu Wien vum Pol Edinger