Zanter 2 Joer huet d’Corona-Pandemie d’Gesellschaft elo scho fest am Grëff. An deenen 2 Joer ass och ëmmer erëm op den Impakt vun der Pandemie op d’mental Gesondheet vun de Leit opmierksam gemaach ginn. Ma konkret huet sech awer net wierklech eppes gedoen, fënnt d’Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.

Op de sëllege Pressekonferenze vum Duo Bettel-Lenert, an zeg Interventioune vun Deputéierten an der Chamber oder allgemeng am Kontext vun der Pandemie, gëtt zanter bal zwee Joer ëmmer erëm betount, datt d’mental Gesondheet vun de Leit duerch d’sanitär Kris enorm gelidden huet. Engersäits huet déi nei Situatioun, mat Lockdown, Kontaktbeschränkungen an esou viru bei deem engen oder aneren zu mentale Problemer gefouert, déi ee virdrun net kannt huet, ob där anerer Säit huet de Virus d’psychesch Problemer vu Leit och zum Deel verstäerkt a verschlëmmert.

De Commentaire vum Claudia Kollwelter

Experte si sech eens, datt och zu Lëtzebuerg Depressiounen, Angschtzoustänn a Suicide-Gedanken zouhuelen. Mat ënnert anerem enger Hausse vun den Energiepräisser an dem Ukrain-Krich klammen och d’Suergen an d’Ängschte vun de Leit. Ee Problem bleift awer deen nämmlechte wéi och scho virun der Kris. Nämlech, datt Psychologen a Psychotherapeuten hei am Land nach ëmmer net rembourséiert ginn, mee just d’Psychiateren zu iwwer 80%, wéinst hirer Ausbildung als Fachmedezinner.

2015 scho gouf d’Gesetz gestëmmt, mat deem de Beruff vum Psychotherapeut hei am Land unerkannt gouf. D’Negociatiounen tëscht der Gesondheetskeess an der Fapsylux, déi d’Psychotherapeuten hei am Land representéiert, sinn zanter Joren ëmmer erëm ënnerbrach an erëm opgeholl ginn.

D’Haaptpunkten op deenen ee sech net eens gouf, waren ënnert anerem d’Fro, wie vu sou engem Remboursement profitéiere kéint, wou d’Fapsylux kloer gefuerdert huet, datt et zum Beispill keng Alterslimitte ginn, awer och op just Therapeuten dozou zielen, déi vun der CNS zougelooss sinn oder net. Jee et gëtt schonn zanter Joren negociéiert, ma fir de Patient huet sech nach ëmmer näischt Konkretes gedoen!

Tëscht 70 an 150 Euro kascht eng Stonn bei engem Psycholog oder Psychotherapeut an der Reegel. Datt et mat enger Seance net gedoen ass, liicht jidderengem an, dee sech och nëmme minimal mat mentale Problemer auskënnt. Relativ séier kann also en zolitte Käschtepunkt op concernéiert Leit duerkommen, dee bei wäitem net jidderee kann aus eegener Täsch bezuelen. Ma normal ass et awer net, datt eng Persoun déi Hëllef brauch, op Grond vum Präis zéckt sech déi och ze sichen. Am Oktober zejoert huet den deemolege Minister fir Sécurité sociale nach an Aussiicht gestalt, datt vu Januar un d’Psychotherapie schlussendlech vun der Krankekeess kéint rembourséiert ginn an datt ee sech der Wichtegkeet dovu bewosst wier. Lo kann ee soen, datt et no 7 Joer och net méi op e puer Méint ukënnt, an awer muss ee sech froen, wéi wichteg a seriö d’mental Gesondheet hei am Land da wierklech geholl gëtt. Et geet net duer, ze versichen, déi ganz Thematik emol ze enttabuiséieren, mee et muss een deene Leit, déi sech wëllen Hëllefe loossen, och déi finanziell Méiglechkeet dofir ginn.

Et ass ze hoffen, datt d'CNS an d'Fapsylux elo sou séier wéi méiglech op e gemeinsamen Nenner kommen an d’Diskussioun vum Remboursement hei am Land ee fir allemol der Vergaangenheet ugehéiert a jiddereen deen Hëllef brauch, dës och zu engem räsonabelen Tarif ka kréien.