Resignatioun, Frustratioun an Angscht. Déi ukrainesch Flüchtlingen, déi et bis iwwer d‘Grenz packen, hunn e Calvaire hannert sech. D‘Europäesch Unioun ass hir Rettung. Et ass een Hoffnungsschimmer... dee sech awer als eng weider Epreuve erausstellt. D‘Annick Goerens huet 28 Flüchtlingen op hirem Wee op Lëtzebuerg begleet.

An ech hunn d‘Grenze vun der Europäescher Unioun a vum Schengen-Raum op eng Aart a Weis kennegeléiert, wéi ech mer dat ni hätt kënne virstellen an zwar well ech mat Flüchtlinge aus der Ukrain ënnerwee war. D‘EU huet versprach ukrainesch Flüchtlingen „onbürokratesch an einfach“ opzehuelen. Et stellt sech awer eraus: Theorie ass déi eng Saach – Praxis déi Aner.

Commentaire vum Annick Goerens

A Rumänien komme mer net eran, well mer Leit aus der Ukrain derbäi hunn. Se fäerte mer géinge se do loossen. Rumänien, wuel gemierkt, ass zanter 2007 Member an der EU. Mee net vum Schenge-Raum.

Um Retour sti mer op der selwechter Grenz 14 Stonne wéinst den ungaresche Grenzposten. 14 Stonnen ouni ze wëssen, wat geschitt. Toiletten op der Grenz sinn zougespaart. Leit ouni de Luxus vun enger Toilette am Bus si forcéiert niewendrun an d‘Hecken ze goen. Eise Chauffeur huet 100 Meter a 6 Stonne gemaach. Mir hu 17 Kanner am Bus. Kanner, déi duerno am Ganze 40 Stonnen am Bus waren – ouni Dusch, ouni Bett, ouni Rou. Kanner, déi kräischen, well se net verstinn, wou de Papp ass. Mammen, déi Video-Messagë kréie vun hiren Männer, déi am Keller sëtzen a kräischen, well se net wëssen, wéi et mat hinnen an hirem Doheem weidergeet. D‘Frae kräischen a se dréine sech fort vun de Kanner, mee dat bedréckend Gefill bleift. E Gefill vun der Hëlleflosegkeet – op Däitsch gëtt e bessere Begrëff: e Gefill vun der Ohnmacht.

No 12 Stonnen hëlt eis déi ungarescher Grenz-Police all eis Päss ewech an déi gro Kaart vum Bus. Mir waarden nach eng Stonn a ginn da mat enger Police-Eskort fortbruecht. Ouni ze wësse wouhin, ouni erkläert ze kréien firwat. Kommunikatioun ass ESSENTIELL. Wann ee versteet, wat geschitt, muss een och keng Angscht hunn. D‘Mamme si besuergt. Ungarn - E Land, vun dem si net vill Guddes am Bezuch mat Flüchtlingen héieren hunn. Komme mer an ee Flüchtlingscamp? Oder brénge se eis zeréck op d‘Grenz a geheien eis eraus? Ech weess et net. A soen, dass näischt geschitt, well mir jo derbäi wieren. Mee éierlech gesot - weess ech et jo och net besser.

Mir kommen op Aranyosapáti – e klengt Duerf an der ungarescher Pampa. An der Police-Eskort sinn nach op d‘mannst 3 aner Busser an eng sëllegen Autoen. Déi Zeenen, déi suivéieren, si grujeleg. Well nach ëmmer weess keen, wat geschitt. Ech gi bei d‘Police kucken, stelle Froen, mee „no speak English“ ass alles, wat ech ze héiere kréien.

Am Bus virdrunner – deen och voller Flüchtlingen ass – sëtzt eng 62 Joer al Fra. Hir ass net gutt. De Buschauffer versicht den Autoritéiten dat z‘erklären. D‘Fra fält ëm… et gëtt eng Häerzmassage gemaach – d‘Ambulanz kënnt. Bei knapp 0 Grad doe se d‘Fra komplett uewen aus. Hiert Meedchen – Ufank 30 – an hiert Enkelkand e klenge Bouf vun 3-4 Joer kucken no… eidel Blécker. Et ass keng Reaktioun méi do. Se loosse mol net d‘Famill bäi. Et gëtt Gejäiz an d‘Stëmmung gëtt aggressiv. D'Fra stierft méi spéit an der Ambulanz.

Et si Biller, déi een och elo net méi lass loossen. Mir sinn an Ungarn: EU-Member zanter 2004. Ech wëll net engem ganze Land schlechte Wëlle reprochéieren. Mee Europa ass grouss an wie kontrolléiert dann, wat sech op de Grenzen ofspillt an esou exzeptionelle Situatiounen? Ech hunn Diplomaten op héchstem Niveau ageschalt: den Ausseminister Asselborn, den Ambassadeur vun Éisträich, den Ambassadeur vun Ungarn, Conseillere vun der Representation permanente vu Lëtzebuerg bei der EU… ech ka Fiedem zéien. Mee wat ass mat all deenen aneren?

Eng gutt Nott fir de Schluss: iwwerall hu mer och vill Solidaritéit gesinn. D‘Ungaren aus dem klengen Duerf hunn Zoppe gekacht. D‘Rout Kräiz an aner Organisatiounen hunn op ville Plazen Decken, Iessen a Gedrénks verdeelt. Matgefill a Mënschlechkeet sinn net komplex. Mee se gi verluer. Komm mir hale se weiderhin héich. Net just elo, mä och nach an e puer Wochen a Méint – wa mer eis schonn ze vill un dës nei Situatioun gewinnt hunn. Vergiesse mer net, dass mer all just Mënsche sinn. Mir hunn all Respekt an Dignitéit verdéngt. Egal wéi eng Hautfaarf, Nationalitéit, Relioun oder Kultur.