Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain virun 3 Woche sinn elo scho méi Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ukomm wéi nach ni an engem Joer. Den Accueil wäert kee Selbstläufer ginn. Ouni Solidaritéit a vill gudde Wëlle wäert et net goen. Duerfir wier et wichteg, déi ablécklech Solidaritéit sou laang et geet um Liewen ze halen. An dat ass awer alles anescht wéi evident.

Réckbléck. 2015 ass Lëtzebuerg wéinst dem Syrien-Krich mat enger däitlecher Hausse vun Asyldemandë konfrontéiert. Well d'Land fir Urgencë schlecht opgestallt ass, plangt d'Regierung provisoresch Nout-Opfaangstrukturen. Ma déi initial Iddi vun de Containerdierfer gëtt néierens sou ëmgesat, wéi ugeduecht a verschwënnt iergendwann ganz am Tirang. Et gëtt sech op ville Plazen un der Capacitéit vun de Strukture gestouss.  Biergerinitiative forméiere sech. Et gëtt geklot. Den Nimby-Reflex setzt an. Sou séier ka Solidaritéit un hir Grenze stoussen.

Commentaire vum Claude Zeimetz

Och dem deemolegen Inneminister Dan Kersch säin Appell un d'Gemengen, fir Wunnengen nom Modell vun der Agence immobilière sociale fir Flüchtlingen a Leit mat finanzielle Schwieregkeeten zur Verfügung ze stellen, fënnt nëmme wéineg Uklang. Mat der Baisse vun den Asyldemanden an de Joren duerno, hëlt net nëmmen d'Urgence, mä och déi politesch Volontéit of, fir sech fir zukünfteg Flüchtlingsbeweegung besser opzestellen.

Mam Resultat wat mer haut gesinn.

Sécher, déi bal 3.000 Demanden an de leschten dräi Woche sinn der souvill, wéi der an de leschten zwee Joer zesumme mol net registréiert goufen, sou vill wéi nach ni virdrun. Datt d'Servicer duerch sou e groussen Afflux, virun allem a sou kuerzer Zäit, un hir Limitte stoussen, hätt duerch näischt kënnen evitéiert ginn. Datt d'Mataarbechter an d'Associatioune mussen iwwert sech rauswuessen, fir séier Léisungen, séier en Ënnerdaach ze fannen, verdéngt Luef an e grousse Merci.

Déi improviséiert Reaffektatioun vum Shuk war hoffentlech nëmmen en onglécklechen Ausrutscher an der Urgence. Associatioune warne schonn, et dierft net den Androck entstoen, datt mer et mat "gudden" oder "schlechte Flüchtlingen" ze dinn hätten. Datt d'Servicer duerch sou e groussen Afflux a sou kuerzer Zäit un hir Limitte stoussen, hätt duerch näischt kënnen evitéiert ginn.

Mä et bleiwe strukturell Defiziter an ee strukturelle Problem, deen an de leschte Joren net ugepaakt gouf an dee wäit iwwert d'Immigratiounsfro eraus geet. An zwar de Logement.

Déi 4.000 Better an de Foyere vum Office national de l'Accueil, dem ONA ware scho virun der Arrivée vun den Ukrainer saturéiert. Notamment well d'Hallschent Leit sinn, déi de Flüchtlingsstatut unerkannt kruten an deemno theoretesch no 12 Méint um fräie Marché ënnerdaach misste kommen. De Sprong a méi en autonoomt Liewen awer aus den al bekannte Grënn net ze packen. Mir hunn e Méindeg nach um Radio vun enger syrescher Flüchtlingsfamill geschwat, déi zanter 6 Joer an engem Stater Foyer wunnt. Net auszemolen, wéi mer am aktuelle Kontext do stoe géifen, wa sech net sou vill Privatleit mobiliséiert hätten. Op der anerer Säit confirméiert et awer och d'Problematik vun den eidelstoende Logementer, déi nach ëmmer allgemeng net séier genuch viabiliséiert ginn.

D'Flüchtlingen, déi aus der Ukrain kommen, wäerten net déi lescht Mënsche sinn, déi Schutz zu Lëtzebuerg sichen. Dat ass um Hannergrond vun der Klima-Kris eng absolut Gewëssheet. D'Fro stellt sech, ob dann d'Solidaritéit genee sou grouss ass, wa se dat an der Vergaangenheet schonn net ëmmer war. Schéi wier et, wa mer déi richteg Léieren zéie géifen. Elo scho gi mer drop ageschwuer, fir e laangen Otem ze hunn an eis op e Marathon ze preparéieren. Metapheren, déi mer nach ze gutt aus der Covidkris kennen. Ma déi huet eis gewisen, wéi séier Solidaritéit zu Frust, Spaltung an Egoismus ka ginn. De Risiko ass hei ëm sou méi grouss, datt ee géint deen Aneren ausgespillt gëtt. D'Politik ass gefuerdert, dat konsequent ze verhënneren, a selwer mam gudde Beispill virzegoen. Mat allem wat dozou gehéiert.