D’Regierung an d’Sozialpartner hu sech - wéinst den héije Präisser, besonnesch den Energiepräisser - prinzipiell op e Mesurëpak gëeenegt. Den Index bleift a Bensinn a Masutt gi vum Staat méi bëlleg gemaach. D’Carine Lemmer huet sech doriwwer Gedanke gemaach.

E Commentaire vum Carine Lemmer

Den Index suergt fir soziale Fridden hei am Land an erspuert de Gewerkschaften och vill Aarbecht. An normalen Zäiten ass den Index-Automatismus net schlecht. Op d’mannst fir déi, déi schaffe ginn oder eng Pensioun kréien. Wann d’Pai manner wäert gëtt, verdéngt een automatesch méi. Fir de Patron ass dat natierlech méi komplizéiert. Jidderengem 2,5% bäi ginn, wärend och fir ee selwer d’Präisser klammen, ass manner evident. Déi méi héich Fraisë ginn da scho reegelméisseg un de Client weider ginn. An d’Präisser klammen also weider.

D'Belsch huet och en Index, awer do sinn déi «ongesond» Saachen net mat dran. Tubak, Alkohol, Bensinn an Diesel sinn net méi am Wuerekuerf. D’Chambre de Commerce hat dat och fir Lëtzebuerg proposéiert. Fir d’Gewerkschaften ass dat awer keng Optioun. De Wuerekuerf wär e Reflet vun deem, wat d’Leit consomméieren an net geduecht fir Gesondheets- oder Klimapolitik ze maachen. "Firwat eigentlech net?", däerf ee sech froen.

Den Index ass och net geduecht fir Sozialpolitik ze maachen. E suergt nämlech derfir, datt d’Schéier tëscht Aarm a Räich méi grouss gëtt. Muss den Index wierklech op der ganzer Pai sinn? Déi Fro taucht ëmmer nees op. Wann een 10'000 Euro de Mount verdéngt, kritt een 250 Euro de Mount bäi. Verdéngen ech nëmmen 2.000 Euro sinn et just 50 Euro. Sozial gerecht ass dat net, mä et misst een natierlech do virdru schonn d’Fro stellen, ob et gerecht ass, datt deen ee fir 40 Stonne schaffe 5 Mol méi verdéngt wéi deen aneren. Den Index bleift also, och elo a Krisenzäiten. Déi Tranche vum August soll awer op d’nächst Joer verréckelt ginn. Eng Indextranche pro Joer kléngt verstänneg, plus en Ausgläich fir déi Akommes-Schwaach.

Eng Mesure ass dann och, datt de Staat 7,5 Cent de Liter beim Diesel, Bensinn a Masutt bäileet. Bis den 31. Juli soll dat gëllen. De Staat subventionéiert also déi Produiten, déi e fir méi Klimaschutz méi deier gemaach huet. Natierlech ass deen, deen Tanke geet oder säi Masuttstank fëllt, deen Dommen. Mir musse bezuele fir d’Krisen an ënnert anerem fir eng OPEC, déi d’Präisser an d’Luucht dreift. Mä muss de Staat wierklech fir jiddereen de Sprit méi bëlleg maachen? Mir mäin Tank méi bëlleg maache mat Steiergelder? Obwuel ech mech bewosst ka fir e spuersamen Auto decidéieren. En Elektroauto. Oder och guer keen Auto. Obwuel ech ka gratis mam Bus oder Zuch fueren. Eppes wat an anere Länner fir eng begrenzten Zäit gefuerdert gëtt a wat mer hei scho laang hunn. Den Autofuerer war nach ëmmer gefaart an der Lëtzebuerger Politik. Mir wësse wat politesch mat engem ka geschéien, wann een zum Beispill d’Autossteier erop setzt.

D’Hëtzen ass en anere Problem. Wat sinn dann d’Alternativen zu enger Masuttsheizung oder Gas? Eng Wärmepompel geet schlecht, wann ech keng grouss Heizkierperen hunn, respektiv eng Buedemheizung. Eng Pellet-Heizung, also mat Holz hëlzen, ass och problematesch wéinst dem rénge Stëbs. Ech kann awer decidéiere wéi vill ech hëtzen. Eng grouss Wunneng brauch och méi Hëtzes, och dat ass e Choix.

Mir kennen zanter Joren a Joerzéngten d’Problemer, déi et mat de fossillen Energie gëtt. Sinn ze vill ofhängeg dovunner a vun ondemokratesche Länner a maachen awer weider wéi gewinnt an hunn net genuch an erneierbar Energien investéiert.

Dat gëtt fir de Konsument ëmmer méi deier.