D'Geschicht vun der Véronique Scheins kann een net kal loossen. No enger mësslongener Operatioun ass si fir de Rescht vun hirem Liewen handicapéiert. Wéi mir e Méindeg gemellt hunn, ass hire Fraendokter antëscht a Frankräich am Prisong, wéinst engem medezinesche Feeler, deen an der Fachliteratur nach net beschriwwe gouf. Bis viru kuerzem huet de Medezinner hei am Land geschafft. D'Erklärunge vun der Gesondheetsministesch dozou loosse Froen op, fënnt d'Fanny Kinsch a sengem Commentaire.

Commentaire vum Fanny Kinsch

Op där enger Säit schreift d'Gesondheetsministesch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro, datt d'Gesetz misst ugepasst ginn. Op där anerer Säit seet d'Paulette Lenert am RTL-Interview awer, datt d'Kontroll an der Rei wier, sou wéi se géing gemaach ginn. Eigentlech schonn e Widdersproch, an et bleift awer a Fro ze stellen, ob d'Kontroll sou gutt fonctionéiert. D'Ministesch sot, si kéint net definitiv beurteelen, ob et e Problem um europäeschen Niveau mam Austausch vun Informatioune gëtt. E Bléck op d'Detailer vum Dossier verréit, wann dat net de Problem war, da gouf hei am Land d'Kontroll net eescht geholl.

2017 huet den Dokter d'Aarbechtsgeneemegung zu Lëtzebuerg kritt. Vun deem Zäitpunkt un hat en 2 Joer Zäit sech z'installéieren. 2018 ass et zum Tëschefall komm. De Gynekolog krut a Frankräich e Verbuet vun engem Joer, fir Operatiounen ze maachen. Doropshin hätt hien och zu Lëtzebuerg net dierfen operéieren, esou d'Ministesch.

E puer Deeg nodeems d'Urteel am Appell gesprach gi war, also am Januar dëst Joer, wier een doriwwer a Kenntnis gesat ginn an hätt dem Mann d'Aarbechtsgeneemegung ofgeholl. Allerdéngs ass den Dokter bis haut nach um Internetsite vum Collège médical ze fannen. A wéi mir am Kader vun eiser Enquête den 21. Mäerz per Telefon do nogefrot hunn, ob den Dokter nach ëmmer zu Lëtzebuerg géing schaffen, war d'Äntwert, datt en nach ëmmer ageschriwwe wier. Dat war 11 Deeg nodeems en op Basis vun engem europäeschen Haftbefeel u Frankräich ausgeliwwert gouf. Huet den Dokter an deene knapp 2 Méint tëschent dem Urteel an der Ausliwwerung nach hei geschafft?

Ma och iert den Dokter an zweeter Instanz verurteelt gouf, war hien a Frankräich scho vum Ordre des médecins ausgeschloss ginn a krut e komplett Beruffsverbuet. D'Paulette Lenert seet, et wier een tributär vun den Informatiounen, déi een aus dem Ausland kritt. Ma et schéngt awer op d'mannst vu baussen esou, wéi wann d'Informatiounen do gewiescht wieren.

2020 gouf schonn an der Press thematiséiert, datt den Dokter aus dem franséischen Ordre des médecins ausgeschloss gouf. Spéitstens nom Prozess an éischter Instanz viru Geriicht war ëffentlech bekannt, datt et a Frankräich e komplett Beruffsverbuet géint de Gynekolog gouf. Datt de Mann a Frankräich an éischter Instanz am Juni 2021 zu 2 Joer festem Prisong a liewenslaangem Beruffsverbuet verurteelt gouf, war ouni Problem duerch eng Recherche an enger Online-Sichmaschinn eraus ze fannen.

D'Ministesch selwer huet de Mann als "sougenannte Metzler" bezeechent, dee säin Numm an hiren Aen och verdéngt hätt. Dofir ass et ëmsou manner ze verstoen, datt de Gynekolog esou laang nach an aller Rou hei konnt schaffen, mat de potentielle Geforen, déi dat fir seng Patientinnen hei am Land mat sech bruecht huet.

Et ass och schlecht fir d'Bild vun der Majoritéit vu seriöen Dokteren, wa bei schwaarze Schof nëmmen hallefhäerzeg opgepasst gëtt.

Wann ee bei den Dokter geet, muss ee kënnen dovunner ausgoen, datt een där Persoun vertraue kann. Et ass een an enger vulnerabeler Positioun. Dat stëmmt fir medezinesch Visitten am allgemengen, ma et ass awer nach ee mol méi wouer beim Gynekolog. Et geet ëm d'Intimsphär. Wann ee mat enger Gebärmutter an Eeërstäck op d'Welt komm ass, kritt ee vu jonkem Alter u recommandéiert, ee mol am Joer bei e Gyneko ze goen. Ma gynekologesch Gewalt ass ee Volet vun der Gewalt géint Fraen, deen ze laang ignoréiert gouf. Dat misst dem Ministère eigentlech bewosst sinn, vue datt e selwer scho virun 3 Joer en Avis zu deem Thema vum Conseil scientifique dans le domaine de la santé gefrot huet.

Do misst dach einfach besser op d’Patienten opgepasst ginn. Datt dat net geschitt, ass beonrouegend a wërft Froen iwwert d'Gesondheetsversuergung vun de Fraen zu Lëtzebuerg op - déi en plus fäerte mussen, datt wärend hirer Schwangerschaft d'Maternité, an där d'Gebuert geplangt war, zougemaach gëtt. Sinn dat wierklech d'Standarden an engem räichen europäeschem Land am Joer 2022?