D'Protagoniste vun Tripartiteverhandlunge confirméieren, wéi presséiert de Xavier Bettel op en Accord gedrängt huet. Dat ënnermauert och déi faméis Pressekonferenz, wou de Premier Patronat a Gewerkschaften spéit owes nach fir e sougenannten Accord de Principe virun d'Kamerae gezunn hat. D'Regierung wollt eng séier Reaktioun weisen a muss elo léieren, dass grouss Wonne mat Plooschteren net ze heele sinn. E Commentaire vum Pierre Jans.

De Commentaire vum Pierre Jans

D‘Modelle vum Statec, mat deene bei der Tripartite ausgerechent gouf, wéi héich de Kafkraaftverloscht vun de Salariéen ass, si schonn iwwerholl. Déi nei Previsioune vum Statec schwätzen eng kloer Sprooch. D'Präisdeierecht klëmmt weider: 5,8% Inflatioun fir dëst Joer, 2,8% fir dat nächst.

Déi nächst Indextranche kënnt méi fréi a se kënnt a sou Zäite seelen eleng. An da gëtt monter verréckelt. Anescht erstécken d‘Betriber un der Masse salariale. Verschiddener profitéiere leider, mä déi meescht brauchen déi Entlaaschtung. Dorun ännert sech näischt.

Grad ewéi um Fait, dass déi sougenannt „Iwwerkompenséierung“ fir verschidde Stéit – bei där vun Ufank u gezweiwelt gouf, ob se de Präfix „iwwer“ verdéngt hätt – elo warscheinlech ugepasst muss ginn. Beim Statec gouf déi lescht Deeg gerechent a modelléiert. An da gi mer gewuer, wéi wéineg vun reeller Entlaaschtung fir d‘Leit nach rieds ka sinn.

D’Steierkreditter an aner Mesuren, déi besonnesch déi kleng- a mëttel Revenuen entlaaschte sollen, sinn en plus nach zäitlech begrenzt. Déi nächst Tripartite ass virprogramméiert, ob dat nom Gusto vun der Regierung ass oder net.

Komplex Entscheedunge musse geholl ginn. Ganz akut fir d'Inflatioun ze bremsen. Do muss d'Regierung eventuell onpopulär Spuermoossnamen ergräifen. Mat Kapp muss dann awer och den Debat iwwer d'Steiere gefouert ginn. Et ass deen eenzegen nohaltege Wee fir sozial Gerechtegkeet. Eng Upassung vun de Steiertabellen un d‘Inflatioun wäert vun e puer Parteie gefuerdert ginn. Méi héich Spëtzesteiersätz wäerten och diskutéiert ginn.

Egal wéi sti grouss Changementer an d'Haus, mä d‘Politiker denken den Ament just bis Oktober 2023.

De Wirtschaftsminister Franz Fayot versprécht zum Beispill, et géif keng Indextranche annuléiert ginn. Dat heescht just, dass dës Regierung alles wäert maachen, fir déi Decisioun hannert d‘Walen ze reportéieren an op déi nächst Regierung ze iwwerdroen. Rette sich wer kann.

Well wann iergendwann e puer cumuléiert Indextranche mateneen ausbezuelt misste ginn, da géif d'Patronat op d'Barrikade goen. D'Roserei vum OGBL krut Blo-Rout-Gréng schonn ze spieren, a mol kucken, wien nach beim LCGB eppes z'iesse kritt, wann dann effektiv Indextranchen annuléiert misste ginn.

D'Stëmmung ass net gutt an d'Previsiounen drécke se nach. Esou déif, dass richtege Buttek virprogramméiert ass, wéi mäi Kolleeg François Aulner scho rezent op dëser Plaz sot.

Et ass fir d'Land net gutt, dass d'Regierung vill ze fréi an de Walkampf mat eraklëmmt, an – an hirem politesche Long-Covid - net méi schaarf drop ass, wichteg Decisiounen ze huelen.