Dacks gëtt et e falscht Verständnis doriwwer, wat de Staat ass, wa Leit mengen, se misste fir eng Leeschtung kompenséiert ginn, déi se net an Usproch huelen. Sou wéi elo rezent an der Diskussioun ëm d’gratis Maisons relaisen. Dat ass net déi richteg Manéier, fir ze denken, mengt d’Diana Hoffmann a sengem Commentaire.

Commentaire vum Diana Hoffmann

"Lieber Staat, ich fühle mich so rundum wohl in dir. Lieber Staat, es weht ein Wind von Freiheit hier. Du erklärst mir immer wieder, was erlaubt ist und was nicht. Lenkst mein Leben jeden Tag und bist furchtbar fürsorglich. Ach, was wäre ich ohne dich."

De Jan Vetter, villäicht deem engen oder aneren als Farin Urlaub bekannt, séngt dës Zeile sécher net ouni eng gutt Portioun Sarkasmus. Ma et huet een d’Gefill, datt eng ganz Partie Leit awer dat Bild vun engem Sozialstaat hunn. De Staat als Papp? Oder dach éischter direkt als Mëllechkou, déi nëmme brauch gestrach ze ginn?

E Beispill: Vum nächste Schouljoer u si jo d’Maisons relaise gratis. Genausou och d’Iessen do. Direkt no der finaler Annonce sinn d’Diskussioune lassgaangen: Kréien ech, dee sech Doheem ëm seng Kanner këmmert, elo eng finanziell Kompensatioun? Oder kréien ech elo Suen, well ech fir meng Kanner kachen? Mäi Kand ass awer am Lycée an do ass d’Iessen net gratis. Jo, dat sinn alles Punkten, iwwer déi ee kann nodenken... Mee kënnt een dann net séier zu der Conclusioun, dass dat eng egoistesch Vue ass? Dovunner auszegoen, et géing engem eppes entgoen, just well deen aneren eppes kritt?

Sollt een déi gratis Konzepter: vu gratis ëffentlechem Transport, gratis Schoulbicher oder elo déi gratis non-formal Bildung skeptesch kucken? Jo, et kann een ëmmer froen, wou Geld am sënnvollsten investéiert ass. An d'Mesuren eleng stoppe selbstverständlech net de Fait, datt den Aarmutsrisiko hei am Land weider an d’Luucht geet. Anersäits kann ee sech awer och emol einfach fir den Noper freeën, och wann een net ënner de Beneficiairen ass.

Mee déi Approche, ze mengen, de Staat misst dofir suergen, datt jiddereen eppes kritt, ass falsch a villäicht an de leschte puer Joer ëmsou méi wärend der Covid-Pandemie verstäerkt ginn. Do war de Staat nämlech dacks omnipresent. Wa Geld an der Krisenzäit gebraucht gouf, waren direkt d’Millioune bei Hand. Villäicht ass dat jo eng Erklärung fir en elo verzerrt Staatsverständnis, dat aus dem Rudder geroden ass.

Dofir sief nach eng Kéier drun erënnert: De Staat ass net däi Papp an en ass net deng Mamm. E gudde Sozialstaat ass souzesoen "à la base" eng Versécherung fir de Fall, datt eppes schifgeet am Liewen. Sou wéi duerch Krankheet oder Chômage. An doriwwer eraus ass e leider bis elo och do, fir deene Leit ze hëllefen, déi schaffen an trotzdeem um Existenzminimum krazen. Woubäi et dat, an a fir sech, eigentlech guer net sollt an däerft ginn. Wie schafft, muss nämlech och kënne liewen.