Wa sech bei guddem Wieder vill Leit an der fräier Natur treffen, hannerloosse si och vill Knascht. Hei gëllt, dës Persounen, ma awer och d'Politik, ze responsabiliséieren, fënnt de Kevin Kayser a sengem Commentaire.

De leschte Weekend iwwer hate mer am ganze Land herrlecht Wieder an dëst huet vill Leit gelackelt, fir sech an der fräier Natur, "de préférence" an der Géigend vu Waasser opzehalen: Vum Stauséi bis bei de Séi zu Iechternach, vun der Musel bis bei d'Séien zu Wäiswampech. Ma nodeem d'Visiteuren, Schwëmmer a Sonnenubieder fort waren, ass Verschiddenes iwwereg bliwwen: Knascht, Dreck a vill eidel Fläschen.

Sief dat direkt um oder deels am Waasser, op de Grillplazen, op de Wisen oder esouguer an den Hecken: Iwwerall hu verschidde Leit hiren Dreck einfach leie gelooss oder carrement an der Natur entsuergt. An de soziale Medie suerge Fotoen, déi no dëser Sauerei publizéiert goufen, fir vill Gespréich a Roserei.

Nieft Beleidegunge fir déi Persounen, déi den Dreck hannerloossen an de fantasievollste Strofe fir dës Knaschtbattien, kommen awer och ëmmer nees Iwwerleeungen, wéi een dës Problematik wierklech ugoe soll. Well nieft de Leit, déi hiren Dreck einfach an der Natur leie loossen, sinn och d'Autoritéiten an d'Politik gefuerdert. Op ville Plazen nämlech feelt et einfach fir esou Zäiten u genuch Poubellen. Dëst gesäit een emol gären, wa Leit hiren Dreck an zouenen Tuten nieft der Poubelle stoe loossen. Rezent war ech do zu Iechternach um Séi ënnerwee, wou een de Problem probéiert ze léisen, andeem ee wärend de Spëtzeméint, wou vill Touristen ënnerwee sinn an um Séi grillen, iessen a feieren, grouss Poubellen, scho quasi Container, ronderëm déi beléifte Plazen opstellt, fir datt d'Leit eng Plaz hunn, fir hiren Dreck z'entsuergen.

Ma et kéint een nach méi wäit goe wéi just Dreckskëschten opzestellen, fir d'Leit hoffentlech ze animéieren, hir Saachen dohinner ze geheien, wou se higehéieren. Weider kéint een d'Leit nach iwwert en anere Wee motivéieren, hiren Dreck ewechzegeheien, respektiv esouguer vläicht nees mat zeréckzehuelen: De "Pfand", dee jo an Däitschland scho grousse Succès gefeiert huet a wou net méi spéit wéi dëst Joer d'Pfand-Präisser vu ville Saachen no uewen adaptéiert goufen.

Fläschen aus Glas a Plastik wéi awer och Béchse fënnt een net just op de Séien, Flëss a Weieren, mä och soss op ganz ville Plazen an der Natur an an de Stied. Si bleiwen einfach do leien, wou se eidel gemaach goufen, nom Motto "Nach mir die Sintflut". An dobäi kënne Fläschen, wa se duerch iergendeen Ëmstand briechen, aner Persounen oder Déieren deels schwéier blesséieren.

Ee Virdeel vum Pfand wier, datt een hei net e komplett neit Konzept misst erfannen, well et eben an Däitschland an an Dänemark scho Systemer ginn, déi getest an ausgeräift sinn. De Pfand géif och net dofir suergen, datt d'Gedrénks méi deier gëtt, well een dat, wat ee beim Akafe supplementär bezilt, beim Zeréckbrénge vun de Fläschen a Béchsen och nees géif erëmkréien. A wéi och bei eisen däitschen Nopere géifen eventuell Leit dovu profitéieren, wann anerer hir Pfand-Fläschen a -Béchsen net selwer wëlle recycelen.

Als Fazit sinn natierlech mir alleguer selwer gefuerdert, méi no eise Matmënschen an der Natur ze kucken, andeems mer eisen Dreck, dee mer jo och selwer bis op de Séi, de Floss oder d'Picknickplaz kritt hunn, och bei déi nächst Poubelle oder erëm bis heem kréien, fir en do ze recycléieren. Ma och ass d'Politik gefuerdert, fir net ëmmer nëmme vu Recycling an Naturschutz ze schwätzen, mä an dësem Sujet emol mat verschidde konkrete Mesuren aktiv ze ginn, andeem si méi Poubellen opstellen, e Pfand aféieren a vläicht nach op ganz aner Iddie kommen, fir dem Verdrecke vun eiser Ëmwelt entgéintzewierken.