Net nëmmen d'Amerikaner, uechtert d'ganzt Welt waren a sinn nach ëmmer Leit schockéiert vum Revirement vum amerikanesche Supreme Court, dee leschte Freideg d'Grondsazurteel vun 1973 gekippt huet, dat Avortemente prinzipiell erlaabt huet. E Rappell fir jiddereen, datt laang erkämpfte Rechter ni selbstverständlech sinn. E Commentaire vum Claude Zeimetz.

Commentaire vum Claude Zeimetz

Obwuel eng äerzkonservativ Minoritéit elo mat Hëllef vun de Riichter Recht krut, ass eng Majoritéit vun den amerikanesche Bierger net averstane mam Urteel vun e Freideg, dat dat a Fro stellt, wat hir Mammen a Groussmammen haart erkämpft hunn. Déi meescht fäerten donieft, datt dat Iewescht Geriicht net hei stoe bleift, mä och de "Mariage pour tous" a Fro stellt an den Accès zur Contraceptioun limitéiere kéint. Datt dat net mat den Hoer erbäi gezunn ass, weist, datt elo scho Staaten driwwer nodenken, souguer d'Pëll fir duerno ze verbidden. Dräi US-Staaten hu vun enger Minutt op déi aner reagéiert an Avortementen direkt verbueden. Am Ganze kéint elo ronn d'Hallschent vun de Bundesstaaten d'Gesetzer verschäerfen.

Wat déi Iewescht Riichter fäerdeg bruecht hunn, ass eng Zwouklassegesellschaft ënnert de Schwangeren ze schafen. Fraen, déi et sech leeschte kënnen oder an enger vun den Entreprisë schaffen, déi d'Käschte fir en Deplacement  iwwerhuelen, wäerten och weider ënner séchere Konditiounen ofdreiwe kënnen. Persounen, déi souwisou schonn aus prekäre Verhältnisser kommen, net. Duerfir wäert et awer net manner Ofdreiwunge ginn. A Länner, an deenen IVGen verbuede sinn, ass d'Zuel vun Ofdreiwunge genee sou héich wéi do, wou liberal Gesetzer gëllen. Vill méi wäert d'Zuel vun illegalen a geféierlechen Avortementen an d'Luucht goen, bei deem am schlëmmste Fall d'Fra den Agrëff mat hirem Liewe bezilt.

Wéi richteg dës Ausso ass, weist och e Fall vun der leschter Woch vun enger Amerikanerin, bei där an der Vakanz op Malta fréizäiteg d'Fruchtblos geplatzt ass. Déi maltesesch Dokteren hu wéinst dem strengen Ofdreiwungsverbuet op Malta awer refuséiert anzegräifen. Obwuel de Puppelche keng Iwwerliewenschance méi hat an d'Fra eng liewensgeféierlech Bluttvergëftung riskéiert huet. Réischt no Verhandlungen a Protester krut d'Koppel schlussendlech d'Erlabnis, fir a Spuenien ze fléien an do ofzedreiwen.

Kloer, dat do si spezifesch national Hannergrënn. Mä se weisen, wéi fragil Biergerrechter, soi-disant Acquisen an enger opgekläerter, moderner Gesellschaft bleiwen. Och d'Pandemie huet, wéi schonn dacks gesot gouf, d'Auere vun der Chancëgläichheet zréckgedréit. An duerfir ass et richteg a wichteg, datt zanter e Freideg haart an däitlech géint dat protestéiert gëtt, wat an Amerika geschitt ass a sech zu der Selbstbestëmmung vun der Fra bekannt gëtt. Vu Washington, iwwer Neiséiland, Paräis bis op Lëtzebuerg, wou en Dënschdeg e Sit-In virun der amerikanescher Ambassade war an d'Chamber sech symbolesch mat grousser Majoritéit nach emol zum aktuelle Gesetz bekannt huet. Obschonns, datt ee sech als Parlament zu eppes bekennt, wat jo u sech gesetzlech verankert ass... Naja.

De Planning familial huet sech dës Woch de franséischen Iwwerleeungen ugeschloss a fuerdert, datt d'Recht op Ofdreiwung misst an der Verfassung verankert ginn. Souwäit si se an der Chamber net gaangen. Et ass och éischter onprobabel, datt dëse Volet nach an déi iwwerschafften Texte mat afléisst. Op d'mannst genee sou wichteg wier a mengen Aen um Terrain am Alldag weider Efforten ze maachen, fir datt d'Selbstbestëmmung vun der Fra keen eidelt Wuert ass. Dozou gehéiert och den illimitéierten, fräien Accès zum Contraceptiounsmëttel vu senger Wiel fir jiddereen, egal wéi al een ass. De Rappell, och vun de Majoritéitsvertrieder an der Chamber dës Woch, datt dat u sech am Koalitiounsaccord virgesi war, ass vläicht en Ureiz dëse Punkt nach virun den nächste Walen an d'Realitéit ëmzesetzen. Wichteg wier et all Zäit. Och fir nach emol z'ënnersträichen, datt d'Familljeplanung oder eben net Privatsaach ass a ee sech vu kengem muss Lektiounen unhéieren.