D'Debatt ëm d'erneierbar Energie krut mat de rezenten Entwécklung nees neie Wand an d'Seegelen, ma wann een de Leit elo zielt, de russeschen Invasiounskrich wier och eng Chance fir dee méi séieren Ausbau vun den erneierbaren Energien, ass dat Augenwischerei, fënnt d'Anne Wolff.

Commentaire vum Anne Wolff

Spéitstens mam Krich an der Ukrain gëtt d'Diskrepanz tëscht grénger Ideologie a Realpolitik a punkto Energiefroen offensichtlech. Mir schwätzen iwwer gréng Energie, stinn awer lo virun der realer Gefor, nächste Wanter ouni russesche Gas do ze stoen an eist Doheem net hëtzen ze kënnen, oder dofir ganzt deiert Geld mussen ze bezuelen. Och wa Lëtzebuerg net um selwechte Gasnetz hänkt wéi Däitschland, d‘Stroumpräisser wäerte wuel weider klammen, well Stroum och aus Äerdgas produzéiert gëtt.

D'Energie- Visioun vun der EU ass ambitiéis:

Kee Verbrennungsmotor méi vun 2035 un, 40 % erneierbar Energie bis 2030. Zu Lëtzebuerg ginn et Primme fir Elektroautoen an den Energieminister Claude Turmes war leschte Samschden an eisem Background voller Optimismus, wat d'Baue vu Wandmillen ugeet. Souguer de Problem mam roude Milan hätt ee geléist. Alles Gréng, alles super?

Wuel net grad.

D'Wandmille produzéieren zwar Stroum, ma nach feelt de meeschte Stéit d'Wärmepompel, fir aus deem Stroum Hëtzt ze maachen, d'Liwwerzäite sinn extrem laang, also keng Léisung fir haut a muer.

Kloer ass och, dass e puer Wandmillen oder Solarzellen de Stroumbedarf net decken, scho guer net, wann am beschte jidderee soll elektresch fueren. D'Diskussioun ëm déi gréng Energien ass ideologesch opgelueden, awer dacks wäit ewech vun aktuelle Konditiounen.

Am Géigesaz zu der Lëtzebuerger Politik huet d'EU dat an hirer Taxonomie mëttlerweil och festgestallt, an d'Konsequenz ass e Kompromëss tëscht Machbarkeet a politeschem Kouhandel: Gas an Atomkraaft gëllen elo offiziell als nohalteg, an ob d'mannst de Gas kéint jo deemnächst zimmlech rar ginn.

Permanent Panne wéi heivir an der Atomzentral zu Cattenom suergen awer net grad derfir, dass ee säi Kapp a Rou leet, an och den Uran kënnt zu engem gudden Deel vun engem russesche Konzern an aus dem alliéierte Kasachstan.

Wat d'Endlagerung vum radioaktiven Offall ugeet, ass Atomkraaft effektiv nohalteg, an zwar nohalteg problematesch. D'Verspriechen, déi de Jonke gemaach goufen, sinn da fir méi spéit, wann et vläicht ze spéit ass

Wann et dann heescht, de positiven Aspekt vum Krich wier de méi séieren Ausbau vun den erneierbaren Energien, ass dat en Argument, wat net nëmme moralesch diskutabel ass.

Op Westeuropa kéint en ellenen Hierscht a Wanter duerkommen, well fir de Moment schéngt eng Äntwert op d'Energiefro leider éischter wéi de Choix tëscht Pescht a Cholera.