An Europa gëtt eng Penurie u Gas gefaart. Net nëmmen de Gaspräis explodéiert, mä och dee fir Elektresch.

D‘Inflatioun klëmmt, net all mä eng Partie Betriber an ëmmer méi Biergerinnen a Bierger maachen sech seriö Suergen. An d‘Regierung wäert Krämpes hunn, Léisungen ze fannen, déi effikass a gläichzäiteg ze finanzéiere sinn. Gouvernéieren ass den Ament alles anescht ewéi einfach an awer erwaart de Pierre Jans sech e bësse méi vu Bettel a Co.

De Commentaire vum Pierre Jans

E Peak vun der Inflatioun mat 8,7 Prozent am Januar: Déi neiste Previsioune vum Statec ze liesen, dat mécht engem Bauchwéi.

Och der Ekonomie, wéi et schéngt.

Déi huet den Duerchfall, fir et e bëssen méi nobel ze soen, wéi de Patronatsvertrieder Michel Reckinger gëscht no der Entrevue mat der Regierung.

Mä en huet Recht.

Fir net an der Fäkal-Metaphorik ze bleiwen: Eet ass eng schlecht Situatioun fir jiddereen. Verschidde grouss Entreprisen komme besser doduerch. Räicher pickt et vläicht manner. Mä Leit mat méi niddrege Revenuen an och de Mëttelstand an d‘Mëttelschicht trëfft et haart.

E Restaurateur, deen d‘Dëscher eigentlech ëmmer voll huet, huet éinescht betount, eng Indextranche kéint en nach ausbezuelen. Muss e warscheinlech och dëse Wanter. Weiderer wären eigentlech net ze verkraaften.

Wärend seng Clienten, déi sech ëmmer manner reegelméisseg Entrée-Plat-Dessert kënne leeschten, dréngend méi wéi eng ausbezuelten Tranche bräichten. D‘Tauxen um Prêt klammen. Gas- a Stroumrechnunge kaschten duebel sou vill. Op der Pompel deet et wéi an och am Supermarché. D‘Paie stagnéieren dogéint.

D‘Mesurë vum Staat, fir Betriber a Stéit z‘entlaaschten, musse gläichzäiteg cibléiert sinn - fir dass se déi richteg treffen – a large genuch, well d‘Präisdeierecht sech méi séier an der Gesellschaft verbreet ewéi Omicron.

Et dierft keng Tabuen ginn, kreativ misst ee sinn. Op d‘Nofroen, wat dat heescht, reagéiert de Premier Xavier Bettel leider passiv-aggressiv. Tripartiteverhandlunge sinn zwar wuel delikat. Mat méi Transparenz wéissten d‘Leit awer op d'mannst, wou se dru sinn a wat do hanner zouenen Diere soll beschwat ginn. Wéinstens d‘Volleksvertrieder misste méi mat agebonne ginn.

Den Usproch un d‘Tripartite, se misst jiddereen zefriddestellen, ass warscheinlech och ze héich.

Ma ee Joer virun de Walen wäert d‘Regierung sech druginn, de Mesurëpak nees als grousse Succès ze verkafen - Stéchwuert Iwwerkompenséierung - an dann op e Placebo-Effekt hoffen: Wann d‘Leit gleewen, dass se gehollef kréien, geet et hinne besser.

Dat wär awer e Feeler. Well vill Leit spieren, dass se méi lues trëppele mussen. An an eiser Iwwerflossgesellschaft ass Verzicht awer net virgesinn. Net an dëser Gesellschaft. Net an dësem System, deen op Wuesstem baséiert. Stagnatioun wär net gutt.

Et mécht Bauchwéi