D'Ried zur Lag vun der Natioun an de Budgetsprojet suerge sécher fir Kritik a Frust bei verschiddene Leit a bei der Oppositioun. Zum Deel zu Recht, well laang falsch Akzenter gesat goufen a ginn. Mä zum aneren Deel si Fuerderungen, fir ëmmer méi ze hunn, effektiv weder realistesch nach verantwortlech. Wann een éierlech ass, war u sech net méi vun der Regierung z'erwaarden. De Fränz Aulner bedauert dat a sengem Commentaire.

Budget / Commentaire: François Aulner

Eng Steierreform mat Entlaaschtunge bis an d'Mëttelschicht ass wéinst der héijer Inflatioun absolut legitim. Leider huet d'Regierung Recht, wann se virun enger imminenter Rezessioun warnt a wéinst dem schlechten Zoustand vun de Staatsfinanzen elo keng deier Reform wëll acceptéieren. Souguer d'LSAP, déi jo Drock gemaach huet, kuscht elo a léisst sech mat "schrëttweis" klenge Steiermesurë vertréischten. D'Blo-Rout-Gréng Regierung huet och Recht, wa se seet, dass d'Covidkris an d'Energiekris deier waren a sinn. D'Kritik vun der CSV, et wier net genuch op d'Säit geluecht ginn, ass op der anerer Säit awer och valabel. Genee ewéi d'Kritik, datt d'CSV selwer, wéi se virun 2013 um Rudder war, mat der Strenz gefuer ass. U sënnlosen Ausgaben huet et an engem Budget nach bal ni gefeelt.

D'successiv Regierungen hunn zanter Joerzéngten d'Land un ëmmer méi an ëmmer méi gewinnt. Well d'Strenz ze vill agesat gouf an ni oder net genuch un de richtege Schrauwe gedréint gouf, liewen haut awer e puer "happy few" ganz wäit an eng iewescht Mëttelschicht wäit iwwert hire Verhältnisser (soe mer déi 3 iewescht Quintillen oder d'Groussbesëtzer). Net just finanziell, mä och materiell. D'ënnescht Mëttelschicht (déi 2 ënnescht Quintillen) struewelt iwwerdeems. Scho guer net ze schwätze vun de Leit, déi an enger Situation de privation matérielle sinn.

Elo stellt sech eraus, datt de Staat finanztechnesch iwwert senge Verhältnisser fonctionéiert. Dat schonn iert d'Rezessioun ageschloen huet an iert d'Party um Immobiliëmarché méiglecherweis geschwënn eriwwer ass. D'Land ass ëmsou méi vulnerabel, well säi Wuelstand quasi integral vun der Banken-, Fongen- an Assurancëplaz finanzéiert gëtt. Nach méi ofhängeg ass Lëtzebuerg da bei senger Energieversuergung. Well wann et haart op haart kënnt, keeft ee mat Suen näischt méi. E Krich ass amgaangen a riskéiert z'eskaléieren an et riskéiert net deen eenzege Wanter ze sinn, wou Energie muss gespuert ginn. Gläichzäiteg verbraucht de Grand-Duché am internationale Verglach méi Energie pro Awunner.

Wéi wa Krich, Energiekris, Klima- a Biodiversitéitskris net scho genuch Laascht op déi nächst Generatioune wier, mussen déi nach eng déck Schold ausläffelen, iwwerdeems se nach musse kucken, wéi se mat Sozialkeese wäerte mussen ëmgoen, déi wéinst der Veralterung vun der Gesellschaft laangfristeg och an den Defizit rëtschen. Fir realistesch, solidaresch an nohalteg ze sinn, misst eng Steierreform u sech just déi entlaaschten, déi nach net dat Wesentlecht hunn. Zum Thema "wat ass wesentlech" suggeréieren ech d'Lecture vum Economist John Maynard Keynes. Déi aner misste progressiv mat manner eens ginn. D'Regierung huet puer positiv Akzenter gesat (mat Mesurë fir déi ganz Schwaach a fir d'Energietransitioun ze fërderen), mä dat geet bei Wäitem net duer.

Wéinst de schlechte finanziellen an ekonomesche Perspektiven, de Scholden, den Ongläichheeten, den Ofhängegkeeten an dem ze groussen ekologesche Foussofdrock schéngt e Systemwiessel ëmmer méi inevitabel. Datt deen elo ee Joer virun de Walen nees verréckelt gouf, wonnert keen. Ëmmerhin hunn déi successiv Regierung ëmmer nees virun onpopuläre Mesurë gescheit, well si warscheinlech zu Recht dovunner ausginn, datt d'Wieler se bestrofen, wa se déi onpopulär, mä néideg Mesuren ergräifen. Déi néideg Verännerunge gëtt et effektiv net zum Nulltarif, mee ouni Verännerunge gëtt et nach méi deier.

Elo ass emol Kris an duerno Walen. Hoffentlech weess déi nächst Regierung, wat ze maachen ass.