Gratis Schoulbicher, gratis Kannerbetreiung, gratis Schouliessen, gratis ëffentlechen Transport, da komme nach Primme fir de Vëlo, den Elektroauto an d’Elektroborne fir doheem. A da gouf nach an der leschter Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel annoncéiert, dass de Staat d’Käschte fir eng Fotovoltaikanlag bei all nei Konstruktioun iwwerhëlt. D’Politik gëtt sech – och nach elo an der Kris – spendabel. Wéi sënnvoll ass dat, freet sech d’Monica Camposeo a sengem Commentaire.

De Commentaire vum Monica Camposeo

Vun all deene Saachen, déi hei am Land gratis sinn, profitéiert forcement jiddereen. Oder jidderee kéint dat op d'mannst. Prinzipiell ass et egal ob aarm oder räich.

Et ginn awer zwou Kategorië vu Gratis-Mesuren. Déi, wéi zum Beispill an der Educatioun, déi zwar jidderengem ze gutt kommen, mä déi och e gewëssen Iwwerfloss oder souguer Verschwendung als Niewewierkung hunn. Schoulbicher si méi laang gutt wéi just ee Joer, déi kann ee da verkafen oder verschenken, oder sech se selwer gebraucht besuergen. Dat verbraucht manner Ressourcen an déi Jonk léieren, dass ee Saachen esou laang kann a soll benotzen, wéi se nach gutt sinn.

Op eng parlamentaresch Fro vu November 2020 äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch, dass d’Unzuel vun de Bongen, déi ugefrot ginn, wann ee Bicher net wëll nei bestellen, erofgaangen ass. Nämlech vun 26.500 Bonge bei der Rentrée 2018/19, op knapp 8.000 bei der Rentrée 20/21. An der Moyenne géing e Stot 212 Euro pro Kand spueren. Verkaf goufen awer bal 260.000 Bicher...

Bei der Kannerbetreiung héiert een elo scho vu Maison Relaisen, dass Elteren hir Kanner net méi ofmellen. Well hinne jo näischt méi ka verrechent ginn. D’Iessen, dat ageplangt ass, lant dann am Drecksbac. Gratis Kannerbetreiung maach eng gutt Iddi sinn a sécherlech profitéieren dovunner och vill Familljen, déi et wierklech brauchen. Mä d’Gratis-Politik promouvéiert leider awer och d’Mentalitéit vum Iwwerfloss.

Bei der zweeter Kategorie u "Kaddoen" profitéieren déi Leit, déi et u sech net onbedéngt brauchen. En "nice to have", méi net. Zum Beispill bei de Primme fir d’Elektroautoen. Muss eng Persoun, déi sech schonn e neien (!) Auto leeschte kann, nach finanziell gehollef kréien? Ech versti jo, dass et ëm den Ureiz geet. Manner Verbrenner, méi Elektro. Mä ëmmer alles nei kafen, kann och net d'Léisung sinn. Do ass de gratis ëffentlechen Transport wéinstens koherent. Egal vu wiem déi gratis Mesure genotzt gëtt, et ass gutt fir déi déi doduerch Sue spueren. An och fir déi, déi weider musse mam Auto fueren, well doduerch da manner Leit mam private Won d'Stroosse fëllen.

Déi lescht Gratis-Annonce vum Premier, nämlech déi vun der Fotovoltaikanlag op all Daach, gehéiert och an déi zweet Kategorie. Och wa vum produzéierte Stroum d’Allgemengheet eppes huet, profitéiere finanziell jo awer Leit, déi souwisou schonn zu deene Gléckleche gehéieren, déi et sech trotz abstruse Logementspräisser kënne leeschten, ze bauen. Zitat aus der Ried vum Premier Xavier Bettel: "Nodeems de Staat d'Käschten iwwert d'Stroumproduktioun amortiséiert huet, kritt de Proprietär d'Anlag geschenkt."

Doriwwer eraus ass Verschenken eleng vum Prinzip hier ëmmer d’Verantwortung ofhuelen. Déi aner Persoun kritt eppes, egal ob se dat wëll oder net. De Staat sollt éischter mat méi sozialen a gerechte Mesuren dofir suergen, dass déi Leit, déi tatsächlech wéinst der Inflatioun a Schwieregkeete kommen, gehollef kréien. Mesurë fir Leit ze maachen, fir déi "schwéier Zäiten" bedeit, dass se eemol d'Woch manner an de Restaurant ginn, ass just Walkampf.

Déi Energie kéint een éischter fir strukturell an déifgräifend Ännerunge notzen. Fir um Logementsmarché duerchzegräifen zum Beispill oder fir eng Steierreform mam Stéchwuert "Ëmverdeelung" ze maachen. Da bréicht ee nämlech näischt méi geschenkt ze kréien, mä et kéint ee sech vu senger Paie och eppes leeschten.

*Mat "Gratis" ass selbstverständlech gemengt: Mat Steiergelder finanzéiert!