D’Absurditéit vu verbëtzte Vaccinen

© RTL
Zu Lëtzebuerg goufe bis ewell méi wéi 78.000 Dosisse vu Corona-Vaccinen zerstéiert, well se ofgelaf waren. Dat huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert d'lescht Woch op eng parlamentaresch Fro vun de Pirate geäntwert. An dat ass leider keen Eenzelfall. A villen anere Länner uechter d'Welt gëtt zanter Méint masseweis Impfstoff ewech geheit. Eng pervers Situatioun, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Commentaire.
Lëtzebuerg ass effektiv net dat eenzegt Land, dat dausenden ofgelafen Impfdosissen zerstéiert. D'Schwäiz huet lescht Woch annoncéiert, ganzer 9 Milliounen ofgelafen Impfdosisse mussen ewechzegeheien. Uganks nächst Joer kéimen der nach eng Kéier 5 Milliounen derbäi. An och a villen anere Länner si scho Milliounen där klenger Fläschelcher an der Poubelle gelant.
Zu Lëtzebuerg ass deemno Impfstoff am Wäert vu ronn 1,4 Milliounen Euro verbëtzt ginn. Alles Steiersue wuel gemierkt. A wien ass Schold? Der Madamm Lenert no natierlech déi aner.
An hirer Äntwert schreift si, dass een d'Vaccinen immens laang am Viraus hätt musse bestellen, wéi ee villes nach net wosst. Dorënner och, ob den Impfstoff um Enn iwwerhaapt géif um europäesche Marché zougelooss ginn, wéi gutt e géif wierken a wat et dee Moment vläicht nach un anere Vaccine géif ginn. Derbäi kéim, dass ee vun de Produzente forcéiert gi wier op d'mannst eng gewësse Quantitéit u Vaccin ze kafen, egal ob een dës wierklech gebraucht hätt oder net.
Gutt, zum Zäitpunkt wéi déi éischt Impfstoffer op de Maart komm sinn, war et jo effektiv deels eng immens oniwwersiichtlech Situatioun. An haut soll et fir eis jo wannechgelift nëmmen nach dee aktuellsten a beschten Impfstoff sinn, esou dass kee méi déi al Vaccine wëllt.
Déi däitsch Regierung argumentéiert deementspriechend dann och ganz kloer, dass ee verschidden Zorte Vaccin akaaft hätt, fir jidderengem, dee wëll geimpft ginn, och kënnen en Impfstoff unzebidden. Déi logesch Konsequenz doraus wier, dass um Enn Vaccine missten ewech geheit ginn.
An och wann een dat alles versteet, schéngt et dach awer esou falsch, dass an eise Breedegraden diskutéiert gëtt, den x-te Booster ze sprëtzen a Milliounen Dosissen oflafe gelooss ginn, wärend op anere Plazen op der Welt mol nach net jiddereen eng éischt Dosis kritt huet. Effektiv ass um afrikanesche Kontinent och haut nach nëmmen all 5. Persoun eng éischte Kéier géint Covid geimpft.
A genau dat stéiert mech. Hätten déi räich Länner vun der Welt éischter zougelooss, dass och Vaccinen u méi aarm Länner verkaaft ginn, respektiv och éischter Impfstoff dohi gespent, géife mir hei elo net op esou engem risegen Iwwerschoss sëtzen an d'Mënschen op der ganzer Welt hätten haut schonn op d'mannst eng Basis-Protektioun.