Wei wäit dierf eng Protestaktioun goen, fir op sech opmierksam ze maachen?

Dës Fro gouf an de leschte Woche besonnesch bei eisen Noperen an Däitschland enorm gereizt an emotional debattéiert. Dat nodeems ënner anerem zwou Klimaaktivistinnen mat Tomatenzopp op een Van-Gogh-Bild geheit hunn, grouss Verkéiersachsen an Däitschland blockéiert- oder Chantiere besat goufen - am Numm vum Klimaschutz. D’Annick Goerens huet sech dozou seng Gedanke gemaach.

Commentaire Ziviler Ungehorsam / Annick Goerens

Déi Däitsch schwätze vun zivilem Ungehorsam oder op Englesch civil disobedience. Wärend sech d’Klimakris mat ëmmer méi Intensitéit an eisem Alldag weist an eskaléiert, bleiwen déi politesch Mesuren, fir d’Äerderwiermung ze bremsen, nach ëmmer wäit hannert deem zeréck, wat misst gemaach ginn. Net just hei am Land – mee weltwäit. Dobäi sinn déi Gréng Deel vun dëser Regierung, ma och si si mat der haarder Realitéit konfrontéiert: Wéi kënne mer wieder hëtzen ouni russesche Gas? Mat Elektroautoe fueren, wann de Stroum ëmmer méi deier gëtt? Oder aus dem Atomstroum erausklammen, wa mer net wëssen, wou genuch gréng Energie fir all Mënsch soll hierkommen an enger Gesellschaft, déi ëmmer méi consomméiert?

Resultat: Hoffnungslosegkeet a souguer Defaitismus bei der jonker Generatioun. An dat weist och – et geet ëm méi wéi existenziell Froen. Dëse Sträit, ëm wat erlaabt ass, ass och e Konflikt vu Generatiounen.

Fridays for Future an d’Greta Thunberg sinn net virukomm an elo schloe vill Jonker méi radikal Weeër a mat Gruppéierunge wéi Extinction Rebellion, Ende Gelände oder Letzte Generation.

Sinn dës Aktiounen wierklech ze radikal oder awer ubruecht?

Wéini ass et legitim an acceptabel, d’Gesetz ze briechen, am Numm vun enger sougenannter “higher cause”, also engem iwwergeuerdente gudden Zweck?

Ech sinn kee Philosoph a groussen Denker a gräifen dowéinst, genee wéi den däitsche Journalistekolleeg Bernd Ulrich vun der Zeit, elo gären op een Essay zeréck vum Jürgen Habermas aus den 80er Joren, mam Titel "Ziviler Ungehorsam – Testfall für den demokratischen Rechtsstaat”. Och zu där Zäit goung et ëm existenziell Froen, nämlech e méiglechen Atomkrich. Den Habermas leet quasi dräi grouss Reegele fest, wéini et souzesoen legitim ass, fir d'Gesetz ze briechen, fir op eng Cause opmierksam ze maachen. Éischtens muss d'Aktioune gewaltfräi sinn. Zweetens musse sech déi Leit, déi mat hiren Aktioune Gesetzer briechen, der Justiz stellen an hir Strof a Kaf huelen. An drëttens dierf d’Zil vum Protest “net erzwonge” ginn. Et dierf ee just versichen, d’Leit zum Ëmdenken ze beweegen.

Mat Symbolik - also zum Beispill Tomatenzopp op een Van Gogh-Bild geheien - erreecht een, dass d’Gesellschaft ophält am Hamsterrad ze dréinen an tatsächlech opmierksam gëtt. Wann ee sech da senger Strof stellt, respektéiert een op d'mannst de Rechtsstaat. Ze soen, dës Aktiounen si “kriminell”, "Klimaschutzterrorismus" oder komplette Blödsinn, ass a mengen Aen net de richtege Wee. Well grad do plädéiert den Habermas dofir, dass ee sech d'Cause, also den héijen gudden Zweck, ukuckt. An dësem Fall ass et net ofzestreiden, dass de Klimawandel eng Katastroph fir d’Mënschheet ass an dass mat all Dag weider Zäit vergeet, fir eppes ze veränneren. Dorop opmierksam ze maachen – och mat radikale Moyenen - ass dofir a mengen Aen, ënnert de genannte Konditiounen vum Habermas, komplett legitim. Op verschidden Aktiounen heiansdo sënnvoll sinn, dat ass eng aner Fro. Mä et gëtt diskutéiert an d’Leit ginn aus hirem Train-train an hirer Lethargie geholl - wann et och just ass, fir sech opzereegen. An op d’mannst dat muss een den radikale Klimaschutz-Aktivisten ze gutt halen.