Ënnert der aktueller Situatioun um Wunnengsmaart leide vill Leit, dorënner disproportionell Auslänner mat klenge Revenuen, wärend anerer profitéieren.

D'Logementskris trëfft Fraen och anescht wéi Männer. Si sinn statistesch gesi méi dacks elengerzéiend a spieren den Impakt vun héije Wunnkäschten doduerch méi staark, ma si sinn och méi dacks Affer vun haislecher Gewalt. Et ass awer net sou einfach, fir aus abusive Situatiounen doheem eraus ze kommen. An d'Politik ass net op der Héicht, fënnt d'Fanny Kinsch a sengem Commentaire.

Enn leschter Woch hunn 71 Fraen op eng Plaz an engem Fraenhaus gewaart. Wa si bis Plaz an engem Refuge fannen, da mat der Aussiicht, datt si wärend Méint, wann net Joren, do hänke bleiwen, meeschtens mat Kanner. D'Situatioun riskéiert, sech nach weider ze verschäerfe mat héijer Präisdeierecht, also Verloscht vu Kafkraaft, an dem Risiko vun enger Rezessioun. Etüden aus den USA weisen, datt finanziell onsécher Zäiten zwar d'Konfliktpotential a Famillen an d'Luucht setzen, d'Zuel vu Scheedungen awer erofgeet. D'Leit kënne sech et einfach net leeschten auserneen ze goen.

Virun deem Hannergrond wierkt der Chancegläichheetsministesch Taina Bofferding hir Ausso, et géing keen am Stach gelooss ginn, scho bal zynesch. Si verweist op d'Wegweisung, ma gëtt et dann eng Garantie, datt d'Affer eng Plaz am Refuge kritt, wann déi no 2 Wochen eriwwer ass? Noutfalls sollen d'Affer vun haislecher Gewalt dann an engem Hotel ënnerbruecht ginn, wa se am Fraenhaus keng Plaz kréien. Eng weider Etapp, op där een dann op ondefinéiert Zäit mat senge Kanner hänke bleift. Dat kann et jo kaum méi einfach maachen fort ze goen.

Firwat ass eigentlech och nach net méi geschitt, fir de Fraen eng Perspektiv iwwert d'Fraenhaus eraus ze bidden? De Fuerschungsinstitut LIH weist schonn 2015 drop hin, datt d'Fraen zanter Joren ëmmer méi laang an de Fraenhaiser bleiwen, well se keng Alternativ hunn.

Natierlech sinn et net just Affer vu Gewalt am Stot, an domat zum gréissten Deel Fraen, déi duerch d'Situatioun um Wunnengsmaart an Noutstrukturen hänke bleiwen. Dat Schicksal deele se mat anere vulnerabele Gruppen. D'Flüchtlingsheemer sinn iwwerfëllt, well déi Leit, déi de Statut scho kruten, keng Wunneng fannen. Leit a finanziell schwierege Situatioune riskéieren, op der Strooss ze landen, well se keng Locatiounswunneng fannen, huet d'Croix-Rouge d'lescht Woch nach gewarnt.

D'Refom-Pläng vun der Regierung, un deene jo déi selwecht Taina Bofferding als Inneministesch matgeschafft huet, wäerte wéineg dorun änneren. D'Grondsteier wäert och an Zukunft homeopathesch bleiwen, bis d'Spekulatiounssteier op eidelen Terrainen iergendeng Wierkung weist, wäert et nach Joren daueren, en plus gëtt se ausser Kraaft gesat, wann ee Kanner huet, och d'Taxe op eidel Wunnenge wäert nach laang op sech waarde loossen an deene Mannste wéi doen. A mat der Reform vum Loyersgesetz, dat Kritiker vun alle Säiten als kontraproduktiv bezeechnen, kënne virun allem mol d'Loyere vun ale Wunnengen an d'Luucht goen.

Et wier och net d'Zil, datt d'Loyeren erofginn, seet de Logementsminister Henri Kox. A verweist op d'Loyerssubventiounen. Vun deenen déi grouss Majoritéit vun de betraffene Leit net wëssen, datt et se gëtt, respektiv datt si se kënne kréien, respektiv wéi se sech uleeën. Et muss een dofir och d’éischt iwwerhaapt mol eng Wunneng fannen. Net ze vergiessen, datt et och e psychologeschen Impakt huet, wann ee fir eppes muss bei de Staat heesche goen, dat eigentlech e Recht ass.

D'nächst Joer si Walen an elo kéint een soen, datt dat eng Geleeënheet wier, fir déi, déi ënnert der asozialer Wunnengspolitik vu Bofferding, Kox a Co leiden, fir aner Politiker ze wielen. Ma Flüchtlingen dierfen net wielen. Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit sinn eng Minoritéit ënnert de Locatairen. An och bei den Affer vu Gewalt am Stot, déi offiziell Hëllef sichen, sinn d'Lëtzebuergerinnen ënner representéiert - Femmes en détresse no haten 2020 zwee Drëttel vun den Affer net d'Lëtzebuerger Nationalitéit. Wat sech vläicht op d'mannst zum Deel doduerch erkläert, datt vill Auslännerinnen e manner grousst soziaalt Netzwierk hunn an net zum Beispill d'Elteren hei am Land hunn, bei deene se zur Nout kënnen ënnerkommen. Oder déi nach déi eng oder aner Wunneng an der Locatioun hunn, bei där se da kënnen Eegennotzen umellen.

Et sinn also net just d'Fraen, déi am Stach gelooss ginn. Ma et ass nach e bësse méi dramatesch, am Stach gelooss ze ginn, wann een doheem mësshandelt gëtt.