De Lëtzebuerger sozio-ekonomesche Modell stéisst ëmmer méi u seng Grenzen. En ass net nohalteg an et profitéieren ëmmer manner Leit dovunner. A sengem Commentaire schwätzt sech de Fränz Aulner dofir aus, eng Troika, oder eng wëssenschaftlech Ekipp ze beoptragen, bannent 5 Joer déi Reformen z'ënnerhuelen, déi d'Lëtzebuerger Politik an d'Gesellschaft offensichtlech selwer net hikréien.

Commentaire vum François Aulner

Spéitstens lo wou Russland de Krunn zougedréint huet, misst ee verstanen hunn, datt Lëtzebuerg iwwert senge Verhältnisser lieft. D'Land importéiert quasi 100% vu sengen Energien, deels aus dem wäiten Ausland. D'Offensiv vun der Regierung, fir op erneierbar Energie ëmzestellen, kënnt – trotz grénger Regierungsbedeelegung – ze spéit a geet net wäit genuch. Well d'Land weider wiisst. Well d'Land muss weider wuessen. Well souguer déi, déi menge se wéilten net méi wuessen, wëlle weider wuessen. Well se wëllen de materielle Wuelstand an d'Sozialkeesen, déi mer haut hunn. Den Index, deen de Kafkraaftverloscht duerch d'Inflatioun kompenséiert, geet de Gewerkschaften net duer, well déi wëllen, datt d'Kafkraaft gestäerkt gëtt. Egal, wa Lëtzebuerg am Duerchschnëtt eent vun de Länner ass, wou am meeschte verbraucht gëtt.

Mä jo, wéi gesot, profitéiert scho laang net méi jiddereen hei am Land oder aus de Grenzregioune vun deem süchtege System. Et geet net jidderengem gutt. Duerch Aarbecht eleng kann ee sech keng Wunneng méi leeschten a muss deemno méi wäit wunne goen a méi am Stau stoen. Dat ass ebe sou, well déi, déi d'Chance hunn eng Wunneng ze hunn, wëlle kapitaliséieren an hunn net gär, wann nieft hinne gebaut gëtt. Dovunner ginn op jidder Fall d'lokal Politiker aus an dacks si jo dat och eis national Vertrieder. Si limitéieren dowéinst dacks, wéi vill nei Wunnengen op engem Terrain gebaut kënne ginn an huele léiwer a Kaf, datt d'Land anzwousch anescht versigelt gëtt. Nei Citéë gi wäit vun den Aarbechtsplaze gebaut an och wann de grénge Bauteminister méi Infrastruktur baut ewéi säi Virgänger vun der CSV, sou kënnt déi dem Wuesstem eben ni no, well mir kenne jo d'Rapiditéit vun de Prozeduren, vum Bau an iwwregens vun allem wat hei op Schinne fiert.

Fir d'Versigelung ze verhënneren, wëll d'Regierung sech virhuelen, datt bis 2050 net méi versigelt gëtt, mä gëtt sech d'Moyenen net, fir méi dicht ze bauen, wou däerf gebaut ginn. Déi nei Quartieren um Kierchbierg si manner dicht bebaut ewéi déi al Quartiere vun der Stad. Fir eppes géint de Logements-Manktem ze wierken, proposéiert d'Regierung da puer Reformen, notamment géint d'Spekulatioun. Mä nees aus Angscht virum eegene Schiet, de Wieler, ginn déi net wäit genuch.

Dat stëmmt dann och a Punkto Steiersystem. Do ass d'Politik sech net ze schued, fir d'Mëttelschicht zyklesch auszepressen andeems d'Barèmen net un d'Präisdeierecht ugepasst ginn, mä op der anerer Säit geet se zum Beispill net un Exoneratioune fir Aktie-Geschäfter, well dat der Finanz- Fongen- an Assurancë-Plaz oder dem UHNWI jo kéint schueden. An déi wiere jo d'Mëllechkou. Eng Kou vun där awer net jiddereen hei am Land eppes huet.

Dowéinst misst een d'Reformen, déi d'Land brauch, 5 Joer laang engem Team Wëssenschaftler, vläicht enger Zort Troika iwwerloossen. 5 Joer méi spéit wier d'Relatioun tëscht Besteierung vum Revenu vun der Aarbecht an anere Revenue méi gerecht, ouni datt d'Finanzplaz ganz ofgebaut gëtt. D'Aarbecht an d'Handwierk géinge sech lounen. Diskrepanzen tëscht Beamten an Net-Beamten an tëscht de Beamte selwer wieren nees novollzéibar. De Pensiounssystem géing laangfristeg finanziell opgoen. D'Land hätt just nach 4 Gemengen a Wunnenge géingen no bei der Schaff gebaut ginn. D'Ofhängegkeet vu Wuesstem a vun ëmmer méi Konsum wier op e Minimum erofgeschrauft.

Vläicht géing et mat Leit vu Bausse klappen? Well mir selwer schéngen dozou net méi fäeg ze sinn ...