
Zanter en Dënschdeg ass bekannt, wien dëst Joer op een Oscar hoffe kann. An domat ass och gewosst, datt déi Lëtzebuerger Co-Produktioun "Corsage" mat der Schauspillerin Vicky Krieps net nominéiert ass. De Skandal ëm den Haaptacteur Florian Teichtmeister huet déi lescht Woche fir vill Diskussioune gesuergt a wërft vill Froen op, fënnt d’Claudia Kollwelter am Commentaire.
Viru gutt zwou Woche gouf bekannt, datt d’Police beim éisträicheschen Schauspiller zéngdausenden Dateie mat kannerpornografeschem Material fonnt huet. Den Teichtmeister ass ugeklot a kritt den 8. Februar zu Wien de Prozess gemaach. Doropshin gouf de Schauspiller vum Wiener Burgtheater entlooss an de Film "Corsage" gouf an Éisträich aus all de Kinosprogrammer erausgeholl. Ob déi Affär de Grond ass, wisou d’Lëtzebuerger Koproduktioun net fir en Oscar nominéiert ass, doriwwer léisst sech just spekuléieren. Ma d’Fro stellt sech allgemeng, wéi een a sou Fäll virgoe soll oder muss. Kann een eng Perséinlechkeet vun engem Konschtwierk trennen? Ass dat an der Filmbranche iwwerhaapt méiglech? Soll oder muss e Film an déi ganz Crew, déi do derhannert stécht, soit-disant mat bestrooft ginn?
Fest steet, datt d’Virwërf géint de Florian Teichtmeister zolidd sinn an een déi op kee Fall kleng rieden dierf. D’Léisung ass a mengen Aen awer trotzdeem net, e Film op Grond dovun zum Beispill net méi an de Kinoen ze weisen. De Fall ass bekannt an als Äntwert dorop kéint ee sech zum Beispill virstellen, datt e kuerze schrëftleche Statement virun der Projektioun vum Film an de Säll gewise gëtt, mat där ee sech positionéiert respektiv vum Schauspiller distanzéiert.
A genee dat huet och d’Regisseurin vum Film Marie Kreutzer gemaach an déi kriminell Dote vum Schauspiller schaarf verurteelt. Déi Faite solle kengeswees vertuscht oder ignoréiert ginn. Mä kann een d’Konscht, hei de Film, net vun dem Kënschtler, hei den Acteur, trennen a béides eenzel beurteelen? Et ass jo am Endeffekt un der Justiz ze urteelen an net un der Konscht. An et ass och eppes aneres ze soen, datt een esou eng Persoun net méi engagéiert, wéi alles ze zenséieren, an deem de Kënschtler bis dato ze gesinn oder ze héieren ass.
Filmer oder Musek vum Woody Allen, Kevin Spacey oder R. Kelly ginn jo och nach bis haut gewisen oder gespillt – vläicht gi se no de Skandaler vu villen anescht opgeholl oder beurteelt - mä dat bleift da jidder eenzelem iwwerlooss. Et gëtt sécherlech keng ideal Léisung, fir mat sou Fäll ëmzegoen. Et ze thematiséieren, ouni alles ze zenséieren, ass awer mol en éischte Schratt.