"Mir fanne kee Personal." E Saz, deen an all Mond an an all Ouer ass. Bis 2030 brauch Lëtzebuerg 300.000 nei Leit fir ze schaffen, schätzt d'Unioun vun den Entreprisen. Vill Employeure gesi schwaarz, wéi dat soll geléngen. Um Aarbechtsmaart ass bëssen de Wuerm dran an de Problem gëtt vun Dag zu Dag méi akut, mengt de Pit Everling.

D'Brasserie sëtzt voll bis op de leschte Stull, an dat all Dag. Trotz Appetit an Duuscht beim Konsument struewelt de Chef a weess net, ob et nach laang geet, well e kee fënnt, dee ka kachen, wëll spullen, oder deen d'Coupure am Zerwiss zäitlech hikritt.

Commentaire vum Pit Everling

Am Horeca-Beräich, allgemeng am Handwierk, awer och am sou wichtege Gesondheets- a Fleegesecteur ass de Problem séier identifizéiert. Trotz Bevëlkerungswuesstem feelt et u Leit fir ze schaffen. Qualifizéiert- awer och onqualifizéiert Personal ass rar. Dëst ass e globalen, awer virun allem e westlechen an europäesche Problem. Och Lëtzebuerg ass staark concernéiert.

D'Grënn sinn divers. Bei déi generell international Phenomener komme Lëtzebuerger Spezifizitéiten derbäi. Do ass natierlech d'Populatioun, déi ëmmer méi al gëtt. Wéineg Aktiver sti ville Pensionnairë géintiwwer. Dat geet laangfristeg net op.

Nei Beruffer maachen de klasseschen Tâchë Konkurrenz. Mat Corona hunn d'Prioritéite vun de Leit changéiert. Stéchwuert "work-life balance". Generell huet d'Astellung zur Schaff bei ville Leit geännert, wat een deels och ka verstoen.

Déi mannst sinn nach bereet, sech fir wéineg Geld d'Fangere knaschteg ze maachen, Nuets ze drummen, oder Sonndes.

En anere Facteur ass d'Formatioun: Bildung ass natierlech den A an O. Dofir hu vill Jonker an de leschte Joerzéngte vill Schoulofschlëss gemaach, oder kritt. Ma déi manuell Beruffer zum Beispill goufe lénks leie gelooss, net wäertgeschat, d'Resultat ass eng flagrant Penurie.

Zu Lëtzebuerg kënnt nach dat méi speziellt Phänomen derbäi, datt d'Job-Offeren am ëffentleche Secteur deem engen oder anere privaten Employeur nawell ferm ze schafe maachen. Mä dat ass nach en anert Thema an och beim Staat a bei de Gemenge feelt et u Leit.

Wien elo op de Chômage verweist, huet natierlech op den éischte Bléck Recht. Ma d'Demandeurs d'emploi bréngen dacks leider net déi richteg Qualifikatioune mat, fir déi fräi Plazen ze besetzen.

De Chantier ass also grouss a komplex an iergendwann riskéiert dat ganzt gesellschaftlecht Konstrukt fatzeg ze wackelen.

Wéi an anere Länner ass zu Lëtzebuerg déi eenzeg méiglech Léisung d'Immigratioun, dat zënter Joerzéngten.

Ma de Grand-Duché verléiert dobaussen un Attraktivitéit. Déi héich Salairë kréien den deiere Logement an déi schlecht Verkéiers-Situatioun ëmmer manner opgefaangen. Anerwäerts gëtt net geschlof. Vill europäesch Noperen hunn änlech Problemer a schaffen hir eege Strategien aus, fir Leit unzelackelen.

Lëtzebuerg brauch also dréngend e Plang. Nei modern Aarbechtsmodeller, eng attraktiv Remuneratioun och bei private Patronen, e besseren Equiliber tëscht dem ëffentlechen an dem private Secteur, eng nohalteg Logementspolitik mat abordabele Wunnméiglechkeete fir Leit vun hei a vu baussen, an natierlech e schlëssegt Mobilitéitskonzept.

Natierlech kléngt dat alles no engem Dram. Trotzdeem dierf ee gespaant sinn, ob d'Politik d'Urgence wierklech erkennt an ob sech iergendwellech gescheit Iddien an de Walprogrammer vun de Parteie wäerten erëmfannen.