Dëst Joer gëtt eng nei Chamber gewielt – iwwer 260.000 walberechtegt Lëtzebuerger sinn opgeruff a véier Bezierker 60 nei Deputéiert ze wielen. Dobäi kann ee sech froen, ob 40 Deputéiert net géingen duergoen, fënnt d'Fanny Kinsch a sengem Commentaire.

De Commentaire vum Fanny Kinsch

D'Lëtzebuerger sinn an der Chamber staark iwwerrepresentéiert, am Verglach zu den Nopeschlänner. An Däitschland ginn et iwwerdeems aktuell parteiiwwergräifend Efforte, fir de Bundestag méi kleng ze maachen. Dat ënnert anerem fir d'Käschte vum Parlament anzeschränken. Och mat 30 oder 40 Deputéierte wier d'Chamber nach ëmmer verhältnisméisseg grouss. Ma dat géing warscheinlech un der Aarbecht an der Chamber net vill änneren.

Wéi d'Zuele weisen, ginn d'Deputéiert zwar ganz gewëssenhaft an d'Chamber, am Duerchschnëtt hunn d'Volleksvertrieder déi lescht 3 Joer just 5 Prozent vun de Sëtzunge verpasst. Verschidden Deputéiert hu sech an där Zäit awer kaum zu Wuert gemellt. Verschidden Deputéiert déi net sou dacks geschwat hunn, hu vill parlamentaresch Froe gestallt, awer nach laang net all. Eenzel Deputéiert hunn zanter de leschte Wale keng eng Question parlamentaire gestallt.

Dat sinn natierlech just quantitativ Donnéeën a seet nach net vill iwwert d'Qualitéit vun der Aarbecht aus. An awer, wann et sou wéi sou ëmmer déi selwecht Deputéiert sinn, déi sech aktiv an der Chamber abréngen, kann een dovun ausgoen, datt d'Aarbecht och zu manner ze leeschte wier. D'Ressourcen, déi doduerch gespuert ginn, kéinten zum Beispill fir eng weider Professionaliséierung vun der Politik genotzt ginn a méi wëssenschaftlech a spezialiséiert Mataarbechter fir d’Chamber – den 1. Pouvoir – anzestellen. D'Depense vun der Chamber louchen 2021 bei 46,2 Milliounen Euro, dovunner knapp 15 Millioune fir d'Deputéiert an hir Mataarbechter.

Mam Reduzéiere vun de Chambermandater op 40 Sëtz géingen och aner Reforme Sënn maachen. Et kéint een en eenzege Walbezierk aféieren. Et kéint een d'Duebelmandater ofschafen, déi aktuell iwwert en Drëttel vun den Deputéierten hunn. Duebelmandatairen hunn déi lescht 3 Joer manner wéi hallef sou dacks d'Wuert an der Chamber geholl wéi d'Deputéiert déi keng Responsabilitéit als Buergermeeschter oder Schäffen hunn. Si kéinte sech spezifesch op hiert Gemengemandat konzentréieren.

Manner national Mandatairë muss och net manner Representativitéit heeschen. Fir de Gemengesyndikat Syvicol ass d'Schafe vun enger zweeter Chamber vun de Gemengevertrieder d'Konditioun fir d'Ofschafe vun den Duebelmandater, fir déi lokal Representativitéit an der Politik z'erhalen. Alternativ kéint ee sech och d'Schafe vun engem Biergerrot virstellen, bei deem eng méi grouss sozio-ekonomesch Representativitéit kéint garantéiert ginn. Bei de Gemengewalen dierfen Auslänner sech zwar aschreiwen, wat awer ëmmer nach eng Hürd ass déi vill Leit dovun ofhält. Donieft si grad op Gemengenniveau nach ëmmer Männer staark iwwerrepresentéiert.